GEWËNNSPILL 2021: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

Dir wëllt dëst Joer emol eppes Anescht, wéi den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Sidd Dir Fan vu Béier, vum Ausprobéieren a vu Produiten, déi lokal a mat Léift produzéiert gi sinn? Dann hu mir do genau dat Richtegt fir Iech! Hannert all Dier vum Béier-Adventskalenner 2021 erwaart Iech een an der Heemescht gebrauten artisanale Béier, deen an der kaler Joreszäit net nëmmen d’Gemitt, mee och d’Häerz erwiermt.

Alkohol ass mat Mooss ze genéissen, mee géint ee Béier den Dag ass jo näischt anzewennen. Esou gëtt Iech ab dem 1. Dezember bis Helleg Owend all Dag op een Neits ee gëllene Genoss aus Happ a Malz gebueden. Ob donkel Séil, helle Charakter, fruuchtegen Nogôut oder och ee kräftegen Ofgang, hei gëtt direkt 24 Mol ee puert Erliefnis gebueden!

Nieft dem kulturellen Deel stécht all eenzelt Land duerch seng ganz eegen artisanal Produiten ervir. Wien déi räich national Diversitéit u këstlechem artisanale Béier hautno kenneléieren, sech vum gelongene Goût an den exklusiven Notte verzauberen oder och säin eegene flëssege Lexikon beräichere wëll, dee mécht mam Béier-Adventskalenner 2019 alles richteg. Hannert all Dierche verstoppt sech jeeweils een anere Béier, sou wéi eng Beschreiwung zum alkoholesche Gedrénks, déi op eiser Säit oder och op Lëtzebuerger Béier Adventskalenner noliese kënnt.

Iwwerraschung, Iwwerraschung!

Als Kaddo un eis Lieser verlouse mir 3 x 1 Béier-Adventskalenner am Wäert vu jeeweils 89 € op eiser Facebook-Säit. Matmaachen ass dobäi ganz einfach:

  • Gitt Facebook-Fan vu Moien.lu an dem Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
  • Kommentéiert mat engem Béier-Emoji a markéiert déi Persoun(en), déi bestëmmt och Freed mat dësem speziellen Adventskalenner hätten
  • Deelen ass kee Muss, awer gäre gesinn

Ausgeloust gëtt e Mëttwoch, de 24. November 2021. Mir wënsche vill Gléck!

D’Konditiounen fannt Dir HEI.

Prost gesot!

Den originelle Béier-Adventskalenner ass fir 89 € op diverse Plazen ze kréien:

  • AUSVERKAFT Friterie “beim Francis” (35, Route de Luxembourg zu Luerenzweiler);
  • Boissons Wallers, Heischent (nach 2 Stéck)
  • Béierhaascht/Salaisons Meyer, Käerjeng (nach 6 Stéck)
  • Topaze, Miersch (nach 6 Stéck)
  • Pall Center, Uewerpallen, Steesel, Stengefort, Stroossen (nach 5-1-2-1 Stéck)
  • KETTI, Dikrech (nach 1)
  • Au Petit Luxembourg, Klierf (nach 4 Stéck)
  • Konsdreffer Millen, Konsdref (nach 3 Stéck)
  • Brasserie Um Tennis, Sennengerbierg (nach 4 Stéck)
  • Millebières, Buerglënster (nach 6 Stéck)
  • Op Bestellung mat gratis Heem-Liwwerung iwwer www.letzshop.lu
    Är Reservéierung vun dësem schmocke Stéck gëllt, soubal de Betrag op de Konto LU660019 5255 9066 000 vu La Punta bei der Spuerkeess agaange sinn

D’Unzuel un Béier-Adventskalenneren ass begrenzt, dofir gëllt et schnell zouzeschloen! Wéi kéint een zu 24 Mol purer Freed nee soen?

(Sponsored Story)

Dernières nouvelles