Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!
Auto Neiegkeeten

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!

De Grand-Duché ka sech freeën! Dëst Joer ass Rout-Wäiss-Blo nämlech

Dammefussball: den SC Beetebuerg iwwerrennt d‘Damme vum FC Mamer 32
Auto Neiegkeeten

Dammefussball: den SC Beetebuerg iwwerrennt d‘Damme vum FC Mamer 32

Et war batter Kal gëschter um Terrain zu Beetebuerg, an

Jughurtsfabrick, Datenzenter an ee Militärsatellit
Auto Neiegkeeten

Jughurtsfabrick, Datenzenter an ee Militärsatellit

Den Etienne Schneider huet als Vizepremier-, Wirtschafts- a Verdeedegungsminister eng

Lëtzebuerger Automobilsbranche am Gléck

En neien Immatrikulatiounsrekord kënnegt sech un, scho fir dat drëtt Joer a folleg

Lëtzebuerger Automobilsbranche am Gléck

Ugangs September hat de STATEC nach iwwer réckleefeg Verkafszuele beriicht, an ee ganz kuerze Moment laang hat e gemengt et misst ee sech Suerge maachen. Mee et geet der Automobilsbranche esou gutt wéi nach ni. Schold wier déi exzellent demographesch Entwécklung an d‘Konjunktur…

A wann iwwert d‘Summervakanz tatsächlech 1% manner Gefierer verkaf goufen, esou huet et am September nees besser ausgesinn. Do goufen 3.811 nei Autoen ugemellt an dat ass eng Hausse vu 27,4% géintiwwer dem Virjoer. Op dat ganzt Joer geluusst, ass et mat eppes iwwer 43.000 neien Immatrikulatioune bannent néng Méint, eng Hausse vun 1,6%. Elo misst et nach esou bleiwen.

Ugesiichts de Previsioune sollt et och esou kommen, woubäi, wann se an der Branche wierklech de Rekord vun 2018 knacke wëllen, sollten nach mindestens 9.775 Gefierer en neie Besëtzer fannen. A wann ee weess, datt d‘Garagisten am leschten Trimester 2018 iwwer 10.000 Autoe vermëttelt krute sollt dem neie Rekord näischt am Wee stoen. Den ale läit iwwregens bei 52.811 Eenheeten.

Am beschte verkeeft sech zu Lëtzebuerg d‘Mark mam Stär an déi mam Dieselskandal ka seng 2. Plaz behaapten, dat virun de Blechkarossen aus Bayern. Béi de Fransouse kënnen sech nëmmen déi mam „Wénkel“ behaapten (+12,8%). D‘Marke mam Léiw verléiert liicht (-062%) an déi mat der Raut huet uerdentlech eng gelantert kritt (-12,9%). Firwat deem esou ass, wëll awer kee wëssen…

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Automobilsbranche, Garagisten, Rekordimmatrikulatiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel