Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet
Crazy Neiegkeeten

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet

Bei der SNCF sténken d‘Lompen net, se brennen. Déi franséisch

money
UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie
Crazy Neiegkeeten

UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie

Dräi Rechtsprofessere vun der Universitéit Lëtzebuerg, der Universitéit vun Hong

coollovesurprise
Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall
Crazy Neiegkeeten

Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall

Um Freidegowend war et dann no den Halleffinalle vun den

tongue

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet

D'Zefriddenheet vun de Lëtzebuerger ass héich, mee d'Work-Life-Balance mécht villen ze schafen

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet

Datt Geld eleng net glécklech mécht, ass fir vill Leit net méi wéi e Sproch. Datt dëst awer duerchaus richteg ka sinn, doropper verweist och eng aktuell Etüd vum Statec. Déi huet d’Zefriddenheet no Altersgrupp an Akommes gekuckt. Resultat: Virun allem d’Altersgruppen vun 16-29 Joer an déi vun 65-74 sinn am zefriddensten.

Ganz ouni Geld geet et natierlech net. D’Etüd fënnt och eraus, datt de Revenue e wichtege Faktor fir d’35 bis 64 järeg ass. Herno spillt dat da keng esou grouss méi. Wien zum Beispill an d’Retraite geet, huet méi Zäit fir sozial Kontakter, mee och Fräizäitaktivitéiten. Dat wierkt sech positiv op d’Zefriddenheet aus. Fir D’Altersgrupp vun 16-24 Joer gëtt vermutt, datt et virun allem d’Zäit, déi ee fir Fräizäit huet, e wichtege Faktor duerstellen.

Geld ass awer net ganz onwichteg fir Zefriddenheet

Ma den Afloss vu Geld op d’Zefriddenheet fält ofhängeg vun der Altersgrupp ënnerschiddlech aus. An den Altersgruppen 16-24 a 65+ huet en am mannsten Afloss. An den Altersgruppen, déi sech tëscht dësen zwee Extreme fannen, ass den Afloss scho méi grouss. Dobäi ass et wichteg, datt sech déi Ënnerscheeder virun allem vis a vis vun der Median mi staark weisen. Dat heescht, datt an tëscht den zwee héchsten Akommesschichten d’Ënnerscheeder manner staark sinn, wéi vis a vis vun der Schicht, déi e mediaant Akommes huet.

An den Altersgruppen 30-54 gëtt et virun allem en Defizit bei der Zäit, déi ee mat deenen Aktivitéite verbrénge kann, déi ee gären huet. De Statec erkläert sech dat aus verschiddene Faktoren. Een dovunner ass, datt an deem Liewensofschnëtt vill Zäit an d’Erzéiung vun de Kanner fléisst. Et gëtt awer och dorop higewisen, datt et keen Equiliber tëscht Aarbechts- a Privatliewe gëtt. Dëse Mangel bei der Work-Life-Balance hätt en negativen Afloss op d’Zefriddenheet.

Bei der Erhiewung, déi d’Joer 2016 betrëfft, ass eng insgesamt duerchschnëttlech Zefriddenheet vun 7.5 vun 10 erfaasst ginn. Dobäi sinn 63 Indikatoren mat abegraff, déi sech op d’Liewensqualitéit, Liewenskonditiounen an d’subjektiivt Wuelgefill bezéien.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Zefriddenheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel