VERRÉCKELT: SALUT SALON um 3. Oktober 2020 am Cube 521
De fir e Samschden den 3. Oktober 2020 geplangten Optaktconcert mat
De fir e Samschden den 3. Oktober 2020 geplangten Optaktconcert mat
Wann eppes gezwongenermoossen ausfält, muss ee sech eng Nei afale
Am Lycée Ermesinde zu Miersch hu sech Schüler vun der
Wann et richteg ass, datt den Autofestival fir déi meeschte Garagiste gutt gelaf ass, esou ass awer net dësem geschëlt, datt et dem Secteur esou glänzend geet. Dës Behaaptung stëtzt sech op de Constat, datt sech d‘Hausse schonn am Januar ofgezeechent huet, an zumindest bis Enn Abrëll mat engem Plus vu 5% säin Trend bestätege konnt. Et gesäit dann och no engem neie Rekordjoer aus.
Waren am Abrëll 2018 nach 5.371 nei Gefierer ugemellt ginn, esou sinn et der 2019 ganzer 5.642 déi e Proprietär fonnt hunn. Zanter dem 1. Januar sinn et der alles an allem 20.509 Autoen déi sech e Nummereschëld geleescht hunn. Dat entsprécht géintiwwer dem Virjoer, enger Hausse vun 4,3%. Et leeft gutt an der Branche. Déi ganz Skandaler schéngen de Lëtzebuerger net ze beréieren.
Interessant hei: et ass erwisen datt VW seng Clienten „iwwert den Dësch gezunn“ huet an och ganz offiziell net gewëllt ass déi geprellte Keefer ze entschiedegen. An awer ass et déi Mark déi een als Maartleader bezeechne muss (och wann et eng ganz butzeg Baisse gëtt) de Champion vun den Häerzer. Direkt derhannert, an aus dem selwechten Haus: Audi. Als drëtten am Bond: Mercedes.
Elo gëtt an der ganzer Branche keen Hiersteller, deen net op déi eng oder aner Aart a Weis, déi nei „Emissiouns-Regelen“ ëmgaangen hätten. Besonnesch ervirgedoen hat sech d‘VAG (ënnert dësem Daach sinn VW, Audi, Skoda, Seat, Porsche Bugatti, Lamborghini a Bentley vereent) déi ganz bewosst gelunn a gefuddelt hunn. Dofir goufen si awer nëmmen eeschthaft an den USA bestrooft.
An Europa muss VW nëmmen a ganz wéinege Fäll entschiedegen. Hei geet et dem Legislateur duer wann den Hiersteller „en Update zum Programm vun der Motorsteierung“ virhëlt. Doduerch ginn d‘Emissiounswäerter net besser an et dierf een och dann net méi op gewësse Plazen zirkuléieren. De Lëtzebuerger Client këmmert et net, an eenzeg d‘ULC huet de Kampf géint de Bedruch opgeholl.
Hei dierf een dann d‘Garagisten – déi „ongewollt“ zum Kniecht vu kriminelle Fournisseure gi sinn – drun erënneren, datt laut EU-Recht de Verkeefer géintiwwer dem Client riicht stoe muss. An dat esouguer dann, wann hien näischt dovunner gewosst hätt. Eigentlech misst de Client säi Garagist op Entschiedegung verkloen. Dat mécht de Lëtzebuerger net gären, et kennt ee sech schliisslech…
Mee si hunn all matgemaach a sinn och weiderhin, géintiwwer dem Keefer onéilerlech. D‘Hausse vun den Immatrikulatioune beweist, op erschreckend Aart a Weis, wéi erfollegräich d‘Industrie – an et begrenzt sech net op den Automobilsecteur – mat Ligen a Gefuddels erfollegräich agéiere kann. Ouni d‘Ënnerstëtzung vu Politik a Justiz wier dat ganzt allerdéngs och net méiglech…