König der Löwen – Wa Kandheetserënnerungen erwäschen
Zënter dem 17. Juli 2019 zitt d’Neiverfilmung vum Der König
„Eise Projet an der Bekaa-Dall, no un der syrescher Grenz am Libanon war als Éischt betraff“, seet de Patrick Reintert, Gerant vun der Lëtzebuerger Kannernouthëllef. Säit am Februar den éischte Corona-Infizéierten entdeckt gouf, huet déi libanesesch Regierung schrëttweis dat ëffentlecht Liewen zum Stëllstand bruecht an schliisslech all Schoulen zougemaach.
Zënterhier sinn déi syresch Flüchtlingsfamillen, déi weiderhin a Flüchtlingslageren op enkstem Raum liewen, op sech gestallt. Ugesiichts der mangelhaften Hygiènesbedéngungen a feelender medezinescher Hëllef ass d’Gefor grouss, datt sech de Virus ënnert de Bewunner vum Lager verbreet.
Dobäi kënnt eng dramatesch Finanzkris, déi dem Libanon säit Méint zousetzt. Opgrond vun der schlechter Wirtschaftslag hu sech d’Liewensmëttelpräisser scho viru Corona ënnerhalb vu wéinege Wochen méi wéi verduebelt. D’Flüchtlingsfamillen, déi sech bis ewell als Tagelöhner iwwer Waasser gehalen hunn, fanne keng Aarbecht méi a ënnen hir Famill net méi ernieren.
„Eist Zil ass et, Famillen mat Kanner a Flüchtlingslageren iwwert dëse kriteschen Zäitraum ewech ze hëllefen a si wirtschaftlech ze ënnerstëtzen“. Erkläert de Patrick Reinert. Och mat Partnerorganisatiounen a Sambia a Malawi ass d’Lëtzebuerger Kannernouthëllef a stännegem Austausch an ergräift Moossnamen, fir déi betreit Kanner an hiert soziaalt Ëmfeld, sou wéi d’Mataarbechter virun enger Iwwerdroung vum Virus beschtméiglech ze protegéieren.
Dobäi geet et virun allem ëm Preventiouns- an Hëllefsoffere fir Famillen an Aarmut, fir Kanner an eeler Mënsche mat schwaachem Immunsystem virun enger Iwwerdroung vum Coronavirus ze schützen.
„Fir de Coronavirus ze bekämpfen musse mir all zesummen handelen. Esou wéi och a Lëtzebuerg muss dës Pandemie weltwäit mat Nodrock a Responsabilitéit bekämpft ginn – och a virun allem a Länner mat feelender flächendeckender medezinescher Versuergung“, sou de Patrick Reinert.
D’Lëtzebuerger Kannernouthëllef ass op Ären Don ugewisen, fir mat hire lokale Partner bedierfteg Famille wärend der Coronakris ze ënnerstëtzen an fir d’Hygiène- a Gesondheetsmoossnamen zur Andämmung vum Virus ëmzesetzen. Hei de Spendekonto vun der Lëtzebuerger Kannernouthëllef:
BGL BNP Paribas
LU50 0030 4812 1330 0000
BIC: BGLLULL
Am Juni 2009 gegrënnt, handelt et sech heibäi ëm eng staatlech unerkannt Net-Regierngsorganisatioun (ONG). D’Hëllefsorganisatioun, mat Sëtz zu Eech, fërdert säit méi wéi 10 Joer Kanner a Jugendlecher, déi an den äermste Regiounen an Asien, Afrika a Latäinamerika liewen. Schwéierpunkten vun hirer Aarbecht ass de Schutz an d’Stäerkung vu Kanner, sou wéi eng nohalteg Aarmutsbekämpfung duerch Hëllef zur Selbsthëllef.
Weider Informatioune fannt Dir ënnert www.kindernothilfe.lu.
Matgedeelt vun der Lëtzebuerger Kannernouthëllef – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu
Opmaacherbild: © Jyotirmoy Gupta / Unsplash