Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Anger fest, Vol. 4 – Metal fir de gudden Zweck!
Neiegkeeten

Anger fest, Vol. 4 – Metal fir de gudden Zweck!

Zesumme mat der Lëtzebuerger Band Scarlet Anger organiséiert d’Kulturfabrik um

Däitschland sträicht Lëtzebuerg vun der Lëscht mat Risikogebidder
Neiegkeeten

Däitschland sträicht Lëtzebuerg vun der Lëscht mat Risikogebidder

De Baussen-an Europaminister Jean Asselborn weist sech erliichtert iwwert déi

moneysurprise
Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President
Neiegkeeten

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Haut de Mëtteg gëtt am informelle Krees vun de 19

Lëtzebuerger Ausseminister fuerdert méi Solidaritéit an der EU

Lëtzebuerger Ausseminister fuerdert méi Solidaritéit an der EU

An der Diskussioun ëm d‘Opnam vu mannerjärege Flüchtlingen aus Griicheland, huet de Jean Asselborn (LSAP) d‘Länner vun der europäescher Unioun opgeruff, gemeinsam no enger Léisung ze sichen. Hien appelléiert un eng Solidaritéit, déi et an der europäescher Unioun esou net gëtt.

Wa jidderee géif matmaachen, wier et fir keen eng „Laascht“, esou de Lëtzebuerger am Interview mam „Spiegel“ (Springer Verlag / BILD). Eenzelaktioune vun e puer Länner ginn net duer, hei ass Zesummenaarbecht noutwenneg, zumindest wann een an dëser Fro gewëllt virunzekommen. De Jean Asselborn betount och nach emol, datt mindestens dräivéierel vun alle Migranten a griichesche „Lager“ en Usproch op Asyl hätten.

Lëtzebuerger

Et ass net déi éischte Kéier, datt de Jean Asselborn no méi Solidaritéit rifft

Reduzéiert op d‘Opnam vun de mannerjärege Flüchtlingen, géif een hei vu ronn 4.000 Mënsche schwätzen, wat entspriechend der Demographie vun der EU, néng mannerjäreg Flüchtlinge pro Millioun EU-Bierger ausmécht. An den Ausseminister leet nach eng drop: „Dës Mënsche sinn net no Griicheland, mee an d‘EU geflücht an et ass och d‘EU déi de Problem léise muss. A Länner déi sech der Opnam verweigere musse gezësst ginn.

Wien sech de „Froe vun elementarer Mënschlechkeet verweigert“ muss zukünfteg mat finanzielle Konsequenze rechnen. Nieft der Rechtsstaatlechkeet misst och d‘Solidaritéit am Kontext vun der Asylpolitik, bei der Verhandlungen zum nächste Budget berécksiichtegt ginn. Dat ass u sech alles richteg, mee de Jean Asselborn huet keen Hiweis ginn, wéi hien d‘Dissidente vun enger humaner Asylpolitik zur Kooperatioun beweege wëll.

Esou kann et jo och net weidergoen

Woubäi de Lëtzebuerger awer Recht huet. Recht huet sech iwwert de Mangel u Solidaritéit ze iergeren a Recht huet, datt wa jiddereen e Schratt op deen aneren zougeet, de Problem duerchaus léisbar ass. Zudeem ass d‘Situatioun a Griicheland esou net méi hinzehuelen. D‘Lager sinn iwwerlaascht. Laut dem „National Center for Social Solidarity“ waren Enn November 5.300 onbegleet Mannerjäreger an de Lager ënnerbruecht.

LëtzebuergerFir dës „Flüchtlingen“ gëtt et allerdéngs héchsten 2.200 gëeegent Plazen. D‘EU-Komissioun gëtt wuel ëmmer un no enger gemeinsamer Linn an der Flüchtlingspolitik ze sichen, mee esou wierklech keeft een hir dat net méi of. Zanter et déi sougenannte „Flüchtlingskris“ gëtt, un där Europa elo och net grad onschëlleg ass, sinn et besonnesch d‘Länner Ungarn, Polen an Tschechien déi sech al Form vun Opnam „verweigeren“ an dat zimlech konsequent.

Et muss een och berécksiichtegen, dat déi Länner déi u viischter Front Stinn, also Griicheland, Italien, Spuenien a Malta, dës Laascht net op eege Schëlleren droe sollten. Gläichfalls kann et net sinn, datt just eng hallef Dose Länner (zu deene Lëtzebuerg gehéiert) iwwerhaapt bereet sinn e substantiellen Effort ze leeschten. Zudeem sollt een ophale Politik mat de Flüchtlingen ze maachen, esou wéi dat den Ament an Däitschland de Fall ass.

LëtzebuergerHei hat de Virsëtzende vun den „die Grünen“ – wuel wëssend datt et wierklech nëmmen e politesche Statement ass deen zu näischt verflicht – gefuerdert, datt Däitschland bis 4.000 Mannerjäreger sollt ophuelen. De Robert Habeck géif domatter eng „falsch“ Politik bedreiwen huet den Horst Seehofer (CSU) dréche festgestallt. Fir den däitsche Bannen- a Heemechtsminister kann et an dëser Kausa nëmmen eng europäesch Léisung ginn.

mat indymedia/ber/bru

Foto: © SIP/YvesKortum

Ähnlech Sujeten Asylpolitik, Ausseminister, Flüchltlingen, Jean Asselborn, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel