Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Science Summer Splash: Wa Wëssenschaft an Technik d‘Vakanz verschéineren
it dating website Neiegkeeten

online dating app deutschland

Organiséiert vun der PINS Asbl, fënnt vum 12. bis de

dating gibson pickups
it dating website Neiegkeeten

Deemnächst däitsch Zaldoten a Syrien?

Zu Berlin, wou d‘Koalitiounsregierung sech grad wéinst der Nominéierung vun

What the Fakt – de Festival vun de Primaten
it dating website Neiegkeeten

What the Fakt – de Festival vun de Primaten

Sou munche wäert haut säin Aarbechtskolleg, Bänknoper oder Partner ukucken

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!

Gëschter huet de Jury vum Lëtzebuerger Danzpräis 2019 säi Laureat presentéiert: D’Dänzerin a Jill Crovisier konnt mat senger choreographescher Leeschtung iwwerzeegen an duerft ënnert anerem 5.000 € mat Heem huelen. De Lëtzebuerger Danzpräis gëtt zwee Mol am Joer organiséiert a vum Kulturministère ënnerstëtzt.

„De Laureat huet de Jury eestëmmeg iwwerzeegt duerch d’Qualitéit an d’Kohärenz vu senger artistescher pluridisziplinärer Demarche. D’Ausstralung an den nationalen an internationale Succès bestätegen seng remarkabel Entschlossenheet.“

Ënnert dem Virsëtz vum Christiane Eiffes, Vize-Presidentin vum Centre de Création Choréographique Luxembourgeois TROIS C-L, war de Jury zesumme gesat aus dem Natascha Ipatova vun Dance Xperience Asbl, dem Tom Leick-Burns, Direkter vum Stater Theater, dem Simone Mousset, Gewënnerin vun 2017 an dem Marie-Laure Rolland, Journalistin.

Um 3. Juli 2019 wäert dann déi offiziell Präisiwwerreechung am TROIS C-L stattfannen. Mat dobäi ass d’Kulturministesch Sam Tanson.

Scho säit 2011 belount de Kulturministère zwee Mol am Joer mam Lëtzebuerger Danzpräis, een/eng Dänzer/Dänzerin oder och een/eng Choreograph/Choreographin, den/déi aus deenen aneren erausstécht an international Opmierksamkeet duerch seng Leeschtungen erziilt. De Präis soll zum d’Entstoe vun zäitgenëssesche Choreographien ermuddegen an dat artistescht Talent vu jonken Dänzer am Grand-Duché fërderen.

Jill Crovisier

D’Jill Crovisier © Varvara Kandaurova

Méi zum Jill Crovisier

D’Jill huet seng Formatioun am klasseschen an zäitgenësseschen Danz am Conservatoire de Musique zu Esch-Uelzecht ofgeschloss, ier et schliisslech am Joer 2005 ausgewielt ginn ass, fir der China EU Arts School zu Peking bäi ze trieden.

Mat 18 Joer war hat Member bei der Weis Dance Company an huet seng Etüden am Danz an diverse Länner virugefuer: Frankräich, New York, Israel an Indonesien. Virun 10 Joer huet hatt säin Staatsdiplom als Danzprofesser kritt.

Als Dänzerin huet hatt, fir der e puer ze nennen, mat folgenden Artisten zesumme geschafft: Liat Kedem (AUS), Oz Mulay (ISL), Anu Sistonen (FIN), Pia Vinson (USA), Elisabeth Schilling (DE), Sarah Baltzinger (FR), Kendra J. Horsburgh (UK).

Am choreographesche Beräich huet hatt R! CE, We Are We, Zement, Zement le solo, The Hidden Garden an MATKA op d’Been gestallt. Säit 2013 huet déi talentéiert Fra och a Kuerzfilmer matgespillt. Zwee Joer méi spéit huet hat dunn Projeten an der Danz-Therapie ënnerstëtzt.

Zu Lëtzebuerg ass d’Jill Crovisier déi artistesch Directrice vun JC Movement Production. Virun zwee Joer ass hat bei der Hannover Choreographic Competition ausgewielt ginn, sou wéi fir den Editiounspräis Frankfort beim Concours Solocoreografico zu Turin an de Produktiounspräis CICC Taiwan bei der Copenhagen International Choreography Competition . Ee Joer méi spéit huet hatt SIEBEN fir 7 Dänzerinne gegrënnt.

Momentan danzt d’Jill fir Cie Mirage (FR), d’Hannah Ma Dance (DE) an d’Andrea Hackl Projects (NL).

Opmaacherbild: © Varvara Kandaurova

Ähnlech Sujeten Choreographie, Jill Crovisier, Lëtzebuerger Danzpräis 2019, Sam Tanson, TROIS C-L
Nächsten Artikel Virrechten Artikel