Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Den Dave huet alles gemaach fir net krank ze ginn, mee dir net!“
Neiegkeeten

„Den Dave huet alles gemaach fir net krank ze ginn, mee dir net!“

Den David W. Nagy ass ee vun 7.948 Doudesaffer, déi

Barcelona prouft den Opstand
Neiegkeeten

Barcelona prouft den Opstand

Um Mëttwochowend ass et zu Barcelona fir den drëtten Dag

Galerie: American Roadrunners Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Galerie: American Roadrunners Lëtzebuerg

All Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAE

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi

Immigratioun méi bedeitend wéi Gebuerten

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi

Zum éischte Januar vun dësem Joer huet Lëtzebuerg 590.667 Awunner gezielt. Dat sinn 11.159 méi wéi d’Joer virdrun. Nëmmen 2.083 dovunner sinn duerch Gebuerte bäikomm. Déi aner 9.446 erginn sech duerch d’Awanderung.

Dëst verréit déi aktuell Statec REGARDS Publikatioun vum 10. Juli. An dorausser geet och ervir, datt d’Lëtzebuerger 52,3% vun der Bevëlkerung ausmaachen. D’Auslännesch Matbierger kommen op 47,7%, also 281.497 Awunner. Dovunner kommen der 85,4% aus den aneren EU-28 Länner, woubäi Portugal dat gréisste Stéck vum Kuck kritt. Si maachen 34,4% vun der auslännescher an 16,4 vun der gesamter Awunnerzuel aus.

Lëtzebuerger méi al am Duerchschnëtt

Eng wieder interessant Zuel ass, datt d’Lëtzebuerger am Duerchschnëtt méi al sinn, wéi hier auslännesch Matbierger. Bei de Männer sinn d’Lëtzebuerger mat 40,3 duerchschnëttlech 3,6 Joer méi al wéi d’Auslänner (36,6 Joer). Bei de Fraen sinn et der souguer 6,2 Joer (43 Joer vis a vis vun 36,8).

Ween e Bléck op d’Evolutioun vun den Zuele wërft, gesäit datt Lëtzebuerg scho säit Jore ganz zolidd wiisst.

Onschwéier ze erkennen ass, datt op mannst säit den 2000er Tendenz nach weider klëmmt. Interessant ass dann och, datt sech d’Geschlechterverhältnes an de läscchten 16 Joer ëmgedréint huet:

Bäizefügen ass dann nach, datt béid Zuelen erop gaange sinn.

We gäere méi zum Thema Weltbevëlkerung liese wëll, fir deen hu mer passen zum Welt-Populatiounsdag en Artikel prett.

Sourcen

Foto: Tristan Schmurr (CC-BY 2.0)

Grafiken: Christine Klauner

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Populatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel