Search

You may also like

geeksurprise
A Russland wëll d‘Regierung den Internet kontrolléieren
Neiegkeeten

A Russland wëll d‘Regierung den Internet kontrolléieren

Mam neie Gesetz gëtt sech déi russesch Regierung eng eegent

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee
Neiegkeeten

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee

Fir déi Lëtzebuerger Acteuren aus dem Informatiksecteur, dierft de Rapport,

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“
Neiegkeeten

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“

Um haidegen Donneschdeg gëtt déi vum Poopst versprachen, a vum

Lëtzebuerg soll den éischte Choix als Vakanzendestinatioun sinn

Lëtzebuerg soll den éischte Choix als Vakanzendestinatioun sinn

D’Restriktioune beim Reesen an d’Annulatioun vu ville Manifestatiounen hunn den Tourismussecteur schwéier getraff. Grad aus dësem Grond gëtt ee sech zu Lëtzebuerg all Méi, fir Vakanz Doheem attraktiv ze presentéieren, de verschidden Acteuren ënnert d’Ärem ze gräifen an Aktivitéiten an der Natur, wéi och d’Kultur ze fërderen.

Gëschter hunn den Tourismusminister Lex Delles an Acteuren aus dem Secteur um Webinar „Tourism Days – First Leisure Edition“ deelgeholl, fir esou e konstruktiven Echange zur Situatioun ze organiséieren. Fir eng gutt Relance ze garantéieren, ass een Tourismusfong an Héicht vun 3 Milliounen Euro ageriicht ginn. Donieft stinn och de lokale Maart, d’Promotioun vu Lëtzebuerg als touristesch Destinatioun, d’Digitaliséierung vun der touristescher Offer an d’Stäerkung vun den Investissementer vun der Qualitéit vun den Infrastrukturen am Fokus.

Zil ass et „eng nohalteg Erfarung ze bidden, déi op der Qualitéit vun der Offer berout.“ Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Fong gëtt Asbl’en gehollef, déi touristesch Attraktiounen an Infrastrukturen geréieren. Hieft een de lokale Marché ervir, da gëtt Lëtzebuerg net einfach als iergendeng Destinatioun, mee als éischte Choix gewielt.

Vakanzendestinatioun

(v.l.n.r.) Marianne Origer ; François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca; Linda Gedink, Generalsekretärin vu Camprilux; Annick Goerens; Lex Delles, Tourismusminister; Sebastian Reddeker; Martine Frieseisen © MECO

Zu all Ament mussen dobäi déi sanitär Moossname mat dëser Strategie anhir goen. „Eis staark Partnerschaft an déi effikass Kooperatioun mat den Acteuren aus dem Secteur bleiwe weiderhin Schlësselelementer vun eiser Tourismuspolitik“, sou de Minister Lex Delles.

Fir d’Linda Gedink, Generalsekretärin vu Camprilux, ass et besonnesch wichteg de Message vun der Sécherheet um europäeschen Niveau eriwwer ze bréngen. De Client muss Vertrauen hunn fir seng Auszäit am Groussherzogtum ze reservéieren. „Zuelräich Lëtzebuerger Campingen hu glécklecherweis eng trei Clientèle, déi aus Erfarung weess, datt eist Land propper a sécher ass, an datt d’Campingbedreiwer responsabel handelen.“

An dësem Kader huet de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca, ënnerstrach, datt d’Vakanz zu Lëtzebuerg an allen Regioune ee Pleséier ass. Mam Label „Safe to Serve“ gëtt dem Client déi gréisst méiglech Sécherheet an der Gastronomie gebueden. Et ass entscheedend eis eenzegaarteg Regiounen mat den noutwennege Sécherheets- an Hygiènesmesuren ze fërderen.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Annick Goerens; Lex Delles, Tourismusminister; Sebastian Reddeker © MECO

Related topics Camping, Camprilux, Covid-19, François Koepp, HORESCA, Lex Delles, Linda Gedink, Natur, Pandemie, Safe to, Sécherheet, Tourism Days – First Leisure Edition, Vakanz Doeem, Webinar
Next post Previous post