Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gewënnspill 2018: Eng Fläsch Gin gefälleg?
International Neiegkeeten

Gewënnspill 2018: Eng Fläsch Gin gefälleg?

Maacht mat a gewannt mat e bësse Gléck eng Fläsch

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas
International Neiegkeeten

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas

Op der Grenz tëscht Mexiko an den USA, hat et

Coronabuerg gräift duerch: Recommandatioun fir grouss Evenementer
International Neiegkeeten

Coronabuerg gräift duerch: Recommandatioun fir grouss Evenementer

Viru knapp 2 Wochen ass zu Lëtzebuerg den éischte Fall

Lëtzebuerg huet d’EU-Verbuet vun Insektizide matgedroen

E grousse Schrëtt géint d'Beiestierwen, esou déi gréng

Lëtzebuerg huet d’EU-Verbuet vun Insektizide matgedroen

De Bernie, déi opbloosbar Bei, déi vum Kollektiv Avaaz virun den EU-Gebaier zu Bréissel opgestallt gi war, däerf sech freeën. D’Europäesch Unioun huet sech decidéiert, dräi Neonicotinoiden ze verbidden. Dobäi handelt et sech ëm Pestiziden, déi geféierlech fir d’Beie sinn. De Verbuet betrëfft all oppenen Ubau a geschitt am Numm vum Schutz vun der Biodiversitéit an der Ëmwelt.

D’Decisioun gouf duerch eng qualifizéiert Majoritéit vun de Memberstaaten während engem technesche Komitee gestëmmt. 16 Memberen, den noutwennege Minimum, hunn hir Zoustëmmung ginn, esou Sourcen. Ënnert hinnen fënnt ee Frankräich, d’Vereenegt Kinnekräich, Däitschland, Spuenien Italien, Holland an och Lëtzebuerg.

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) schreift op Twitter: “Neonikotinoide: Knappe Mehrheit fuer ein Verbot der Insektizide, die Bienen schaedigen koennten. Luxemburg hat Verbot unterstützt. Ein guter Tag fuer den Naturschutz! Kampf gegen das Insektensterben muss weitergehen !”

“D’Kommissioun huet dës Mesure viru Méint proposéiert. Dëst op Basis vu wëssenschaftlechen Avisen vun er EFSA (European Food Safety Authority). D’Gesondheet vun de Beien war ëmmer vu gréisster Wichtegkeet fir mech, well se wichteg fir d’Biodiversitéit, Liewensmëttelhierstellung an d’Ëmwelt ass”, reagéiert de Kommissär fir d’Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet Vytenis Andriukaitis.

D’Zukunft vun de Substanzen mat den Nimm “Clothianidin”, “Imidaclopride” an “Thiaméthoxam” war zënter 2013 ongewëss. Do gouf et eng éischt Evaluatioun duerch d’EFSA, déi negativ ausgefall war. D’Substanze gräifen den Nervesystem vun den Insekten un.

Den Ausgang vun engem Verfahre viru Geriicht ass net ofgewaart ginn

2013 hat d’europäesch Unioun Restriktiounen fir d’Benotzen vun dëse Substanzen duerchgesat. Déi goufe viru Geriicht duerch zwee Gigante vun de Pestiziden, Syngenta a Bayer, ugegraff. Et sinn och hir Produiten, déi hei betraff waren. Den partielle Moratorium applizéiert sech op Kulturen, déi Beien unzéien – mat e puer Ausnamen. D’Europäesch Unioun huet also net den Ausgang vun der lafender Prozedur virum Geriicht vun der Europäescher Unioun ofgewaart.

Déi europäesch Agrikultur wäert ënnert dëser Decisioun leiden

Graeme Taylor

“Mam Riichtersproch, dee fir den 17. Mee erwaart gëtt, ass dëst eng virschnell Decisioun, déi schlecht unzegesinn ass, och wann se net onerwaart ass”, huet de Graeme Tayler vun der European Crop Protection Association gesot. “Et ass onglécklech, datt eng Decisioun geholl ginn ass, d’Benotzung vun esou fir d’Agrikultur wichtege Substanzen anzeschränken”, huet e gesot. Hie schätzt, datt d’Decisioun am Widdersproch mat rezente Etüden zur Disponibilitéit a Notzbarkeet vun Alternativen steet. “Déi europäesch Agrikultur wäert ënnert dëser Decisioun leiden”, esou den Graeme Taylor.

Mee fir d’Sandra Bell, vun der ONG Friends of the Earth, ass d’Erweiderung vum Verbuet “eng immens Victoire fir d’Beien an d’Ëmwelt am allgemengen”. Si appelléiert un d’Kommissioun, de Baueren beim opginn vun de Pestiziden ze hëllefen.

Et gëtt keen Iwwerliewen ouni Beien

“Eis Regierungen hunn endlech decidéiert, hire Bierger, der Wëssenschaft an der Landwirtschaft nozelauschteren. Si wëssen, datt Beien net mat dëse chemesche Produiten iwwerliewe kënnen an datt mir net ouni d’Beien iwwerliewe kënnen”, esou d’Antonia Staats vun Avaaz.

Dëst Verbuet ass e grousse Schrëtt géint d’Beiestierwen an eng ganz gutt Noriicht fir de Schutz vun eiser Ëmwelt a Biodiversitéit, och wann se laang iwwerfälleg ass.

Gérard Anzia

E weideren Echo kënnt aus der Chamber. De gréngen Deputéierten Gérard Anzia léisst an engem Communiqué wëssen: “Dëst Verbuet ass e grousse Schrëtt géint d’Beiestierwen an eng ganz gutt Noriicht fir de Schutz vun eiser Ëmwelt a Biodiversitéit, och wann se laang iwwerfälleg ass. Déi éischt Fuerderung no engem Verbuet vun den Neonicotinoiden staamt aus dem Joer 2008, wéi am däitschen Rheindall iwwert 11.000 Beievëlker gestuerwe sinn.”

mat AFP (ergänzt a gekierzt) mla/agr/sd

 

 

 

Ähnlech Sujeten Beien, Carole Dieschbourg, déi gréng, Europa, Insektiziden, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel