Search

You may also like

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News
Neiegkeeten

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News

Um Donneschdeg haten de Staatssekretär Camille Gira (déi gréng), an

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?
Neiegkeeten

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?

[onionbuzz quiz-id=3][/onionbuzz]

De 6. Mee ass nees Kulturnuecht zu Esch/Uelzecht
Neiegkeeten

De 6. Mee ass nees Kulturnuecht zu Esch/Uelzecht

Mat der 6er Editioun vun der „Nuit de la Culture“

Lëtzebuerg: eng Chance fir e friddlecht Liewen fir d’Flüchtlingen

Lëtzebuerg: eng Chance fir e friddlecht Liewen fir d’Flüchtlingen

Den 16. an 17. August huet Lëtzebuerg 43 syresch Refugiéen opgeholl. Dorënner 20 Erwuessener an 23 Kanner. Et ass dat de véierte Grupp u Flüchtlingen, déi direkt aus der Tierkei bei ons eng Chance fir e friddlecht Liewen erméiglecht kréien.

Entspriechend de dem Accord vum Mäerz 2016 tëscht der EU an der Tierkei, dee virgesäit, datt fir all Mënsch dee vu Griicheland an d‘Tierkei zeréckgeschéckt gëtt, een an der EU opgeholl ka ginn. An dësem Kontext war eng lëtzebuergesch Delegatioun am Juni op Istanbul gereest. Si haten sech op der Plaz mat vun der Agence vun de Vereenten Natioune (HCR) selektionéierte Persounen ënnerhalen.

E syrescht Kand bei Ankara an der Tierkei. D‘Situatioun vun de Refugiéen ass do därmoosse miserabel. Emol ganz ofgesinn dovunner, datt den tierkesche Staat sech net d‘Moyene gëtt de Leit eng Perspektiv ze bidden. Mir di gutt dorunner, net nëmme wéinst dem Accord, dem entgéint ze wierken. Loosst eis nees e Laachen an d‘Gesiichter vun de Kanner bréngen. (© Adem Altan/AFP)

Vetrieder vum Ausseministère an EU-Ugeleeënheeten, de Lëtzebuerger Büro vum Accueil an der Immigratioun (OLAI) an dem Gesondheetsministère hunn d‘Familljen um Fluchhafen empfaangen. D‘Opnam vun engem fënneften a leschte Grupp vu syresche Refugiéen ass fir den Oktober virgesinn.

mam Service Information Presse

Foto: Krichsrefugiéen am Camp zu Kilis (Distrikt vu Gaziantep am Südweste vun der Tierkei). (© Ozan Kose/AFP)

Related topics EU, Flüchtlingen, Syrien, Tierkei
Next post Previous post