Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen
Neiegkeeten Sport

MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen

Vertrieder vun der EU begréissen d‘Baisse vun de Zuel vun

Kanns du eis soen, wéi een dës Wierder richteg schreift?
Neiegkeeten Sport

Kanns du eis soen, wéi een dës Wierder richteg schreift?

All Woch gesi mer nei Lëtzebuergesch Wierder, wou mer eis

Méi Stierffäll am „waarme“ Summer 2018
Neiegkeeten Sport

Méi Stierffäll am „waarme“ Summer 2018

De Summer 2018 war deen 2. wäermsten dee vun der

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg

Et war dat eloten schonn déi 24. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“ (LBO) déi den Escher Volleyball Club organiséiert huet. En erfollegräicht Evenement, datt Joer fir Joer honnerte Frënn vum Volleyball, mee och der gudder Laun a Strandatmosphär, op den Escher Gaalgebierg hinzitt.

D‘Wieder war dem Event ugepasst, an esou war d‘Majoritéit vum Public entspriechend summerlech gekleet. Et ass jo och Vakanz, an esouguer wien net „richteg“ an der Vakanz war, huet sech iwwert de Weekend eng Auszäit gegënnt, wéi een se op de Stränn vu Lloret oder Palma géif genéissen. Mee et ass och an virun allem ëm de Sport gaangen…

Beach-Volley, wéi een dës Sportaart nennt, ass déi liicht méi ustrengend Versioun vun engem Sport deen ëmmer méi Interessi zu Lëtzebuerg erhält. De Beach-Volley, also eng Variant vun der „indoor“ Versioun, ass dann allerdéngs wiesentlech méi al, wéi et sech vill vun de jonke Participanten/innen dierfte virstellen. Erfonnt gouf de Volleyball 1895, an d‘Strandversioun koum 1925.

Beach

© moien.lu

A kann ee sech dann eng besser Plaz wéi „Waikiki Beach“ op Hawaii virstellen, fir déi Sportaart ze erfannen? Vläicht, woubäi zu dëser Zäit den „Outrigger Canoe Club“ déi „place to be“ war, wäit viru renomméierte Stränn aus Südfrankräich. Et ass dann 1920 gewiescht, wou de Beach-Volley „kompetitiv“ ginn ass, mat engem éischte Match um Strand vu Santa Monica, Kalifornien.

Den LBO ass eng „Institutioun“

Op Amateur oder lizenzéiert, um LBO zu Esch-Uelzecht ass net nëmme jidderee wëllkomm, mee et begéint e sech schonn aus Prinzip op Aenhéicht. Hei, op der aler Äispist beim Kiosk, sinn dräi Felder ugeluecht ginn.

De Sand, ronn dausend Tonnen, staamt vun der belscher Küst a gëtt net, wéi een dat vläicht kéint unhuelen, nom Event anerwäerteg „verschafft“. Déi wäertvoll „Spillënnerlag“ gëtt och beschtens versuergt an nees „opgeschafft“. E bëssi Verloscht ass ëmmer, firwat dann och all Joer frësche Sand bäigemëscht muss ginn. An dëse Sand huet, allen Experten no, eng immens Spill-Qualitéit.

Et gëtt ënnerschiddlech Kategorien, an déi wou éischter Volleyball als Fräizäitsport betruechten, waren un hire bloen oder gielen „Shirts“ ze erkennen, déi lizenzéiert hunn sech a rout oder blo géinteniwwer gestanen. De sougenannten „center-court“ (dat ass den Terrain an der Mëtt) war fir de „Lux Beach Tour“ reservéiert, wou déi final Manche vum nationale Beach-Volley gespillt ginn ass.

Beach

© moien.lu

Mat engem Tableau vun 78 Equippen ass den Escher „Luxembourg Beach Open“ eng vun den am beschte besichte sportleche Kompetitioune vum Land. Vill vun de Sportler an Zuschauer sinn vun Ufank un hei derbäi, a kee géif sech dëse Weekend um Gaalgebierg entgoe loossen. Do gëtt dann och schonn emol eng Vakanz verréckelt, eng Schicht mam Kolleg gewiesselt…

mam Laure Schlesser

Fotoen: © moien.lu

Ähnlech Sujeten Beach-Volley, Esch-Uelzecht, Gaalgebierg, Volleyball
Nächsten Artikel Virrechten Artikel