Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: Haut ass Dag vum Dessert!
Neiegkeeten

What the Fakt: Haut ass Dag vum Dessert!

Dëse kuriéise Feierdag steet ganz am Zeeche vum léifste séissen

Israel wëll Al-Jazeera erausgeheien
Neiegkeeten

Israel wëll Al-Jazeera erausgeheien

Gëschter huet de Premierminister vun Israel, de Benjamin Netanyahu, annoncéiert,

Chantier Luxtram: Eng Rei Busarrêten musse verréckelt ginn
Neiegkeeten

Chantier Luxtram: Eng Rei Busarrêten musse verréckelt ginn

D‘Stad Lëtzebuerg deelt mat, dat am Kader vun de Chantieren

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst

Ganzer 25 Joer engagéiert sech schonn eis Arméi bei militäreschen an humanitäre Missiounen am Ausland. Um Donneschdeg war et Zäit der Bilan ze maachen an e Bléck op déi zukünfteg Aufgaben ze werfen.

Den éischten Auslandsasaz huet eis Arméi 1991 ausgefouert. Zanterhier waren net manner wéi 1.424 Zaldoten u ronn 2.200 Asätz am Ausland bedeelegt. D‘Staatssekretärin Francine Closener huet dann och drop higewisen, datt bei Berécksiichtegung vun der gréisst vun de Lëtzebuerger Arméi, et kaum e Land gëtt, datt esouvill Zaldoten an den Asaz schéckt.

Kosovo-Missioun gëtt zu Enn

Eng vun de wichtegsten a längsten Operatioune vun der Arméi, war d‘NATO-Missioun am Kosovo. Déi geet elo no 17 Joer op en Enn, wat dem Ëmstand geschëlt ass, datt sech d‘Situatioun op der Plaz wiesentlech verbessert huet an déi kosovaresch Autoritéiten och elo an der Lag sinn ouni international Hëllef fir Sécherheet an Uerdnung ze suergen.

De 14. Oktober kënnt den 52. a leschte Kontingent heem. Bis dohinner waren 1.178 Zaldoten un der Friddensmissioun bedeelegt. Eng Missioun déi d‘Lëtzebuerger Arméi gefuerdert a gepräägt huet. An och wann d‘Zaldoten elo erëmkommen ass fir Lëtzebuerg d‘Missioun „Kosovo“ net eriwwer. D‘Land gëtt och weider ënnerstëtzt.

Wann elo och keng „Leit“ méi dohinner geschéckt ginn, esou gëtt dach ab 2018 déi medezinesch Ënnerstëtzung vun de verbleiwende KFOR-Truppe matfinanzéiert. Dat war schonn am Juli esou an de Verdeedegungsriichtlinne festgehale ginn, an deene festgeluecht ass, datt Lëtzebuerg sech am Beräich vun der Militärmedezin wäert weiderentwéckelen.

Asaz am Afghanistan geet weider

Zu Kabul a Kandahar war déi Lëtzebuerger Arméi am Kader vun der ISAF (International Security Assistance Force) vun 2003 bis 2014 am Asaz. Säit 2015 dann zu Masar al-Sharif. Dat sinn primär humanitär a militäresch Asätz. Och finanziell hëlleft Lëtzebuerg am Afghanistan: 41 Milliounen Euro fir humanitär Moossnamen, 34 Milliounen Euro fir d‘Logistik, den Opbau vun Infrastrukturen an d‘Ausbildung vu Militär a Police.

D‘Missioun vun der Arméi leeft hei nach bis Juli 2018, woubäi nach an de nächste Méint ze klären ass, ob a wéi Lëtzebuerg duerno an Afghanistan ënnerstëtzend wäert täteg sinn. Mee de Kosovo an Afghanistan sinn net déi eenzeg Asazgebidder wou eis Arméi aktiv Bedeelegt ass. An Afrika an um nërdleche Balkan ass d‘Presenz vun eiser Arméi esouwuel am Kader vun der EU-Friddensmissioun (Mali) wéi der NATO (Litauen, Lettland, Estland a Polen) gefrot.

D‘Zäiten änneren sech

Kuckt e sech d‘Sécherheetslag am verännerten internationale Kontext un, gëtt engem verständlech, datt nei Missiounen op eis Arméi duer kommen. Esou wäert se sech mussen un enger schneller Agrëffstrupp vun der NATO bedeelegen. Heit geet ëm d‘Verdeedegung vun de NATO-Aussegrenzen a Lëtzebuerg ass hei d‘Verflichtung agaangen 2019 zesumme mat den Hollänner eng Kompanie op d‘Been ze stellen.

Zudeem stellt d‘PESCO (en europäesche System fir eng stänneg strukturéiert Zesummenaarbecht) eng Erausfuerderung duer. Et sollt dann hei awer net schwéier fale Verantwortung ze beweisen. Lëtzebuerg huet sech an de leschte 25 Joer als zouverlässege Partner op all Niveau presentéiert an dat dierft esou weidergoen. Dat eis Arméi sech och weiderhin un Auslandsasätz bedeelegt läit deemno op der Hand.

De Budget ass dann och konsequent an och beim Rekrutement sinn d‘Weiche gutt gestallt. D‘Material entsprécht den haidegen Ufuerderungen a wann et néideg wier, géif nogebessert ginn. An Zukunft dierften sech d‘Asätz och verstäerkt am Beräich vun der kollektiver Verdeedegung erëmfannen. Flexibilitéit an eng gutt Virbereedung hunn deemno bei der Arméi prioritéit.

Foto: (v.l.n.r.) Patrick Heck, Direkter vun der Verdeedegung; Francine Closener, Staatssekretärin fir Verdeedegung; Generol Alain Duschène, Chef vum Etat-Major vun der Arméi.

Ähnlech Sujeten Arméi, Francine Closener, NATO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel