Search

You may also like

Schikanéiert a kriminaliséiert… an awer Retten si weider Mënschen
Neiegkeeten

Schikanéiert a kriminaliséiert… an awer Retten si weider Mënschen

De Samschdegmëtten huet d’Crew vum Rettungsschëff Alan Kurdi 114 Mënschen aus zwee

dislike
Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?
Neiegkeeten

Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?

Mat dëser Fro huet sech de Statec auserneen gesat. An

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 6
Neiegkeeten

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 6

[onionbuzz quiz-id=93][/onionbuzz] Och an dëser Ronn hu mer de Bléck

Wann d‘Kris dech ëm de Verstand bréngt

Déi Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychiatrie warnt virun engem Versuergungsenkpass

Wann d‘Kris dech ëm de Verstand bréngt

D‘Land géif virun enger Kris an der Kris stoen, esou den alarméierende Fazit vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychiatrie (SLPPP), um Weltdag vun der psychescher Gesondheet (10. Oktober). Am Communiqué weist de Beruffsverband op ee besuergnesereegende Mangel u Spezialisten hin.

Erschreckend wieren d‘Zoustänn an de Spideeler, an dat an engem Mooss, datt den Zesummebroch vun de psychiatreschen Déngschter reegelrecht virprogramméiert wier. Laut der SLPPP hu leschte Mount véier Liberal Psychiater an de Spideeler hir Aarbecht agestallt, woubäi een aus Altersgrënn ausgescheet ass. Fënnef fräi Assistenzplaze stinn op a kënnen net besat ginn, well et schlicht keng Kandidature gëtt.

Datt de psychiatresche Bereetschaftsdéngscht iwwerhaapt nach kann oprechterhale ginn, wier dem Fait ze verdanken, well et Psychiater gëtt, déi trotz Pensioun weiderschaffen. D‘SLPPP weist hei och drop hin, datt vill Psychiater ufänken an „den Alter ze kommen“ an awer onverzichtbar sinn, fir d‘Betreiung vu Mënsche mat psychesche Stéierungen. Dat ass net nëmme geféierlech, bezunn op d‘Konsequenzen, dat ass scho fuerlässeg.

Et gëtt allerdéngs eng Erklärung fir dësen Desaster. Zum enge wieren d‘Aarbechtskonditiounen net déi bescht, besonnesch an de Spideeler, wou dës Dokteren nieft hirer regulärer Aarbecht, bis zu 10 Mol de Mount, eng Bereetschaft vu 24 Stonnen ze leeschten hunn. Zum anere geet et sech mat der Pai net méi op. D‘Bezuelung vun de Psychiater géif net dem Wäert vun der geleeschter Aarbecht entspriechen, esou d‘SLPPP.

Wann deem net zäitno begéint gëtt, da géif et net méi laang brauche bis d‘Versuergung duerch Psychiater an de Spideeler ganz zesummebrécht. Woubäi et laut dem Beruffsverband och en Impakt op d‘Behandlung baussent de Spideeler a virun allem am ambulante Beräich huet. Dat dierft der Regierung an der Gesondheetsministesch net entgaange sinn, déi selwer drop higewisen hat, datt d‘Covid19-Kris och op d‘Gemitt schléit.

An dësem Kontext misst séier gehandelt ginn. Déi Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychiatrie fuerdert Moossnamen am Bezuch op d‘Aarbechtskonditiounen an d‘Remuneratioun. Verlaangt gëtt dann och, datt op der Universitéit Lëtzebuerg, esou séier wéi méiglech Post-Graduéiertenausbildung fir Psychiater ugebuede soll ginn. Ugesiichts der sech bemierkbar maachender Wirtschaftskris, sollt een datt bei Santé eescht huelen.

Illustratioun: Duerch déi sanitär Kris si vill Problemer opkomm, déi virdru gären ausgeblent goufen an duerch déi sech ofzeechnend Wirtschafts- a Sozialkris net wäerte manner ginn. Wann et net wierklech zäitno zu Verbesserungen am Beräich vun der psychescher Gesondheet kënnt, ass eng medezinesch Versuergung net méi ze leeschten. © Mathieu Stern / unsplash

Related topics Gesondheet, Gesondheetsministesch, Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychiatrie, Psychiatrie, SLPPP
Next post Previous post