Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert
Angry Neiegkeeten

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert

Déi israelesch Loftwaff huet zéng Objektiver vun der Hamas bombardéiert.

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden
Angry Neiegkeeten

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden

E Freideg ass de Friddensnobelpräis dem kongoleseschen Dokter Denis Mukwege,

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen
Angry Neiegkeeten

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen

Dystopien sinn an der däitscher Literatur mëttlerweil in. Et ass

angry

Ass déi lëtzebuergesch Wunnengskris e Spill op d‘Zäit?

Ass déi lëtzebuergesch Wunnengskris e Spill op d‘Zäit?

Dat zumindest ass d‘Fro déi sech déi lénk stellt, a mat engem Communiqué op déi vun der STATEC (an Zesummenaarbecht mat Observatoire vum Habitat) am Quartalsbericht verëffentlechter Entwécklung vun de Wunnengspräisser ageet.

Déi lénk sinn dann och net iwwerrascht, datt d‘Präisser nees zolidd an d‘Luucht gaange sinn. Fir si gëtt et dofir eng däitlech Ursaach: „D‘Regierunge kënnege villes un, setzen awer wéineg Handfestes ëm“. Mat enger Präisdeierecht vu +4,9% an nëmmen engem Joer, bleiwen sech de Schema grad wéi d‘Präisënnerscheeder ëmmer gläich. Eng nei Wunneng ass beim Kaf ëmmer tëscht 20% bis 30% méi deier wéi eng bestoend.

De Quadratmeterpräis vu de Wunnenge geet proportional zu der gréisst vun der Wunneng erof, an et ass och weiderhin an der Stad an hirem direkten Ëmfeld, wou et am deiersten ass. Hei kascht en Haus – an nach net emol e grousst – mëttlerweil 1 Millioun Euro, esou de Constat vun déi lénk.

Esou kann et net weidergoen

déi lénk stelle fest, datt d‘Regierung séier wéineg ënnerhëlt, fir de vëlleg iwwerhëtzte Wunnengsmaart an de Grëff ze kréien. Statt de Loyer konsequent ze plafonnéieren, hätt dës Regierung 2016, fir déi kleng akommesschwaach Menagen eng Loyerssubventioun agefouert.

Et wier, esou déi lénk, méi gescheit gewiescht brochleiend Bauland mëttels enger Steier ze mobiliséieren, anstatt bei der Steierreform d‘Besteierung beim Verkaf vu Bauland ëm d‘Hallschent erofzesetzen. Et wier net mat Steierkaddoe, wou een dem äusserst lukrative Spekulatiounsgeschäft kéint Meeschter ginn. Zudeem misst bedauert ginn, datt vill vun de geplangte Konstruktioune vun ëffentlecher Hand, eréischt a Joerzéngte wäerte fäerdeg ginn.

An do wou sech déi lénk dann och nach zolidd iergeren, ass de Fait, datt ee sech scheinbar Parteiiwwergräifend eens ass, de Status Quo ze erhalen. Ronn sechs Méint virun de Chamberwahle soll et nach eng Orientéierungsdebatt um Krautmaart ginn, an déi lénk kënnen sech den Gefill net erwieren, datt hei op Zäit gespillt gëtt, fir der nächster Regierung de „Problem“ ze iwwerloossen.

Net schwätzen, maachen!

Dat et net verkéiert ass mat alle Bedeelegten ze schwätzen, géif net verhënneren datt deenen déi ënnert der Wunnengskris leiden, domatter eleng net gehollef ass. D‘Präisser klammen a klammen, a déi lénk hätten zanter hirer Campagne vun 2016 och weiderhin alles dru gesat der Wunnengskris Léisungen entgéint ze stellen.

Et gëtt an dësem Zesummenhang dann och drun erënnert, datt déi lénk am November e Gesetzprojet (7094) an der Chamber agereecht huet. Mat deem ginn zwee kloer Ziler verfollegt: zum enge sollen d‘Fraisen, déi fir d‘Vermëttlung vu der Agence verlaangt ginn, zukünfteg vum deem ze bezuele sinn, deen den Optrag ginn hunn (dat wier dann an de meeschte Fäll de Proprietär), an zum anere soll d‘Kautioun op ee Loyer begrenzt ginn, an net wéi aktuell op dräi.

Dat, esou d‘Argument vun déi lénk, wëll d‘Loune vun enger Wunneng ganz oft grad un dësen zwee Faktore scheitert. Et kéint eben hautdesdaags net jiddereen einfach emol esou, bei der héicht vun de verlaangte Loyeren, der dovunner 4 bis 5 op den Dësch leeën.

Elo beklot déi lénk, datt hire Gesetzprojet scho ganzer 15 Méint um Instanzewee ass, all erfuerderlech Expertise virleien, sech awer an der zoustänneger Kommissioun näischt deet, fir d‘Gesetz zur Ofstëmmung um Krautmaart virzebereeden. Dat géif dann och ënnersträichen, wéi a wou déi „Zäit“ verluer geet, déi ee bei der Bekämpfung vun der Wunnengskris net huet. Dobäi misst elo eng geschéien, net eréischt dann, wann sech nach just déi ganz Räich eng Wunneng kéinte leeschten.

Ähnlech Sujeten déi lénk, Observatoire vum Habitat, Statec, Wunnengsmaart, Wunnengsnout
Nächsten Artikel Virrechten Artikel