Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Paradisesch Kläng aus Metz
International Neiegkeeten Sport

Paradisesch Kläng aus Metz

Bei „Burin Musique“ zu Metz, direkt nieft dem Theater hu

coolsurprise
Ëmmer méi LEDe beliichten eis Stroossen – dat huet seng Grënn!
International Neiegkeeten Sport

Ëmmer méi LEDe beliichten eis Stroossen – dat huet seng Grënn!

Bis zu 15% vun de Stroumkäschte bei der ëffentlecher Beliichtung kéinten

Wéi gutt kenns du déi al Eisebunnsstrecke vu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten Sport

Wéi gutt kenns du déi al Eisebunnsstrecke vu Lëtzebuerg?

Den Zuch huet eng fest Plaz zu Lëtzebuerg. Net nëmmen

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft

Den neie Weltmeeschter am Compound-Bouschéisse kënnt aus Lëtzebuerg a n heescht Timo Bega. De jonke Lëtzebuerger huet seng Géigner op d‘Plaze verwisen an dem Land eng historesch Victoire geschenkt. Dat war wuel net vun Ufank un esou geplangt, erfreeën doriwwer dierf ee sech awer.

Wéi et um Freideg am italienesche Cortina d‘Ampezzo an d‘Qualifikatioun gaangen ass, huet sech den Timo Bega mat 779 Punkten als néngte Qualifikant ervirgedoen. Eng Leeschtung déi ee schonn erhiewe kann. De jonke Lëtzebuerger Bouschéisser war sech dann och bewosst, datt hien nach eng zolidd Schëpp misst bäileeën, wann hien dës „Aventure“ wëll zu engem Erfolleg féieren.

An et sollt dann och ëmmer zimlech knapp ausgoen. Bei der Ausenanersetzung mam Amerikaner Hughes Eli, hunn se streckeweis am Lëtzebuerger Team méi wei eng Kéier den Otem ugehalen. Den Timo Bega huet seng mental Stäerkt voll ausgespillt, sech kee Kapp gemaach an op d‘Scheiwe konzentréiert. An der Rou läit bekanntlech d‘Kraaft, an hie gewënnt knapp mee verdéngt mat 97:96.

Nom Amerikaner, huet sech de Lëtzebuerger dem Jesse Sut missen entgéint stellen. Och hei war, zumindest um Pabeier, den Italiener däitlech favoriséiert. Deen huet da beim Schéissen „Nerven“ Gewisen, konnt eisem Espoir de bass net halen. Den Timo Bega, deen sech net op d‘Feeler vu sengem Géigner, mee op déi eege Leeschtung konzentréiert huet, gewënnt de Match 65:62.

Den éischte Schratt war gemaach…

Domatter war de Borscht an der Final, an alles wat hei sollt oder hätt kënne passéieren, wier nach ëmmer eng super Virstellung vum Timo Bega gewiescht. Elo ass et net esou, datt een sech am Team Lëtzebuerg keng Hoffnunge gemaach hätt, mee an der Finale géint de Connor Sears aus Amerika unzetrieden, dat war dann awer onerwaart. Onerwaart, virun allem fir den Amerikaner, d‘Resultat.

An der Finale ze stoen, woumat d‘Sëlwermedaile geséchert war, konnt een aus Lëtzebuerger Siicht schonn als groussen Erfolleg ugesinn. Den Timo Bega, deen näischt aus der Rou ze brénge schéngt, huet dëse Challenge ugeholl, ouni sech seng Nervositéit umierken ze loossen. Ganz op sech, a säi Bou konzentréiert, huet de Lëtzebuerger Vizeeuropameeschter seng Leeschtung ofgeruff.

De Connor Sears, eng echt Gréisst an dëser Sportaart, muss och net schlecht gestaunt hunn, a dierft sech hei op e weidere Meeschtertitel Hoffnunge gemaach hunn. Et sollt bei der „Hoffnung“ bleiwen an, och wann et wierklech net ze erwaarde war, den Timo Bega huet mat 63:62 d‘Finale fir sech entscheet. Säin Equipier a Coach, Gilles Seywert, huet en Ament gebrauch fir dat ze gleewen.

Den Timo war net eleng ënnerwee

Och de Gilles Seywert war um Wettkampf bedeelegt. Mat engem neien Nationalrekord an der Qualifikatioun, wou hie mat 821 Punkten als véierten an d‘Ausscheedung geet, hat een hie ganz vir am Klassement erwaart. Hie muss sech a senger Kategorie mat der 9er Plaz ënner 45 Konkurrenten zefridde ginn. Den Hollänner Mike Schlösser, ass als Weltmeeschter vum Terrain gaangen.

Domatter steet fest, datt déi Lëtzebuerger Bouschéisser op internationalem Niveau gutt mathale kënnen. Schonn déi lescht Woch hat sech den Trio: Joe Klein, Pit Klein a Jeff Henckels, mat enger Bronzemedail am olympesche Bou, bei der Europameeschterschaft a Polen ervirgedoen. Fir den Timo Bega ass dann och de schéinsten Ofschid, deen hie senger „Juniore“ Carrière bidde konnt.

Merci un d‘Fabienne an den Yves, déi dëse Bericht méiglech gemaach hunn

Ähnlech Sujeten Cortina d‘Ampezzo, Felsbouschéissen, Gilles Seywert, Timo Bega, Weltmeeschterschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel