Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

geek
Luxmasters 2017: Eng gelonge Première fir Lëtzebuerg
Neiegkeeten Sport

Luxmasters 2017: Eng gelonge Première fir Lëtzebuerg

„E-Sports“ (den elektronesche Sport) huet och zu Lëtzebuerg seng Community

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz
Neiegkeeten Sport

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg, 25. Februar 2017 an der Glacis-Kapell a virum

Dausende Leit bedeelegen sech un der Jerusalemer Gay Pride
Neiegkeeten Sport

Dausende Leit bedeelegen sech un der Jerusalemer Gay Pride

Si waren zu hirer Dausenden op Jerusalem komm fir un

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den zweeten Dag

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den zweeten Dag

Um zweete Spilldag zu Buenos Aires muss sech Tennisspillerin Eléonora Molinaro no zwee Sätz (1-6, 4-6) am Eenzelwettkampf géint d’Géignerin aus Polen, Iga Swiatek, geschloe ginn.

Eng weider Chance op eng Medaille kritt d’Eléonora Molinaro haut um 15:00 Auer am gemëschten Dopplen, bei dem hatt mat dem Nidderlänner Jasper De Jong am Team spillt.

Um zweeten Entscheedungsdag am Schwamme start den FNLS-Duo Bob Sauber a Maria Perez Garcia an de Wettkampf.

Beim 200m Fräistil stellt de Bob an 1:55,50 eng nei perséinlech Beschtzäit op a gewënnt säi Virlaf souverän. „No just sechs Wochen Training hunn ech dat net erwaart. Ech wollt onbedéngt mäin Virlaf gewannen, dat huet geklappt, souguer mat Beschtzäit“, freet sech de 17 Joer jonke Sportler no senger Course. Zum Schluss lant hien op Platz 30.

D’Maria Perez Garcia huet sech beim 100m Fräistil zimlech entschloss gewisen. No 50 Meter hätt hatt d’Chance gehat d’Course ënnert enger Minutt ze packen. Op de leschte Metere feelt dem 16 järege Meedchen awer d’Kraaft, Sou kennt hat mat enger Zäit vun 1:00,60 op de Rang 40.

Ënnerstëtzung hunn d’Schwëmmer op der Tribün fonnt, wou si vum Lëtzebuerger Vëlo- a Liichtathletikteam ugefeiert gi sinn. En Donneschdeg steet déi nächst Entscheedung fir d’Maria Perez Garcia am 50m Fräistil a fir de Bob Sauber am 100m Fräistil um Programm.

Ähnlech Sujeten Buenos Aires, Olympesch Jugendspiller, Olympia, Schwammen, Sport, Tennis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel