Obamacare: Republikaner ginn d’Gesetz einfach net lass
Am Kongress haten d‘Republikaner gëschter nach déi allerbeschte Laun an
Am Kongress haten d‘Republikaner gëschter nach déi allerbeschte Laun an
Um freie Mëtteg huet eise Premierminister, Staatsminister a Minister vun
E jonke Mann vun 21 Joer muss fir 12 Joer
Laut der OECD sinn zu Lëtzebuerg d’Schüler iwwerduerchschnëttlech resilient. Domat si Schüler gemengt, déi trotz hire soziale Benodeelegungen gutt am PISA-Test ofgeschnidden hunn. Den OECD-Duerchschnëtt läit bei 29,2%, während Lëtzebuerg nëmmen op 17% kënnt an d’Entwécklung éischter lues viru geet. D’CSV-Deputéiert Martine Hansen renseignéiert sech an enger parlamentarescher Fro beim Bildungsminister Claude Meisch (DP), wourunner et leie kéint.
De Claude Meisch weist doropper hin, datt zu Lëtzebuerg virun allem de sozioökonomeschen Hannergrond e groussen Afloss op d’Resilienz vu Schüler huet. Laut der OECD-Studie gëtt et am Moment nëmmen een Element, wat do eng positiv Auswierkung op dee Faktor huet: d’Ausstattung vun de Schüler mat Computer an Tablettë.
Déi aner Faktore goufen am Fall vu Lëtzebuerg als “not significant”, wat hiren Afloss ugeet, agestuuft. Aner Faktore wiere beispillsweis d’Disziplin an d’Feele vu Schüler. Kee vun deene Faktoren gouf als en negativen Afloss am Groussherzogtum ageschat. Lëtzebuerg ass zesumme mat Israel dat eenzegt Land bei dëser OECD-Etüd, wou d’Ausstattung mat digitalem Aarbechtsgeschir esou gutt ass, datt se e positiven Effekt op d’Resilienz huet.
Am Verglach mat den Nopeschlänner fält op, datt an Däitschland a Punkto Disziplin an ausserschoulesch Aktivitéiten e gréissere positiven Afloss ze fannen ass. Ähnleches gëllt fir d’Belsch, wou zousätzlech d’Zuel vun de Schüler, déi reegelméisseg feelen, méi kleng ze si schéngt.
Vir am Kader vum Schoulentwécklungsplang eppes ze änneren, géif et allerdéngs un de Schülerzuele feelen, fir wierklech vill iwwert d’Resilienz auszesoen, esou de Minister a senger Äntwert. Dat heescht awer net, datt een näischt maache wëll. Souwuel d’Aféierung vum Schoulentwécklungsplang, wéi och d’Erweiderung an d’Diversifizéierung vum Schoulugebuet sollen hei weider hëllefen. International ausgeriichte Schoulformen, nei Sektiounen an d’Schafe vu Kompetenzzentren fir Schüler mat besonnesche Bedierfnesser sollen hei eng positiv Entwécklung erméiglechen. De Minister verweist och op sougenannten Innovationsprojeten, déi ënnert anerem am digitale Beräich ze fanne wieren.