Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim
Auto International Neiegkeeten Sport

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim

Um Donneschdegmueren, huet de südkoreaneschen Etat-Major militäresch Aktivitéiten aus dem

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?
Auto International Neiegkeeten Sport

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?

Fir den 90 järege Jean-Marie Le Pen, rietsradikale Politiker, Grënner

Nouspelt: Schéint Wieder, gutt gelaunte Mënschen… Esou geet „Eemaischen“
Auto International Neiegkeeten Sport

Nouspelt: Schéint Wieder, gutt gelaunte Mënschen… Esou geet „Eemaischen“

Et war schonn déi 63. Editioun vun der Eemaische, déi

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring

Eisen Dylan kann och am Porsche Carrera Cup Däitschland Punkten

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring

Hockenheim an den Dylan Pereira, dat passt gutt zesummen. Hei hat de jonke Lëtzebuerger vu Team Lechner Racing Enn Juli déi héchsten Träppche vum Porsche Mobil 1 Supercup erklommen. Dës Klass mécht grad eppes „Paus“ mee et stoungen nach zwou Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland um Kalenner, an och do konnt de Beruffszaldot d‘Landesfaarwe verdeedegen.

Et ware schonn déi 14. a 15. Manche an den Dylan hat sech hei eppes virgeholl. Hockenheim awer ass ëmmer nees anescht, och wann d‘Streck selwer bei de Piloten immens beléift ass. Interessant de Verlaf vun der Pist duerch de Bësch, vill séier Ofschnëtter an néierens Plaz fir de geréngste Feeler. Op dësem Weekend war et dann och nach eppes komplizéiert, well eppes ze vill Gummi op der Streck geleeën huet. An dat kënnt dem Porsche 911 GT3 Cup beim Grip net wierklech entgéint.

Fir den Dylan awer war et wichteg zwou ganz gutt Qualifikatiounsronnen hinzeleeën an sech esou méiglechst gutt fir d‘Renne vum Weekend opzestellen. Mat 30 agedroene Piloten, kann ee sech gutt virstellen, datt et eppes „Verkéier“ an der Qualifikatioun ginn huet. A sengem éischte Versuch huet den Dylan mat der drëttbeschter Zäit säin „Tëschestopp“ ageluecht. Beim zweeten Ulaf huet hie seng Zäit nach emol verbessere kënnen, mee d‘Konkurrenten hunn och net geschlof…

Dylan

© Lechner Racing

Nom Zäitfuere war gewosst: déi 14. Manche geet vu Startplaz 3 lass, déi 15. Manche da vun der 5. Plaz. Alles an allem eng gutt Ausgaangslag, zemools gewosst ass, datt den Dylan Pereira vum Start aus ëmmer nees fir eng Iwwerraschung gutt ass. Hien ass dann och gutt gelaunt an zouversiichtlech un de Start gaangen. Eng Plaz virum Lëtzebuerger war den Team-Kolleg Julien Andlauer.

Bäihalen… bäihalen…

Bei de éischter Manche vum Weekend huet den Dylan Pereira säin Depart gutt gemanagt kritt, an huet direkt den Drock op säin Team-Kolleg gemaach, deen op Plaz zwee net wierklech gewëllt war dem Lëtzebuerger Plaz ze maachen. Dësen Zweekampf gouf eppes ënnerbrach, wéi e Konkurrent d‘Geländefäegkeet vu sengem Porsche ausprobéiert huet. De Safety-Car huet missen op d‘Pist an d‘Feld huet sech nees „gesammelt“.

Wéi d‘Course nees opgeholl konnt ginn huet den Dylan den Drock op de Julien erhéicht an no der siwenter Ronn war de Lëtzebuerger op Plaz 2. Dat leider nëmme kuerz, well op en Neits huet den Ausrëtt vun engem iwwermotivéierte Konkurrent de Safety-Car op d‘Pist beuerdert. Och hei huet sech d‘Feld zesummegezunn an beim „Restart“ war et de Julien Andlauer, deen den Ënnerscheet gemaach a sech seng zweet Plaz zréckgeholl huet.

Um Sonndeg dann déi 15. Manche oder zweet Course vum Weekend, jee nodeem wéi ee rechent. A vu gudder Stëmmung war direkt nom Depart keng rieds méi. E Gedrécks sonnergläichen, wat och derzou gefouert huet dat esou munch Rennmaschinn nieft der Pist gelant ass, huet dem Dylan net an d‘Hänn gespillt. Sécherheet geet vir wann een op Punkten aus ass, an esou huet de Lëtzebuerger wou Plaze missen hierginn.

Nach an der éischter Ronn huet de Safety-Car missen op d‘Pist kommen. Et war, wéi soll ee soen, eppes chaotesch an de Pilot vum Team Lechner Racing huet misse Rou beworen. Mat Beduecht an Opmierksamkeet ass sech op d‘Reprise vun der Course konzentréiert ginn. Dat huet sech gelount, well den Dylan konnt sech direkt ëm eng Plaz verbesseren an Drock op de fënneft placéierten maachen. Dee wollt seng Plaz allerdéngs net hierginn.

Op der Pist selwer war et weiderhin eppes „ruppeg“. Et wollt een iergendwann net méi matziele wéi oft eisen Espoir am Motorsport „getéckt“ gouf. Mee den Dylan Pereira huet Nerven an ee klore Kapp behalen, firwat hien trotz dem Gedrécks awer nees seng fënneft Plaz zréckeruewere konnt, iert de Safety-Car nees huet dierfe matfueren. Wéi dësen d‘Pist nees verlooss huet waren nach dräi Minutten op der Auer, a keng Verbesserung méi méiglech.

Et wier am zweete laf vum Weekend bestëmmt eppes méi dra gewiescht, mee eng Autoscourse a besonnesch de Porsche Carrera Cup Däitschland ass kee „Wonschconcert“. Woubäi Grond sech ze bekloe gëtt et elo och net. Emol um Podium an eng – ugesiichts den Ëmstänn – ganz valabel 5. Plaz sinn 27 Punkten am Championnat. Domatter consolidéiert den Dylan Pereira Rang 4 am General a kann sech op d‘Finale um Sachsenring (28. a 29. September) freeën.

Klassement 13. Manche Porsche Carrera Cup Däitschland

  • 1. Michael Ammermüller (D)
  • 3. Dylan Pereira (L)

Klassement 14. Manche Porsche Carrera Cup Däitschland

  • 1. Julien Andlauer (F)
  • 5. Dylan Pereira (L)

Generalklassement Porsche Carrera Cup Däitschland

  • 1. Julien Andlauer (F)
  • 4. Dylan Pereira (L)

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: © Porsche Carrera Cup Däitschland

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Hockenheimring, Lechner Racing, Porsche Carrera Cup Däitschland, Porsche Carrera Gt3 Cup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel