Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: Haut ass Dag vum Dessert!
https://moien.lu/danganronpa-v3-dating/

What the Fakt: Haut ass Dag vum Dessert!

Dëse kuriéise Feierdag steet ganz am Zeeche vum léifste séissen

stages of dating me
https://moien.lu/danganronpa-v3-dating/

https://moien.lu/lucknow-dating-sites/

Kommende Méindeg gëtt op der Place Winston Churchill an der

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!
https://moien.lu/danganronpa-v3-dating/

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!

Wéi d‘Gewerkschaft LCGB an engem Communiqué matgedeelt huet, huet déi

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung

Um Méindeg hat den Educatiounsminister Claude Meisch eng Entrevue mat de Vertrieder vun de Gewerkschafte SNE/CGFP an der Féduse/Enseigement-CGFP, bei där et ëm de Lëtzebuerger Bildungsdësch gaangen ass.

De Lëtzebuerger Bildungsdësch, eng Iddi déi de Minister déi lescht Woch opgeworf huet, an als Plattform soll genotzt ginn, bei där sech all d‘Acteuren aus dem Schoulwiesen, wëssenschaftlech Experten a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft, iwwert d‘Situatioun an der Educatioun sollen austausche kënnen.

E Virschlag, dee vun de Gewerkschaften dann och begréisst ginn ass. Si begréisse besonnesch de Wëlle vum Minister den Debat wëllen ze objektivéieren, an esou eng besser Kontinuitéit vun der Bildungspolitik am Verlaf vun de politesche Mandater se assuréieren. Ëmmerhin ass ze bedenken, datt mir am Hiecht Chamberwahlen hunn.

Bei der Entrevue, wou de wichtege Rôle vun den Enseignanten am Bildungsberäich ënnerstrach ginn ass, waren sech de Claude Meisch an d‘Enseignante eens, datt een dës Enseignante muss um Bildungsdësch bedeelegen. Ëmmerhi wieren si et, déi d‘Moossnamen an Entscheedungen um Terrain ëmzesetzen hätten.

Konstruktiv Beiträg si wëllkomm

De Minister an d‘Gewerkschaften hunn sech dann drop gëeenegt datt d‘Enseignanten um Bildungsdësch vun enger demokratesch gewielter Representatioun vertruede solle ginn. Gemengt sinn domatter d‘Vertrieder vun de Gewerkschaften, déi opgrond vun de Sozialwahlen d‘Mandat erhalen hunn, an der Beamten- an Employéskummer ze siegéieren.

Aus der Matdeelung vum Ministère war allerdéngs net erauszeliesen, firwat bei der Entrevue keng Vertrieder vum OGBL-SEW uwiesend waren. Gewosst ass just, datt OGBL-SEW a Claude Meisch am Moment net gutt openaner ze sprieche sinn, wat eventuell op e kontroverséierten Echange vu Communiquéen zeréckzeféiere wier.

Bis ewell huet sech den OGBL-SEW weder op senger Internetsäit, nach via Communiqué zu dëser Entrevue mat den am Daachverband CGFP organiséierte Gewerkschafte geäussert. Et ass dann awer schwéier virstellbar, datt hir Vertrieder vum Lëtzebuerger Bildungsdësch sollten ausgeschloss ginn. De Sujet ass wichteg an eescht genuch, datt jiddereen deen eppes Konstruktives bäizedroen huet, dat och soll dierfe maachen.

mam SIP

Ähnlech Sujeten Bildungsdësch, CGFP, Claude Meisch, Educatiounsministère, OGBL-SEW
Nächsten Artikel Virrechten Artikel