Search

You may also like

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen
Kultur Neiegkeeten

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen

Spuenien ass eng vun eisen dräi beléiftste Reesdestinatioune, firwat et

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren
Kultur Neiegkeeten

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren

Si haten et ugekënnegt an zéien et voll duerch: d’Klimaaktiviste

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht
Kultur Neiegkeeten

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht

Dobäi sinn dës Zuele méi niddreg, wéi nach am Joer

Déi Nominéiert vum Lëtzebuerger Buchpräis sti fest!

Déi Nominéiert vum Lëtzebuerger Buchpräis sti fest!

Et ass souwäit: De Lëtzebuerger Buchpräis 2020 geet endlech an déi lescht Ronn. De ganze Summer iwwer huet de Jury d’Wierker vun der Longlist kritesch gelies, auserneegeholl a bewäert.

Lo ass d’Entscheedung getraff an et si jeeweils 5 Bicher pro Kategorie aus de Beräicher Literatur a Kanner- a Jugendliteratur erausgewielt ginn (dëst Joer gëtt et keng Shortlëscht an dem Beräich Sachbuch, well ze wéineg Titelen eragereecht goufen). Lo ass et un Iech, léif Lieser*innen, aus där ganzer Shortlëscht Äre perséinleche Favorit erauszewielen.

Dobäi gëtt et nach eppes ze gewannen!

Zwou Woche fir 10 Bicher: Vum 26. Oktober bis zum 9. November 2020 kënnt Dir op www.buchprais.lu ofstëmmen. Wann dir ofstëmmt, hutt dir d’Méiglechkeet ee vu fënnef Bicherbongen am Wäert vu jeeweils 100 Euro ze gewannen. Dëst Joer, wéinst den aussergewéinlechen Zoustänn, ginn d’Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2020 am Kader vun enger Zeremonie bekannt, déi de 19. November 2020 am ganz klenge Krees (mat live-Iwwerdroung) an der BNL stattfënnt.

D’Redaktioun ass scho gespaant!

Hei sinn déi nominéiert Auteuren an hier Bicher

Rubrik Kannerbicher

  • Wichapi, Etoile parmi les étoiles
    Vum Marie-Isabelle Callier
    Éditions Schortgen
  • Rout, gréng, giel… Paprika
    Vum Dolores Focaccetti
    Editions Friederich-Schmit
  • Mooka n° 1, E Mook fir Kanner, eng Stad: Esch/Uelzecht, en Thema: Nuecht
    Collectif
    Zoom Editions
  • Baba Bégaie
    Vum Béatrice Ruffie Lacas & Baptiste Boulanger
    Kiwi ELG
  • De Wëlle leeft am Bësch
    Vum Diane Orban & Karels Myriam
    Editions Schortgen

Rubrik Literatur

  • Zeeechen
    Vum Samuel Hamen & Marc Angel
    Editions Guy Binsfeld
  • Fox-trails, -tales & -trots
    Vum Pierre Joris
    Black Fountain Press
  • Die Mutationen
    Vum Francis Kirps
    Hydre Éditions
  • La Quête
    Vum Antoine Pohu
    Op der Lay

Opmaacherbild: © Valentin Salja / Unsplash

Related topics Auswiel, Baba Bégaie, Editions Schortgen, Kiwi ELG, Lëtzebuerger Buchpräis, Literatur, Op der Lay, Wichapi, Zeeechen
Next post Previous post