Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens
Neiegkeeten

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens

Säit Haut Muere sinn d‘USA an der „Shutdown“ (Haushaltsspär) Period

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela
Neiegkeeten

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela

No de rezenten Evenementer déi am Venezuela opkomm sinn, an

money
EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee
Neiegkeeten

EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee

Et hat vill Zouversiicht ginn an den EU-Rotspresident Charles Michel,

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op

Vergaangene Mëttwoch hunn d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Direkter vun der Bësch- an Naturverwaltung Frank Wolter de Gesondheetszoustand vun eise Bëscher an dësem Joer presentéiert.

Zënter 1984 gëtt all Joer ee phytosanitairen Inventaire vun eisen nationale Bëscher gemaach. Just esou kann den aktuelle Gesondheetszoustand vun eise Bëscher am Generelle festgehalen an analyséiert ginn. D’Resultat kann een net schéi schwätzen: D’Halschent vun eise Bëscher si staark matgeholl.

Eng Degradatioun vu ganzer 18,7% méi, par Rapport zu 2018, ass ze verzeechnen. Just 13,4% weise keng Schiet op, am leschte Joer louche mir bei 31,8%.

D’Ministesch huet an dësem Kader de Programm „Klima-Bonus“ fir d’Bëscher presentéiert, den als Zil huet d’Gestionnaire vun de Bëscher ze ënnerstëtzen an esou eng nohalteg Verwaltung ze garantéieren. Donieft gëllt et déi zuelräich Servicer ze erhalen.

D’Stäerkung vun der Struktur vum Rot, der Formatioun an der technescher Hëllef, d’Upassung vun de finanziellen Hëllefe fir d’Bëschbesëtzer an Hëllefsmëttel zum besseren a méi ugepasste Choix vun de Beem.

Ähnlech Sujeten Bam, Carole Dieschbourg, Ëmwelt, Fierschter, Frank Wolter, Klima-Bonus, Lëtzebuerger Bëscher, Natur, schlechten Zoustand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel