Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Nintendo gouf virun 129 Joer gegrënnt
Neiegkeeten

What the Fakt – Nintendo gouf virun 129 Joer gegrënnt

Ronn honnert Joer virun der éischter Spillkonsol SNES gouf d’Firma

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!
Neiegkeeten

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!

D’Gemeng Koplescht huet nees ee musikaleschen Highlight ze presentéieren, an

Schéisserei zu Las Vegas: 58 Doudeger
Neiegkeeten

Schéisserei zu Las Vegas: 58 Doudeger

Um Sonndegowend huet zu Las Vegas e Mann d‘op d‘Besicher

Lëtzebuerg wëll an Zukunft och aktiv a Konflikter agräifen

Mam Gesetzprojet 7325 gëtt de Prinzip „Friddensmissioun“ ad acta geluecht

Lëtzebuerg wëll an Zukunft och aktiv a Konflikter agräifen

Haut de Mëtteg gëtt an der Sëtzung vun der Kommissioun zur „Bannesécherheet a Verdeedegung“ e Gesetzprojet virgestallt, deen, esou zumindest d‘Siicht vum Deputéierte Marc Baum (déi lénk), zu engem Paradigmewiessel an de Lëtzebuerger Verdeedegungspolitik féiere kann a wäert.

Am Gesetzprojet 7325, sinn all d‘Ingredienten enthalen, déi d‘Bierger vu Lëtzebuerg sollte mat Suerg erfëllen. Esou zumindest d‘Intro vum Gary Diderich, deen unhand den Diskussiounen am Kontext vum NATO-Sommet 2014, net wierklech vun dësem politesche Virstouss iwwerrascht ass. Do ware méi Efforte vun de Memberlänner gefuerdert ginn, an och den US-President verlaangt vu jidderengem op mannst 2% vum PIB an d‘Oprëschtung vun de militäreschen Optiounen ze stiechen.

Consideréiert een an dësem Fall och déi nei „lignes directrices“ déi vun der virechter Regierung opgestallt gi sinn, weess een, datt dëst Zil vun 2% och wäert erreecht ginn. Zur Informatioun: 2009 huet de Budget fir militäresch Ausgaben nach bei 160 Milliounen Euro geleeën, fir 2019 sinn et 365 Milliounen – also praktesch 1 Millioun den Dag – déi elo an de Krich, an net méi wéi gewinnt, an de Fridden investéiert ginn. Zumindest ass deem esou, wann dëst ominéist Gesetz géif ugeholl ginn.

Wéi et vun déi lénk erkläert gëtt, soll de Budget fir d‘Defense, all Joers ëm 0,25% erhéicht ginn, bis der Fuerderung vum amerikanesche President entsprach gëtt. Domatter wäert um Enn méi Geld an d‘Arméi an hir Sous-traitante fléissen, wéi an d‘Kooperatioun an d‘Entwécklung. An dat ass elo och nëmmen de finanzielle Volet. Wéi gesot, et geet dëser Regierung net méi ëm Friddensmissiounen…

Statt Friddensmissioun elo Krisegestioun

Et muss een der Politik allerdéngs héich halen, dat se sech rhetoresch gutt opzestelle versteet. Géif se dat och esou mat der Bildung halen… mee bon mir schwäifen of. Esou wéi dëst Gesetz haut an der Kommissioun virgestallt gëtt, gëtt den Asaz vun eisen Zaldoten net méi op Friddensmissiounen, am Kontext vun internationalen Organisatioune wéi NATO, UNO oder EU beschränkt.

Laut der Interpretatioun vun déi lénk, soll mat dësem Gesetz de Wee opgemaach ginn, fir bei all méigleche Militärinterventioune kënne matzemaachen. Mat dësem Gesetz, ass eng Bedeelegung „un offensiven oder laut Vëlkerrecht illegale Kricher“ méiglech. Dat heescht datt d‘Regierung eis Zaldoten op „Krisemissiounen“ schécke kann, ouni datt et dofir e Mandat (UNO/NATO/EU) gëtt, an esouguer am Kader vu bilateralen Accorden, kann intervenéieren, wann engem duerno ass.

Zukunft

Net witzeg obwuel bosseg, aus den Erklärungen zum Gesetz ass ze enthuelen, dat d‘Vereenten Natioune grad wéi d‘Vëlkerrecht veraalt sinn, an eigentlech ofgeschaaft gehéieren. Gutt, wuertwiertlech steet dat esou net dran, mee „d‘Necessitéit ausserhalb vun all Mandat bei ënnerschiddlechen Zorte vun Operatioune kënnen Deel ze huelen“ léisst net vill Spillraum fir Spekulatiounen. Begrënnung: d‘Zouverlässegkeet géintiwwer de Partner demonstréieren.

Demokratesch Kontroll? Iwwerbewäert

Interessant am Gesetz, ass dann och déi Aart a Weis, wéi een déi demokratesch Kontrollorganer hei bausse vir léisst. Huet et laut Gesetz vun 1992 (dat jo nach Gültegkeet huet) nach d‘Zoustëmmung vum Staatsrot (Avis) a Presidentekonferenz (Consultatioun) wéi och der Chamber gebraucht, esou kann d‘Regierung dat elo ouni laangt palavers selwer entscheeden. Fir den Deputéierte Marc Baum ass et e fundamentale Broch mat eise Wäerter an en Zréck zu Clausewitz-Doktrin.

Wouriwwer ee sech bei dësem Gesetz awer lëschteg dierf maachen, ass net den Inhalt, mee wiem et operluecht ass et ze verdeedegen. Et ass e grénge Minister, deen et an d‘Kommissioun bréngt, an et wäert e grénge Rapporteur, oder Rapporteuse, sinn, déi dat ganzt dann um Krautmaart en enger ëffentlecher Sëtzung dierf „virdroen“. Esou ginn se dohinner, déi Pazifiste a Krichsgéigner an hu ganz vergiess wou se eigentlech hierkommen. Opportunismus mécht sech breet bei de gréngen.

Et dierf ee schliisslech net vergiessen, datt et sengerzäit e gewësse François Bausch war, deen am Kader vum Krich an ex-Jugoslawien – wou jo nach eist Gesetz zur Interventioun wiesentlech méi strikt wéi de neien Entworf war – ganz däitlech refuséiert huet matzemaachen. Bon hallefhäerzeg, wann ee berécksiichtegt, datt hie sech deemools nëmmen enthalen huet. Mee awer…

Foto: Den Deputéierte Marc Baum an de Spriecher vun déi lénk, Gary Diderich, hunn e Mëttwoch op e Gesetzprojet opmierksam gemaach, mat deem Lëtzebuerg e Stéck vu sengem politeschen Anstand ewechgehäit. Misst wuel net sinn, passt awer zur neier politescher an demokratescher Ausriichtung vun enger fréier als pazifistesch verkläerter Partei © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten déi gréng, déi lénk, François Bausch, Gesetzprojet 7325, Marc Baum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel