Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!
Am Kader vun der nationaler Strategie zur Fërderung vum gesonden
Am Kader vun der nationaler Strategie zur Fërderung vum gesonden
Den Aarbechtskampf bei Guardian/Luxguard geet weider a géigewäerteg setzen sech
Säi Schreifstil fënnt een, andeems ee verschidden Aflëss mëscht. Genau
E Samschdeg, den 22. September huet déi 8. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis am Groussen Theater an der Stad Lëtzebuerg statt fonnt.
Bei der Zeremonie, organiséiert vum Filmfong an der Filmakademie, waren och eise Grand-Duc an d’Grand-Duchesse, souwéi de Xavier Bettel an de Guy Arendt present. De Guy Daleiden, Direkter vum Filmfong, an de Claude Waringo, President vun der Filmakademie sinn houfreg Iech d’Lëscht vun de Gewënner, déi aus engem Vott vun de Membere vun der Akademie ervir gaange sinn, vum Filmpräis virstellen ze duerfen.
Déi verschidde Präisser goufen iwwerreecht vun:
Der Grande-Duchesse an dem Paul Thiltges (President vun der ULPA), dem Bady Minck (Produzentin vun Amour Fou Luxembourg) an dem André Dziezuk (Komponist), dem Alexis Juncosa (Konschtdirekter vum Luxembourg City Film Festival) an dem Elly Verduyckt (Skript), dem Fabienne Hollwege (Schauspillerin) an dem Hana Sofia Lopes (Schauspillerin), dem Guy Daleiden (Direkter vum Filmfong Luxembourg) an dem Claire Johnston (Schauspillerin), dem Caroline Origer (Realisatrice) an dem Pierre Urbain (President vun der FMIAV), dem Caroline Koener (Costumière) an demLuc Schiltz (Schauspiller), dem Katja Reinert (Visagistin) an dem Marion Guth (Produzentin a_Bahn), dem Xavier Bettel (Premierminister, Kulturminister a Kommunikatiouns- a Medieminister).
De Lëtzebuerger Filmpräis ass 2003 entstane fir déi bescht Matwierkungen am Lëtzebuergesche Kino- a Filmberäich ze belounen. Sou sollen och hir Wierker ee gewësse Wäert a Qualitéit kréien an zu Kreatiounen am Film encouragéieren. Doduerch entwéckelt sech national Filmindustrie weider an zitt d’Opmierksamkeet vum Public op Lëtzebuergesch Produktiounen.