Search

You may also like

Vill Affer bei Äerdbiewen an Indonesien
Neiegkeeten

Vill Affer bei Äerdbiewen an Indonesien

Déi indonesesch Autoritéiten hunn e Méindeg matgedeelt, datt no engem

Trump Interview: Europa ass de „Géigner“
Neiegkeeten

Trump Interview: Europa ass de „Géigner“

Eigentlech ass Däitschland ëmmer d‘Zil vum Donald Trump senge verbalen

Corona-Moossnamen: Jo zu méi Virsiicht am ëffentleche Raum, Nee zum Agrëff an d‘Privatsphär
Neiegkeeten

Corona-Moossnamen: Jo zu méi Virsiicht am ëffentleche Raum, Nee zum Agrëff an d‘Privatsphär

D‘ADR deelt d‘Suerge vun der Regierung ëm déi weider héich

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet

Méi Gerechtegkeet bei der Lounsteier, ass d‘Fuerderung déi d‘Zivilgesellschaft, d‘Gewerkschaften an och de Konsumenteschutz (ULC) schonn eppes méi laang der Regierung virhält. Richteg ass, datt jee nodeems a wéi enger Steierklass ee sech erëmfënnt, d‘Belaaschtung bis zum dräifache vum eigentleche Betrag fälleg gëtt. Elo soll sech eppes doen a Lëtzebuerg en neutrale Steiersaz kréien.

Eng Reform déi nach virun der nächster Legislaturperiod soll a Kraaft trieden, an zu enger eenzeger Steierklass féiere soll. De Finanzminister huet dann och bestätegt, datt schonn en Aarbechtsgrupp un der Saach drun ass. Laut dem Pierre Gramegna (DP) soll et e méi gerechte System ginn, deen d‘Situatioun vun de vulnerabelste Persounen, esou wéi d‘Kanner besser berécksiichtegt.

An dësem Kontext soll et dann och zu kompensatoresche Moossnamen an Transitiounsphase kommen. Et geet hei ganz däitlech dorëms, méi Transparenz a Gerechtegkeet fir jiddereen hierzestellen. En Debat an dëser Saach, kann et um Krautmaart scho bei der Diskussioun zur Besteierung vun de Celibataire ginn. Et schéngt esouguer eppes wéi Konsensbereetschaft ze ginn.

Related topics Pierre Gramegna, Steiergerechtegkeet, Steierklass 1A, Steierklassen, Steierreform
Next post Previous post