Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pipo Peng: E Pak Kichelcher
Neiegkeeten

Pipo Peng: E Pak Kichelcher

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Eng Osmos mat der Natur: SERVIOR „Am Park“ feiert säin Ausbau
Neiegkeeten

Eng Osmos mat der Natur: SERVIOR „Am Park“ feiert säin Ausbau

Um 6. November huet de SERVIOR „Am Park“ zu Boufer

surprise
Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!
Neiegkeeten

Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!

Facebook spillt am politeschen Diskurs eng ëmmer gréisser Roll. Kee

Lëtzebuerger Ausseminister vun eisen amerikanesche Frënn enttäuscht

(mat Kommentar)

Lëtzebuerger Ausseminister vun eisen amerikanesche Frënn enttäuscht

Nodeems den US-Ausseminister Mike Pompeo e Méindeg däitlech Stellung zu den israelesche Siidlungen an de besate Gebidder (Westjordanland an Ostjerusalem) bezunn huet, déi wuel net „illegal no Vëlkerrecht“ wieren, hunn sech d‘USA elo och vum internationale Recht distanzéiert, huet eisen Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) d‘Wuert ergraff:

„Den UN-Sécherheetsrot huet a senger Resolutioun 2334 vun 2016, däitlech all Moossname veruerteelt, déi drop aus sinn déi demographesch Zesummestellung, de Charakter an de Statut vum palestinenseschen Territoire, deen zanter 1967 besat gëtt, inklusiv Ostjerusalem, ze veränneren. Dozou gehéieren notamment de Bau an Ausbau vu Siidlungen.

De Sécherheetsrot huet zudeem bestätegt, dat d‘Schafe vu Siidlungen duerch Israel an den zanter 1967 besate Gebidder, inklusiv Ostjerusalem, net rechtlech fundéiert ass an ee flagrante Verstouss géint internationaalt Recht duerstellt, an eng zousätzlech Hürd fir eng Zweestaateléisung an d‘Ariichte vun engem globalen, gerechten an nohaltege Fridden duerstellt.

Dat internationaalt Recht ass kee Menü à la Carte. Déi gëschter gemaachten Annonce ass immens beonrouegend. Et féiert zu enger Schwächung vum internationale Recht a sabotéiert d‘Perspektiv vun engem nohaltege Fridden tëscht Israelien a Palestinenser. Wéi et den UN-Sécherheetsrot nach emol ënnerstrach huet, ass et essentiell, datt Israel mat senger Siidlungspolitik an de besate Gebidder ophält, fir déi Zweestaateléisung ze erhalen“.

Wat de Jang net gesot huet:

Dat si vill Wierder an awer och séier wéineg Inhalt. Net datt een dem Ausseminister elo hei eppes ënnerstelle wéilt, mee et wier wichteg gewiescht, dës ganz diplomatesch verpaakten Ausso och ze erläuteren. Datt den US-Ausseminister seng Annonce gemaach huet, ass net a Relatioun mat Fridden oder engem besonnesch frëndschaftleche Verhältnis zu Israel ofschléissend erkläert.

Villméi geet et ëm ganz spezifesch „national Interessen“ an ass dem Donald Trump sengem Wahlkampf zouzeschreiwen. Eng däitlech pro-israelesch Haltung bréngt – och wann een dat hei zu Lëtzebuerg net verstoe muss – masseg Wielerstëmmen. An dat erstaunlecherweis net emol bei den Amerikaner vu jiddescher Konfessioun, mee an éischter Linn vun den Evangelisten an ähnlechem.

Dofir war dann och net rieds vu Palestina, mee vu Judäa a Samaria, biblesch Géigenden déi den Evangelisten an Amerika helleg sinn a fir déi si och direkt bereet wieren d‘Kräizzich nees opzehuelen. Palestina ass dem Milliardär esou egal wéi Nordsyrien an hie spillt net nëmmen sech selwer de Ball zou, mee gëtt domatter dem Benjamin Netanyahu politesch Réckendeckung.

Deen huet bekanntlech e Mëssel mam Benny Ganz, deen derbäi ass eng Regierung op d‘Been ze stellen, woufir hien awer déi israelesch Araber misst mat an d‘Boot huelen. Déi kënnen awer onméiglech déi US-Aussepolitik matdroen, an dem Benny seng blo-wäiss fannen et jo eigentlech och mega cool, datt ee Gebidder annektéiere kann ouni dofir musse Rechenschaft ofzeginn.

Mat senger Ausso huet sech de Mike Pompeo op zwee Niveauen ervirgedoen: engersäits huet hien dem Trump seng Politik vum „Teile und Herrsche“ op en neie Level bruecht an sech anersäits esou zolidd an déi israelesch Innepolitik agemëscht, datt e fir de Benny Ganz onméiglech gëtt eng Regierung op d‘Been ze stellen. Mee et schéngt wéi wann de Jang net alles dierft soe wat hie wëll.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Israel, Jean Asselborn, Judäa, Mike Pompeo, Palestina, Samaria, Siidlungen, USA, Westjordanland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel