Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ginn d’Schoulbicher am Lycée elo gratis?
pettiest reason you stopped dating someone lee bo young lee sang yoon dating

separate email for online dating

Dat gëtt op mannst elo vum Ministère analyséiert. Et gëtt

https://moien.lu/secret-dating-app-login/
pettiest reason you stopped dating someone lee bo young lee sang yoon dating

D’Rentrée an d’Gemengewahlen hunn d’Stad voll am Grëff

Zuelen iwwer Zuelen: Mat 4.953 Kanner (477 am Precoce –

20 Joer mam Euro: Der EU hire Bebe gëtt erwuessen
pettiest reason you stopped dating someone lee bo young lee sang yoon dating

20 Joer mam Euro: Der EU hire Bebe gëtt erwuessen

Um 1. Januar 2019 ass d’Wärung vun Europa, den Euro,

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt

Informellen EU-Ausseminister Meeting zu Helsinki stellt de Jean Asselborn an ee schlecht Liicht

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt

Zwee Deeg laang hat déi vun den europäeschen Ausseminister ofgehale sougenannten „Gymnich-Reunioun“ zu Helsinki gedauert. Wéi gewinnt, kann ee kaum vu Resultater beriichten, och wann sech d‘Politiker – deenen déi national Politik och weiderhi vill méi wichteg ass wéi Europa – hei nees beméit hunn hir Inkompetenz a Muechtuspréch ënner verschloss ze halen.

En Donneschdeg an e Freideg also hu sech d‘EU-Ausseminister beim informelle Meeting nees iwwert déi grouss international Themen ënnerhalen a mat derbäi war och de Lëtzebuerger Jean Asselborn (LSAP). Et huet dann och mat enger Friess ugefaangen, zu där d‘Krichsminister vun Europa häerzlech ageluede waren. Et ass sech iwwert déi sëlleche Bedreeungen ausgetosch ginn.

De Gedanken, datt si mat hirer Politik selwer eng Bedreeung kéinten duerstellen, ass natierlech net opkomm, Konflikter si schliisslech och eng Geldquell an esou e Mënscheliewe – ugesiichts dem weltwäiten demographesche Wandel – sollt een elo net iwwerbewäerten. Zudeem hunn déi zu Helsinki versammelt Krichsminister och Flichten innerhalb der NATO an anere Bündnisser…

Kris am persesche Golf

Nodeems d‘Ausseminister dann nees ënnert sech waren, hu si sech der Lag am persesche Golf, méi prezis der Strooss vun Hormuz, ugeholl. Europa bezitt zimlech vill vum begierte „schwaarze Gold“ aus dëser Regioun, an den Zoff tëscht den USA (déi elo vun der Brite militäresch ënnerstëtzt ginn) an dem Iran bedreet de „fräie Wuereverkéier“. Dat do Mënsche bedreet sinn, ass zweetrangeg.

Den europäeschen Ausseminister geet et prioritär ëm d‘Garantie, datt d‘Schëffer fräi zirkuléiere kënnen. Si riichten dann och en Appell un all déi concernéiert Acteuren, sech ëm Gotteswëllen um Rimm ze räissen an hiert Gestreits gefällegst anzwousch anescht auszedroen. Et ass scheinbar net de passende Moment sech och nach mat enger Pëtrolskris mussen erëmzeschloen.

Eise Chefdiplomat huet sech natierlech och fir eng Deseskalatioun agesat. Esou betount de Jean Asselborn: „E Konflikt am persesche Golf wier eng grave Bedreeung vum Fridden an der Sécherheet vun der ganzer Regioun. Mir hoffen datt de gesonde Mënscheverstand iwwerweit“. Elo ass „Hoffnung“ vläicht net grad dat beschte Mëttel Konflikter ze verhënneren, méi hu se awer net.

Fräihandelsofkommes mat de Mercosur-Staaten

Et ass sech um Freideg nach iwwer „Europa“ an d‘Arktis ënnerhale ginn, an och déi gutt regional Zesummenaarbecht mat de westlech orientéierte Balkanlänner war Gespréichsgéigestand. Eppes méi ugespaant, d‘Diskussioun zum Fräihandelsofkommes mat de Mercosur-Staaten. De meeschte Membere vun der Unioun geet de Reebësch zwar um Aarsch verbéi, mee d‘Ëffentlechkeet nervt…

Bis op den Emmanuel Macron (deen d‘Fräihandelsofkommes wéinst dem Jair Bolsonaro esou net méi ratifizéiere wëll) halen déi meescht EU-Memberen um Vertrag mat de Mercosur-Länner fest. Fir d‘Leit net ze beonrouegen, schliisslech huet de Verloscht vum Amazonas-Reebësch schonn iergendwéi Konsequenze fir déi ganz Welt, gëtt sech a politescher Rhetorik geüübt.

Dozou de Jean Asselborn: „Dësen Accord bedeit eng historesch Opportunitéit fir eis méi no ze kommen an eng wierklech Wäertergemeinschaft opzebauen. Mee fir wierklech virunzekommen, muss de Kampf géint de Klimawandel zwéngend Bestanddeel vum Ofkommes sinn. Den aktuelle Rhythmus vun der Ofholzung entsprécht net dem Geescht vum Paräisser Ofkommes“.

Themewiessel fir de Fësch z‘ersaufen

Interessant – wann ee sech schonn net dierf ëffentlech iwwert e faschistesche Regime iergeren – datt een dann zu de Mënscherechter iwwergeet. Natierlech denoncéiert de Jean Asselborn all Form vu Gewalt, egal wou déi an der Welt ugewannt gëtt. De Lëtzebuerger Ausseminister erënnert drun, wéi wichteg eis d‘Aarbecht vun de Mënscherechtsaktivisten ass, besonnesch wann et Frae wieren.

Wann elo hien a sengesgläichen déi „Mënscherechter“ géifen „eescht huelen“, bréicht et vläicht net esou Männer a Fraen déi hiert Liewe fir ebe genee dës, alle Politiker op der Welt esou sakrosankt Rechter, misste riskéieren. Gutt esou geet Politik net, déi muss dat grousst Ganzt am A hunn, an dat ass d‘Wirtschaft. An esou en Ausseminister ass eigentlech och nëmmen en Handelsreesenden…

Notéiere mir hei nach kuerz, datt Lëtzebuerg sech fir e Mandat beim Mënscherechtsrot staark mécht a sech fir den Zäitraum 2022-24 ugebueden huet. Dat ass awer eigentlech och just dem Wieler Sand an d‘Ae gestreet. Wieren engem déi Rechter esou wichteg wéi dat groussspuereg behaapt gëtt, misst ee sech wiesentlech méi abréngen a virun allem aktiv ginn. Esouwäit wëll een dann awer net goen.

Foto: Gruppefoto vun den EU-Ausseminister zu Helsinki © MAEE

Ähnlech Sujeten Ausseminister, Helsinki, Jean Asselborn, Klimawandel, Mënscherechter, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel