Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Büchel: Protestaktioun géint atomare Rüstungswettlaf
Money Neiegkeeten

my parents are against dating

D’Campagne “Krieg beginnt hier” an dat interregionaalt Friddensnetzwierk “QuattroPax” ruffen den

hook up light switch
Wat fir e Wäert huet en Benevolat hautdesdaags nach?
Money Neiegkeeten

Wat fir e Wäert huet en Benevolat hautdesdaags nach?

Ënnert Benevolat verstinn ech all Zorte vu fräiwëllegen Déngscht. Vum Engagement

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?
Money Neiegkeeten

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?

Während sech um Virowend vum Nationalfeierdag de Gros vun den

money

Déi lénk gesinn och zu Lëtzebuerg e parallelt Finanzsystem

Déi lénk gesinn och zu Lëtzebuerg e parallelt Finanzsystem

Dat am Kader vun de „Paradise Papers“ – wat eng logesch Suite zu de Panama Papers, Swiss-Leaks a Lux-Leaks ass – „Lëtzebuerg net erwähnt an awer Bedeelegt“ ass, wéi et vun déi lénk an hirem Communiqué vun der leschter Woch heescht, muss ee Begrënnen.

Et wier also elo mat de „Pabeieren aus dem Paradäis“ op e neits erwisen, datt et e parallelt Finanzsystem gëtt, dat et de Superräichen an transnationale Konzerner erméiglecht déi Steieren ze spueren, déi eigentlech de Länner a Regierunge sollten erlaben: Infrastrukturen (Schoulen, Stroossen, …) Soziales (Wunnengen, Altersheimer, …) Ëmwelt (Energietransitioun, ëffentlechen Transport, …) ze finanzéieren.

Leit an Entreprisen also, déi fir gewéinlech mam Fanger op de Chômeur oder de Bezéier vu Sozialhëllef weisen, an dëse gären als Parasit vun der Gesellschaft presentéieren. Déi Räich an d‘transnational Konzerner sinn et awer, déi wann se all legal Méiglechkeet notzen, déi se mat ganz héijen Investitiounen an de Lobbyismus selwer bei de Regierungen duerchgesat kruten, déi de wierkleche Problem duerstellen.

An déi lénk hunn och richteg erkannt, datt Lëtzebuerg bei dësem Skandal net ernimmt ginn ass. Richteg erkannt hunn se dann awer och, datt eis Finanzplaz en Deel vum Problem ass. Si werfen der Regierung dann och vir sech effektive Léisungsusätz ze widdersetzen.

Net Milliounen, mee Milliarden

An de genoss ze kommen an de „Paradise Papers“ erwähnt ze ginn, heescht allerdéngs richteg Räich sinn, ee puer Millioune ginn dofir net duer. Trotzdem huet déi Lénk richteg erkannt, datt wann ee ganz vill Geld huet, ee bestoend Steiergesetzer a gesetzlech Virschrëften zimlech liicht ëmgoe kann. Dat beweisen déi Informatiounen déi sech aus de „Paradise Papers“ zéie loossen androcksvoll.

Fir déi lénk läit de Problem dann och bei der globaler Elite aus Politik a Wirtschaft, déi dëse System mat opgebaut hunn, toleréieren an ënnerhalen. Hei gëtt also grousse wäert drop geluecht, d‘Geld vun ënnen no „uewen“ ze verdeelen.

De Witz ass um Enn dann awer datt d‘Allgemengheet, déi jo zu gudder Lescht de Schued ze droen huet, sech och hirer politescher Verantwortung entzitt. Ëmmerhin ass et jo d‘Allgemengheet déi sech fir déi Leit entscheet déi Gesetzer erloossen, vun deenen déi Profitéieren déi der Allgemengheet schueden. Kléngt verréckt an dat ass et och. Wann d‘Schéier tëscht Aarm a Räich ëmmer méi ausenaner geet, dann huet dat och mam politesche Choix vun der Allgemengheet ze dinn.

Lëtzebuerg sollt et besser maachen

Wann déi lénk elo selwer och keng direkt Verbindung tëscht de „Paradise Papers“ a Lëtzebuerg hierstellen, esou schéngen se awer iwwerzeegt, datt eist Land iergendwéi bedeelegt ass. Si verweisen dann och op dat vum Spiegel „opgedeckte“ Firmegeflecht dat sech de VW-Konzern zu Lëtzebuerg opgebaut huet.

Dat selwecht mécht Nike an Holland, an Apple an Irland, fir nëmmen déi als Beispill ze ernimmen. Elo also ëmmer déi eege Regierung zur Rechenschaft ze zéien, ass zwar d‘Roll vun enger Oppositiounspartei, kann awer als ze kuerz Geduecht betruecht ginn. Gutt ass et dann dierfe festzestellen, datt de Problem als eppes „Globales“ erkannt ginn ass, an et esou och nëmmen eng global Léisung ka ginn.

Déi lénk gesinn dann och an, datt eenzeg déi ëffentlech Meenung zu enger staarker Oppositioun ka féieren. Nëmme wann den Drock op d‘Politik kontinuéierlech verstäerkt gëtt kann een do en Ëmdenken erbäiféieren. Zousätzlech kéint een awer och emol selwer als Konsument, onofhängeg vun der Politik, konsequent an deels radikal säi Kafverhale veränneren.

Ähnlech Sujeten déi lénk, Lëtzebuerg, Paradise Papers, Steierflucht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel