Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGFP mat éischter Kritik u Regierungserklärung
how is carbon dating used to determine the age of a fossil https://moien.lu/how-to-find-out-if-your-boyfriend-is-on-dating-apps/

co znaczy mentally dating

Knapp zwee Méint no de Chamberwahlen, huet de Premierminister Xavier

dating in bangalore marathahalli
how is carbon dating used to determine the age of a fossil https://moien.lu/how-to-find-out-if-your-boyfriend-is-on-dating-apps/

De Bolsonaro „spillt“ mam Feier

Zanter Wochen hänken eekeleg Dampwolleken iwwert der Stad Rio Branco.

Verschwierungstheorien sinn net harmlos, mee eng déidlech Gefor, déi net ignoréiert sollt ginn
how is carbon dating used to determine the age of a fossil https://moien.lu/how-to-find-out-if-your-boyfriend-is-on-dating-apps/

Verschwierungstheorien sinn net harmlos, mee eng déidlech Gefor, déi net ignoréiert sollt ginn

Verschwierungstheorie kënne flott sinn. Virun allem vu bausse betruecht offenbaren

money

Wa Lëtzebuerg seng Kompetitivitéit wëll stäerken, muss sech eppes doen

Wa Lëtzebuerg seng Kompetitivitéit wëll stäerken, muss sech eppes doen

D‘Handelskummer huet sech mat der Editioun 2018 vum „World Competitiveness Yearbook“ (WCY) vum Schwäizer Institut IMD (International Institute for Management Devlopment) ausenaner gesat. Hei gëtt d‘Plaz vu Lëtzebuerg ënnert de performantsten Ekonomien opgedeckt.

Mat senger 11. Plaz am Generalklassement, confirméiert Lëtzebuerg eng vun de kompetitiivsten Ekonomien ënner 63 Länner ze hunn. Wat sech net schlecht unhéiert, muss een awer relativiséieren. Lëtzebuerg huet dann och géintiwwer dem Virjoer dräi Plaze verluer, fir nees um „Stand vun 2016“ ze stoen. D‘Konkurrenz schléift net, an misst een sech entspriechend ustrengen.

D‘Progressioun vun 2017 war vu kuerzer Dauer, bedauert een op der Handelskummer, woubäi et a ville Beräicher ganz gutt gelaf ass. D‘Land behält de Leadership bei: „direkt international Investissementer“, „Export vun Déngschtleeschtungen“, oder dem „Räichtum pro Awunner“. Och de Wuesstem vun der Aarbechtskraaft, an de niddrege Chômagetaux, sinn eng gutt Basis.

Et misst een hei berécksiichtegen, datt dëse Wuesstem essentiell „quantitativ“ ass, wat den duebelen Effet huet, datt et net déi duerchschnëttlech Liewensqualitéit vun de Bierger hieft. Déi wier bedreet duerch de Mangel u Logementer, enger schlechter Infrastruktur, an der bestoender Gehälterpolitik. Dat sinn dann awer d‘Atoute, déi fir e qualitative Wuesstem gebraucht ginn.

Kompetitivitéit

An esou verléiert Lëtzebuerg un Attraktivitéit fir nei a jonk Talenter. Et kéint och fiskalesch besser sinn, a mat bei Digitaliséierung vun der Ekonomie oder der Produktivitéit muss nogebessert ginn. Dat ergëtt sech aus der Etüde vun IMD, mee och den Ëmfroe bei de Patronen.

D‘USA stinn 2018 op der 1. Plaz vum IMD-Klassement, gefollegt vun Hong Kong a Singapur. Net schlecht dann och d‘Resultater vun Holland, der Schwäiz (déi vum Podium gefall ass), Dänemark, de vereenegten arabeschen Emirater an Norwegen. Déi zwee lescht genannte klamme jeeweils ëm 3 Plazen. Op EU-Niveau läit Lëtzebuerg op der 7. Plaz.

Wirtschaftlech Performance

Wat déi wichtegst Piliere vun der Kompetitivitéit betrëfft, esou bleift déi wirtschaftlech Performance vu Lëtzebuerg mat enger 4. Plaz zolidd, och wann een hei ëm 1 Plaz ofgerëtscht ass. Den internationalen Handel an déi international Investissementer sinn déi zwee Atouten op déi sech Lëtzebuerg berifft fir sech seng Plaz am Klassement ze sécheren.

Kompetitivitéit

Am „Emploi“ verbessert sech Lëtzebuerg op konjunkturell, mee gläichzäiteg entsti strukturell Problemer. Déi symptomateschst: d‘Baisse vum BIP pro Awunner. Dat bedeit dann och e Verloscht fir déi national Wirtschaft. Dozou kënnt, datt d‘Positioun vum Land och doduerch geschwächt gëtt, datt d‘Inflatioun nees erwächt ass, an d‘Präisser fir Wunn- oder Aarbechtsraum ze héich sinn.

Wéi gutt ass d‘ëffentlech Hand?

D‘Effikassitéit vun de „Pouvoirs Publics“ ass dann och scho fir dat zweet Joer a Folleg an d‘Gette gaangen, heescht am Communiqué vun der Handelskummer. D‘Performance bei den ëffentleche Finanzen ofhëlt ass wuel kuerzfristeg kee Grond zur Suerg, mee et misst een awer laangfristeg en A op de Pensiounssystem behalen.

Kompetitivitéit

Et ass dann och an éischter Linn d‘Fiskalitéit fir d‘Entreprisen, déi d‘Kompetitivitéit kéint behënneren. De fiskale Konkurrenzkampf tëscht de Länner verschäerft sech, an do ginn d‘Investisseure besonnesch uecht drop. Hei läit Lëtzebuerg dann och op enger schlechter 44. Plaz, wat un der Besteierung läit, déi däitlech iwwert der Moyenne geleeën ass.

D‘Geschäftsëmfeld

Am Kontext vum „Geschäftsëmfeld“ verléiert Lëtzebuerg zwou Plazen an lant op Plaz 8, obwuel d‘Ekonomie ganz produktiv bleift. Mee d‘Ekonomie, esou d‘Handelskummer, stagnéiert, wat et anere Länner erlaabt opzeschléissen. Esou huet Lëtzebuerg am Beräich „Produktivitéit an Effizienz“ direkt emol fënnef Plaze géintiwwer dem Virjoer agebéisst.

Kompetitivitéit

Schold dorunner wier de Retard an de Mangel u qualifizéierter Aarbechtskraaft am Digitalen. D‘Entreprise wiere beméit, duerch d‘Praxis vun der Gestioun, dësem Mangel ze begéinen. Et wier dann och de Finanzsecteur deen d‘Ekonomie géif weiderhin no Uewen zéien. E Secteur deen awer duerch déi héich Salairen a senger Kompetitivitéit bedreet wier.

Ongenügend Infrastrukturen

Lëtzebuerg, géif an de Beräicher „Technologie“ (Plaz 32) a „Wëssenschaft“ (Plaz 23) mat enger ongenügender Infrastruktur kämpfen. Deem géinteniwwer, ka Lëtzebuerg op eng grouss Zuel vu Brevete blécken. Den Ekosystem vun der Fuerschung an der Innovatioun koexistéiert mat der Schwieregkeet beim Rekrutement vun den digitale Kompetenzen.

Kompetitivitéit

Et misst och méi zesummegeschafft ginn. Dat bei der Technologie, an der Educatioun vun de Wëssenschaften. Eng weider Erausfuerderung wier den ekologeschen „Ofdrock“. Hei geschitt dann awer, och wann et sech net am „World Competitiveness Yearbook“ erëmfanne léist, ganz vill. Et muss natierlech uecht gedoe ginn, wéi ee wirtschaftlech wuesse wëll.

Laut dem IMD sinn déi véier Attraktivitéitsfacteure vu Lëtzebuerg géintiwwer 2017 zimlech onverännert bliwwen, et handelt sech heibäi ëm: déi politesch Stabilitéit; d‘Dynamik vun der Wirtschaft; dem geschäftsfrëndlechem Ëmfeld; an der kompetitiver Steierpolitik. Dat legaalt Ëmfeld wier dann awer besser wéi den Accès zu Finanzéierung.

Kompetitivitéit

Lëtzebuerg muss sech 2018 fënnef Erausfuerderunge stellen:

  • Entwécklung vun engem nohaltege Wuesstem, deen op d‘Produktivitéit ausgeriicht ass, sech awer op d‘Strategie vun der drëtter industrieller Revolutioun stëtzt;
  • D‘Salariat op déi numeresch Ekonomie, virbereeden, forméieren a sensibiliséieren, an och déi digital Innovatioun an de klengen a mëttelgrousse Betriber ënnerstëtzen;
  • Déi staatlech Gouvernance méi effikass gestalten an eng Entrepreneurdynamik mëttels enger vereinfachter Administratioun favoriséieren;
  • E bessert Environnement fir „Start-Ups“ schafen an de Entrepreneursgeescht stimuléieren;
  • Signifikativ d‘Offer um Wunnengsmaart auswäiten, fir der Demande gerecht ze ginn.

D‘Konklusioun vun der Handelskummer

Mir sinn op internationalem Niveau kompetitiv, wéi et um Wuelstand vum Land festzemaachen ass. Entgéint aneren Ekonomië baséiert dat net op grousse Reserve vun natierleche Ressourcen oder der Wirtschaft. Lëtzebuerg verfüügt dann iwwert e sëllechen Atouten, wourënner seng Finanzplaz, säin Déngschtleeschtungssecteur a seng Integratioun am internationalen Austausch gehéieren.

Déi lescht Editioun vum WCY, an där Lëtzebuerg net méi ënnert den „top ten“ figuréiert ass dann awer eng gutt Geleeënheet sech déi richteg Froen ze stellen. Huet déi ambitiéis Politik vum der Wirtschaftsentwécklung d‘Moyenen sech Erfollegräich duerchzesetzen?

Dëse Klassement wéist vill Raum fir Verbesserungen op. D‘Innovatioun, besonnesch am digitale Beräich, d‘Formatioun vun enger ugepasster Aarbechtskraaft, d‘Attraktivitéit fir d‘Talenter, an d‘Käschte vun der Kompetitivitéit, op um Niveau vun der Fiskalitéit oder de Salairen.

Als privilegiéierte Partner vun der Regierung, fir d‘Asetze vun enger Politik déi enger kompetitiver Ekonomie favorabel ass, weist d‘Handelskummer drop hin, datt et muss méi séier virugoen. Allem Uschäin no, schéngen „aner“ Länner hei besser virunzekomme wéi dat hei de Fall ass. Et misst een also zweemol esou séier Lafen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Ekonomie, Handelskummer, Kompetitivitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel