Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wa Klimaanlagen de Klimawandel virundreiwen
Meenung

Wa Klimaanlagen de Klimawandel virundreiwen

Bei grousser Hëtzt huet zimlech all Mënsch de Besoin sech

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof
Meenung

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof

D’Bild gesäit net iwwerall d’selwecht gutt aus, mee d’Tendenz ass

Parlamentaresche Bilan LSAP: „Gutt geschafft!“
Meenung

Parlamentaresche Bilan LSAP: „Gutt geschafft!“

Bei der Virstellung vum parlamentaresche Bilan, konnt sech den LSAP-Fraktiounspresident

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt

E Kommentar

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt

Diskussioun ronderëm de Verkéier kënnt an d’Rullen. Dat ass gutt, sti mer dach all oft genuch am Stau. Als Schëllege gëtt gären de Wuesstem an déi domat verbonnen Frontalieren an déi wuessend Bevëlkerung ausgemaach. Mee dat ass ze kuerz gegraff. Well nei Stroossen, nei Schinnen an dergläichen, dat ass schéin a gutt, mee et muss op anere Punkten ëmgeduecht ginn.

Laut enger vu mir erfonnter Statistik wënschen sech 70% vun alle Lëtzebuerger esou e Gefier

De François Bausch huet dëser Deeg op der Antenn vum Radio 100,7 e puer ganz interessant Saache gesot. Esou wier et net ubruecht, ëm all Präis all Aarbechtsplaz heihinner ze bréngen. Et misst een och froen, wat eis déi Entreprisen, déi sech hei néier loossen, kaschten. Doranner mat a begraff ass och den infrastrukturelle Käschtepunkt.

Iddien, fir de Problem unzegoen sinn do. Mee mir diskutéieren ze laang a streiden och ze vill, iert mer eppes maachen. An dann ass et ze spéit!

Et wier en Ëmdenke néideg, sou den Ëmwelt- an Infrastruktuminister. Zum Beispill bei den Zäiten, wéini d’Schoul ugeet. Do kéint een dann mat engem verlagerten Schoulufank d’Belaaschtung op de Stroossen erof setzen. Mee anscheinend, esou héiert een et eraus, feelt et do och u Bereetschaft säitens de Schoulen. A mengen An kéint een mat flexibelen Aarbechtszäiten an der Tele-Aarbecht och nach ganz vill an där Hisiicht erreechen.

Wat 100% stëmmt ass leider, datt de Problem net vun haut op muer ze léisen ass. Infrastrukturproblemer erginn sech reegelméisseg aus de Versaumnesser vu Joren – jo, esou guer Joerzéngten. A soubal eppes proposéiert gëtt, fir et ze léisen, gëtt et zerriet a sou laang dru gezunn a gerappt, Waasser an de Wäi geschott, bis vun enger gudder Solutioun just nach e Kär iwwreg ass. Wéi laang hu mer diskutéiert a gestridden, fir nees en Tram ze kréien? Wéi laang gouf diskutéiert, fir d‘Nordstrooss ze bauen? Wéi laang gouf dorunner gebaut?

Eis Diskussiounskultur hëlleft och net ëmmer weider

Wa mer laang genuch gezéckt hunn, ass de Problem nach méi grouss, wéi virdrun. A mir däerfen eis net d‘Illusioun maachen, dat mer mat e puer klengen Ajustementer e grousse Problem an de Grëff kréien. Et muss een sech froen, wéi de Wuesstem kann ausgesinn, ouni datt dobäi e kompletten Infrastrukturkollaps kënnt.

Ähnlech Sujeten Infrastruktur, Lëtzebuerg, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel