Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E grousst amerikanescht Volleksfest
Kultur Neiegkeeten

E grousst amerikanescht Volleksfest

D‘Sonn zu Stadbriedemes war e Samschdeg nëmmen plazeweis ze gesinn.

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter
Kultur Neiegkeeten

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter

Säit 1988 gëtt all Joer um 1. Dezember den internationalen

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.
Kultur Neiegkeeten

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser

Lëtzebuerger Artisten Center: Ausstellung zu Steesel

Vum 7. bis de 16. Juni an der Galerie “Am Duerf”

Lëtzebuerger Artisten Center: Ausstellung zu Steesel

D’Gemeng Steesel huet wärend Päischten alt nees eppes fir Konschtfrënn ze bidden. Zesumme mat hirer Kulturkommissioun an dem Lëtzebuerger Artisten Center (LAC) organiséiert si d’Konschtausstellung “Päischtsalon” an der Galerie “Am Duerf” – zu Steesel, versteet sech.

“LAC am Duerf”, dat kléngt fir den Ufank dach scho mol ganz interessant. Reegelméisseg ass de Lëtzebuerger Artisten Center involvéiert, wann et ëm héichwäerteg Ausstellunge geet. Säit 35 Joer ass dëse Veräin dobäi, zäitgenëssesch Konscht dem breede Public méi zougänglech ze maachen.

De Vernissage ass en Donneschdeg, de 6. Juni um 19:30 Auer an der Galerie Am Duerf. Vum 7. bis de 16. Juni kann een da jeeweils vu 15:00 bis 18:30 Auer déi Ausstellung kucke goen.

Ënnert den 11 Kënschtler befanne sech:

  • Sergio di Paoli
  • Jean Fetz
  • Mireille Gudendorf
  • Juliette Haag
  • José Anne Hoffmann
  • Carlo Kurt
  • Denise Mackel
  • Laurent Schneider
  • Rol Steimes
  • Jeanny Thein
  • Yves Weisen

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Am Duerf, Gemeng Steesel, LAC, Lëtzebuerger Artisten Center, Päischtsalon
Nächsten Artikel Virrechten Artikel