Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann eng Weltmuecht sech u Kanner vergräift
https://moien.lu/how-to-make-online-dating-successful/ Neiegkeeten

dating app in seoul

Wien Atomverträg oniwwerluecht kënnegt, mat Jänni a Männi en Handelskrich

top 5 european dating sites
https://moien.lu/how-to-make-online-dating-successful/ Neiegkeeten

Orientatioun am Fondamentale: Wann den Drock op d’Psychologen ze grouss gëtt

An engem Bréif vum 23. September 2019 huet den Educatiounsminister

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag
https://moien.lu/how-to-make-online-dating-successful/ Neiegkeeten

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag

Am Kader vun de Feierlechkeeten zu Nationalfeierdag huet de Ministère

money

Lëtzebuerg brauch a kritt e „Weltraumfonds“

Lëtzebuerg brauch a kritt e „Weltraumfonds“

Geld um Spuerbuch ze parken ass keng gutt Iddi a souwisou läit d‘Zukunft am Weltraum, firwat den austriedende Wirtschaftsminister Etienne Schneider, de Secteur vun der Fuerschung an der Entwécklung am Kontext vun ausserierdesche Projeten, wëll méi finanziell Mëttel besuergen.

An dësem Sënn soll ee Fonds mat Risiko-Kapital geschafe ginn, dee virun allem de Start-ups an dësem Secteur soll dat néidegt Geld fir ze starten zoukomme loossen. Dëse Fonds huet schonn ee Numm: Orbital Ventures, an de sozialistesche Minister huet schonn emol 26 Milliounen aus der Staatskeess an d‘Dëppe gehäit. Zu dëse kommen nach emol 10 Milliounen Euro vun der SNCI.

An dësem Fonds ginn awer net nëmmen ëffentlech Euroe versenkt, och eng ganz Rëtsch un private Financiere sinn als Partner genannt. Woubäi bei d‘Spuerkeess, d‘SES a Post Lëtzebuerg eigentlech net wierklech „privat“ Entreprise sinn, déi maache just wéi wann. Déi eigentlech eenzeg richteg Investisseure sinn d‘BGL BNP-Parisbas, d‘BIL, OHB a Promus Ventures, déi anere Leit hiert Geld fir riskant Geschäfter opbréngen.

Si brénge 34 Milliounen u Kapital mat, wouduerch déi Initial Zomm am „Weltraumfonds“ op 70 Milliounen Euro festzeleeën ass. De Fonds ass sécherlech näischt fir de „klenge Mann“, och wann dësen iwwert den Ëmwee vun enger Bank, och hei matspillen dierf. Mee et ass ee wichtege Fonds, deen sech och an d‘Ziler vun der Regierung, e Global Player an der wirtschaftlecher Notzung vun de Weltraumressourcen an der Fuerschung ze ginn, aschreift.

Orbital Ventures soll dann och elo schonn ufänken a Start-ups ze investéieren, déi am Beräich vun de Produkter an Déngschtleeschtunge vun den héije Weltraumtechnologien aktiv sinn oder wëlle ginn.

Sënn an Zweck vum Fonds ass natierlech den Investisseuren eng gutt Dividend ze sécheren, firwat de Fonds esou Entreprise wäert privilegiéieren, déi net nëmmen innovativ sinn, mee och scho Produkter oder Déngschtleeschtunge verkafen oder kuerzfristeg d‘Kommerzialisatioun lancéiere wëllen. Et sollt een awer, et heescht jo net „Risiko-Kapital“ aus Dommheet, bedenken, datt et hei net vill brauch sengem Goss lass ze sinn.

Klengt eppes erschreckend, huet awer de Virdeel däitlech ze sinn. An et ass gutt datt et esou en Fonds gëtt, och wann et duerchaus Betriber wäert ginn, déi eng kuerz Liewensdauer hunn. Wat also ass gutt dorunner? Zum enge ka Lëtzebuerg hei Pionéieraarbecht leeschten an zum anere wëlle mir ee qualitativ héichwäertege Wirtschaftswuesstem. A genee dat kann dëse Fonds leeschte wann e seriéis gefouert gëtt.

Foto: NomadSoul/Envato

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, LSAP, Orbital Ventures, Weltraumfonds, Wirtschaftsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel