Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich

D‘EU misst léieren „d‘Sprooch vun der Muecht“ unzewennen, esou gëschter

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…
Kultur Neiegkeeten

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…

Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November,

Frankräich: Eng Äntwert op d‘Migratioun fannen
Kultur Neiegkeeten

Frankräich: Eng Äntwert op d‘Migratioun fannen

Mat iwwer 12.000 Logementer fir d‘Refugiéen an Asylante mécht Frankräich

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: Appell fir matzedanzen!

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: Appell fir matzedanzen!

Fir déi 5. Editioun vum Lëtzebuerger Danzpräis invitéiert de Kulturministère nees all interesséiert Persounen, sech als Kandidat ze mellen. Zwee Mol am Joer gëtt d’Evenement lancéiert, wouduerch ee bis zu 5.000 € gewanne kann.

Zil ass et, d’Schafe vun zäitgenëssesche Choreographien an den artistesche Geescht vun de jonken Dänzer zu Lëtzebuerg unzereegen. Dobäi belount de Präis all DänzerIn, den oder déi sech duerch hiren Optrëtt vun aneren ënnerscheeden an esou international op sech opmierksam maache kënnen. Den Engagement vum Artist an der Entwécklung vun der kënschtlerescher Gestaltung vun engem Danz ass heibäi natierlech vu Virdeel.

Matmaachen dierf all DänzerIn oder professionelle Choreograph bis zum Alter vu 35 Joer. Donieft muss een déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn oder Resident am Grand-Duché sinn. Bis zum 12. Mee 2019 sollt ee seng Kandidatur u folgend E-mail Adress schécken: appel.dance@mc.etat.lu. Den Dossier soll een ënnerschriwwene CV mam professionelle Parcours, sou wéi de Schlësseletappe vun der professioneller Karriär enthalen. Donieft kënnen och aner Dokumenter (Pressedossier, Video, Illustration, Foto,…) bäigefüügt ginn.

D’Jury gëtt zesumme gesat aus dem Christiane Eiffes, Vize-Presidentin vum Zentrum fir Choreographien TROIS C-L, dem Natascha Ipatova vun DanceXperience Asbl, dem Tom Leick-Burns, Direkter vum Stater Theater, dem Simone Mousset, Laureat vum Lëtzebuerger Danzpräis 2017 an dem Marie-Laure Rolland, Journalistin.

D’Reegelen zum Lëtzebuerger Danzpräis fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten Appell, Choreographie, Concours, Dänzer, Lëtzebuerger Danzpräis 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel