Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?
Neiegkeeten

NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?

Bei der „Reform“ vum Fräihandelsofkommes NAFTA, dee säit 1994 déi

Venedeg gesinn a stierwen?
Neiegkeeten

Venedeg gesinn a stierwen?

Risegt Croisièresschëff knuppt a Touristeboot a géint de Quai. Eng

Commemoratiounsfeier fir 75. Joer Ardenneschluecht: Invitatioun fir d’Ëffentlechkeet
Neiegkeeten

Commemoratiounsfeier fir 75. Joer Ardenneschluecht: Invitatioun fir d’Ëffentlechkeet

Am Kader vum 75. Commemoratiounsdag vun der Ardenneschluecht wäert e Méindeg,

Lëtzebuerger Kardinol setzt sech fir d‘Fraen an

Lëtzebuerger Kardinol setzt sech fir d‘Fraen an

Nee de Lëtzebuerger Äerzbëschof a Kardinol Jean-Claude Hollerich, Virsëtzende vun der EU-Bëschofskonferenz, ass net zum Feminist ginn, mee déi nei Poopst-Enzyklika „Fratelli-Tutti“ déi an den nächste véierzéng Deeg soll verëffentlecht ginn, gräift laut eisem Kierchemann eppes ze kuerz: „Ech soe léiwer ‚Fratelli e sorelli tutti‘ also al Bridder a Schwësteren“.

De Grond ass denkbar einfach: de Lëtzebuerger Vetrieder vu Roum an der kathoulescher Kierch ass sech bewosst, datt et ëmmer méi schwéier gëtt nei Mataarbechter ze rekrutéieren, den Job u senger Attraktivitéit verluer an d‘Frae souwisou net ophalen e méi grousst Matsproocherecht bannent de gehellegte Maueren ze fuerderen. A wann et net méi genuch al Männer huet fir d‘Mass ze halen…

Wéi et soll erméiglecht ginn, Frae quasi mam Statut vum Paschtouer auszestafféieren, dat weess de Kierchemann aus Lëtzebuerg natierlech net, an den Zölibat dierft jo hei wuel och eng Roll spillen. An einfach emol ugeholl, déi radikal Elementer vun der kathoulescher Kierch géifen de Gedanken opgräifen an dëse Wee matgoen, sollt net och endlech de Paschtéier erlaabt ginn sech ze bestueden.

Dat si Froen déi eisem Kardinol dann net esou direkt entgéintkommen. Wann hie wuel der Usiicht ass, datt Fraen och an der kathoulescher Kierch eng ëmmer méi zentral Roll spillen, esou sinn se an den Ae vum Klerus nach ëmmer déi zweet Wiel an hunn de Männer ze follegen. Mee dat géif dem Prinzip „Paschtouer“ oder „Dechen“ schonn eppes widderspriechen. Et ass alt nees net einfach.

Zudeem ass et einfach sech fir dat onméiglecht anzesetzen. Zum enge bleift een am Gespréich, d‘Ëffentlechkeet kritt virgegaukelt, datt et bannent der Kierch esou eppes wéi en Debat gëtt an déi sech tatsächlech erneiere wéilt. Gutt erneieren – am Sënn vun neien Technologien – geet sech deels op, mee eng Ideologie léisst sech kaum erneieren, besonnesch wa vill Muecht domat verbonnen ass.

Trotzdeem ass richteg doriwwer nozedenken, wéi zukünfteg d‘Gottesdéngschter, d‘Massen a wat ee soss nach alles vun der Kierch ugebuede kritt, bewältegt kënne ginn. D‘Kierche gi Sonndes – och am Kontext vun der Covid19-Pandemie – ëmmer méi eidel, wann et iwwerhaapt ee gëtt, dee kënnt fir d‘Mass ze halen. Online ass eng Alternativ, et brauch vill manner personellen Opwand…

Illustratioun: Laut dem Jean-Claude Hollerich, senges Zeeche Kardinol, sollten d‘Fraen zukünfteg méi Matsproocherecht bannent der Kierch zougestane kréien. Et sollt och iwwerluecht ginn, a wéi engem Mooss si sollen dierfen de Gottesdéngscht féieren. Dat kéim enger Gläichstellung mam Statut vum Paschtouer gläich, an datt Roum dozou sollt bereet sinn, ass éischter auszeschléissen. © Jonathan Borba / unsplash

Ähnlech Sujeten Fraen, Jean-Claude Hollerich, Kardinol, kathoulesch Kierch, Paschtouer, Paschtouesch, Zölibat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel