Search

You may also like

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul
Neiegkeeten Sport

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul

Am Krich géint den Islamesche Staat (IS) féieren déi irakesch

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck
Neiegkeeten Sport

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck

De Match, deen e Samschdeg um 19:30 Auer ugepaff ginn ass, huet sech

Wann ee vum Plastik-Problem an de Mierer schwätzt, dann denkt ee net direkt un Zigarettestëmp
Neiegkeeten Sport

Wann ee vum Plastik-Problem an de Mierer schwätzt, dann denkt ee net direkt un Zigarettestëmp

Et ass awer sou dass d’Zigarettestëmp un de Stränn deen

Lëtzebuerger Esports Federatioun stellt sech international op

Lëtzebuerger Esports Federatioun stellt sech international op

D‘Luxembourg Esports Federation Asbl (LESF) ass zanter Juli ganz Offiziell registréiert an huet sech villes fir d‘Zukunft virgeholl. Et geet dobäi drëms d‘Interesse vun de ville Veräiner ze verdeedegen, mee natierlech och vun den zoustännegen Instanzen als vollwäertege Sport unerkannt ze ginn. Mee et gouf schonn éischter villes a Beweegung gesat…

Esou haten déi vill Fraen a Männer ronderëm de President Joe Hoffmann, schonn am Mee bei der International Esports Federation (IESF) ugeklappt, an sech als Member vun der weltwäiter Famill ugebueden. An elo huet de Weltverband IESF dann och offiziell bestätegt, datt déi Lëtzebuerger Federatioun offiziell als Member opgeholl ginn ass. Dat ass net nëmme flott, datt ass fantastesch.

„Mir sinn immens houfreg Deel vun dëser grousser Aventure dierfen ze sinn“, esou de, LESF-President Joe Hoffmann an engem éischte Statement. „Mir kucken elo an eng opreegend Zukunft bannent der IESF. Zesumme mat all den aneren 81 Natiounen, ass d‘LESF bereet sech den Erausfuerderungen ze stellen, déi d‘Evolutioun an d‘Entwécklung vun e-Sports brénge wäert“.

Esports

Fir d‘LESF bedeit dës wichteg Memberschaft, datt déi national Federatioun sech un den offizielle Competitioune vum Weltverband bedeelege kann, an esou dann och national Tournoien organiséiere muss, bei deenen déi national e-Athlete selektionéiert ginn, déi Lëtzebuerg op der internationaler Bühn bei europäeschen an/oder Weltmeeschterschafte vertriede wäerten. An dat ass scho bal…

Déi 12. e-Sports Weltspiller fannen dëst Joer vum 6. bis 12. Dezember zu Eilat (Israel) statt. Hei gëtt bei PES (Pro Evolution Soccer), Tekken 7 an Dota2 ëm déi bescht Placéierung. Fir Lëtzebuerg eng Première. D‘LESF organiséiert national Qualifikatiounen (online) vum 25. bis 27. September, an déi bescht kënnen sech dann iwwert d‘regional Qualifikatiounen am Oktober eng Plaz sécheren.

Aschreiwen elo!

Wéi d‘LESF informéiert, kann sech ab haut 14. September an dat nach bis den 21. September als nationale Spiller registréiert ginn. Detailer zu wéi, wou, a wat, bitt d‘LESF op all senge Kanäl an de soziale Medien un.

Related topics Esports, IESF, LESF, Luxembourg Esports Federation
Next post Previous post