Search

You may also like

Den Educatiounsminister appelléiert un d‘Vernonft
International Neiegkeeten

Den Educatiounsminister appelléiert un d‘Vernonft

Zanter gëschter ginn nees d‘Kichen, déi gutt Stuff a wuel

Um Schantje vum CNIS zu Gaasperech geet et virun
International Neiegkeeten

Um Schantje vum CNIS zu Gaasperech geet et virun

De nationale Brand- a Rettung-Zenter (CNIS) zu Gaasperech hëlt lues

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung
International Neiegkeeten

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung

Organiséiert vu „Spiridon 08 “, ass de Beetebuerger Laf de

Lëtzebuerger Ausseminister wëll d‘Grenzen ophalen

Lëtzebuerger Ausseminister wëll d‘Grenzen ophalen

Eis däitsch Nopere stinn, esou den Deputéierte Karl Lauterbach (SPD) um Ufank vun der drëtter Well. Dat suergt, well jo an Däitschland all Bundesland schlussendlech awer mécht wat et wëll, zuweile fir ganz droleg Konfiguratiounen an deels interessanten Aktivitéiten un de Grenzen.

Wéinst de Coronavirus-Varianten (brittesch, südafrikanesch a südamerikanesch) huet de Fräistaat Bayern seng Grenzen zu Tschechien an Éisträich (méi prezis dem Bundesland Tirol) zougemaach. Fir grenziwwerschreidend mobil ze bleiwen, brauch et nieft engem rezenten negative Covid19-Test, eng digital Reesumeldung. Laut den aktuellen Zuele goufen aus dësem Grond 16.000 ofgewisen.

Zanter dem 14. Februar dierfen nëmmen nach däitsch Bierger an/oder Auslänner mat Wunnsëtz an Openthaltserlaabnes an Däitschland areesen. De Wuerentransport bleift och erlaabt, a Frontalieren, déi an engem „systemrelevante Beruff“ schaffen, sinn och nach zougelooss. Mee et gëllt hei och een negative Coronavirustest derbäi ze hunn, dee maximal 48 Stonnen al ass. Soss gëtt een ëmgedréint.

Wat hu mir domat ze dinn?

Ma esou ganz niewebäi, ass Lëtzebuerg bekanntlech an den Ae vun der Bundesregierung – a wuel och de Bundeslänner déi mat eis eng Grenz hunn – en Héichrisikogebitt. Géif et dem Tobias Hans, Ministerpresident vum Saarland (CDU) nogoen, wieren d‘Grenzen zu Frankräich a Lëtzebuerg längst zou. Mee och Rheinland-Pfalz, wëll zumindest nees op streng Kontrollen zeréckgräifen.

Dat sinn déi politesch Spillercher, déi eisen Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) riicht ewech op d‘Palm dreiwen. Déi onséileg Grenzschléissunge vum leschte Joer, hunn zuweilen al Wonnen opgerappt an et wäert Jore brauchen, bis dat alles nees aus dem Wee geraumt ass. Anersäits ass awer och eise Minister der Meenung, dat onnéideg Reesen an dësen Zäiten ze ënnerloosse sinn.

A wann eisen Ausseminister duerchaus Versteesdemech dofir huet, datt et wéinst de „Variante“ muss Tester ginn, esou wier et awer net zoulässeg, honnertdausende Pendler d‘Liewen onméiglech ze maachen. Woubäi och eegen Interesse matspillen: Laut dem Jean Asselborn si 60% vun den am Lëtzebuerger Gesondheetssystem Beschäftegte Frontalieren. Kommen déi net, hu mir Problem.

Foto: © European Union

Related topics Ausseminister, Däitschland, Granzgänger, Grenzschléissungen, Jean Asselborn
Next post Previous post