Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg

De groussen Theater an der Stad war gëschter Owend strubbelvoll,

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira
Neiegkeeten

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira

No senger Victoire um Hockenheimring – woufir et leider keng

Staatstrauer no de Schéissereie vun El Paso an Dayton (eng Analys)
Neiegkeeten

Staatstrauer no de Schéissereie vun El Paso an Dayton (eng Analys)

Bannent 24 Stonne war et an zwou amerikanesche Stied zu

Weider 4 Joer Partnerschaft tëscht der WHO a Lëtzebuerg

Weider 4 Joer Partnerschaft tëscht der WHO a Lëtzebuerg

En Donneschdeg hunn de Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, sou wéi den Dr. Tedros Adhanom Ghebreyesus, Generaldirekter vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) eng nei strategesch Partnerschaft iwwert e puer Joer tëscht der Lëtzebuerger Kooperatioun an der Organisatioun ënnerschriwwen.

Zënter laangem ass d’WHO ee Partner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun an ee vun de gréisste multilaterale Partner am Beräich vun der Gesondheet. Elo huet de Groussherzogtum sech op en Neits engagéiert, fir wärend den nächste véier Joer (2020-2023) finanziell Ënnerstëtzung ze bidden. Duerch dësen Engagement wëll een eng méi grouss Viraussiicht a Flexibilitéit schafen – Elementer, déi fir d’WHO noutwenneg a wichteg sinn.

WHO

(v.l.n.r.) Manuel Tonnar, Direkter vun der Kooperatioun fir humanitär Ugeleeënheeten; Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten © MAEE

Mat der opgefrëschter Partnerschaft dréit een e wichtege Schrëtt zur Stäerkung vum Gesondheetssystem, hirer Liewensdauer an den Accès op qualitativ héichwäerteg Fleeg an Traitementer fir jiddwereen bäi. Dobäi soll de Fokus besonnesch op der vulnerabeler Bevëlkerung leien. Donieft ginn och déi universell sanitär Ofdeckung an d’Preparatiounen bei den Urgencen gestäerkt, wärend een d’Opmierksamkeet op d’Fuerschung leet. Esou gëtt och d’Relatioun tëscht der WHO an dem Luxembourg Institute of Health (LIH) gefërdert.

WHO

Dr. Tedros Adhanom Ghebreyesus, Generaldirekter vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO © MAEE

D’Partnerschaft reit sech an d’Ziler vum 13. Aarbechtsprogramm vun der WHO (#TripleBillionTargets) an. An dësem Kader huet de Minister Fayot ënnerstrach, datt een d’Strategien zesummeleeë wëll, fir esou den Impakt um Terrain op e Maximum ze steigeren. Dat soll besonnesch an de prioriséierte Partnerlänner vun der Cooperatioun, déi virun allem an Afrika leien, de Fall sinn.

Den Dr. Tedros huet sech wärenddeem immens zefridden iwwert d’Ënnerschreiwes gewisen: „D’Partnerschaft mat Lëtzebuerg ass ganz speziell a mir schätzen de multi-anuelle a flexibele Finanzement, deen eis accordéiert ginn ass, immens.“

Opmaacherbild: ©  MAEE

Ähnlech Sujeten Dr. Tedros Adhanom Ghebreyesus, Fränz Fayot, Lëtzebuerger Kooperatioun, LIH, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO, Zesummenaarbecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel