Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss
Neiegkeeten Sport

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss

Um Méindeg hat d‘Gewerkschaft vun den graduéierten Educateuren (SLEG) seng

money
D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament
Neiegkeeten Sport

D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament

En Donneschdeg ass op der Handelskummer um Kierchbierg dat chinesescht

Implant Files: E Geschäft op Käschte vun de Patienten
Neiegkeeten Sport

Implant Files: E Geschäft op Käschte vun de Patienten

De Skandal ëm d‘Prüfung an Zertifizéierung vu feelerhaften a liewensgefäerdende

Exzellent Lëtzebuerger Leeschtung op der Weltmeeschterschaft am Ballonsport!

Exzellent Lëtzebuerger Leeschtung op der Weltmeeschterschaft am Ballonsport!

Dëse Samschdeg ass déi 23st Weltmeeschterschaft vun den Waarmloft Ballonen an Éisträich, zou Gross Siegharts, op een Enn gaangen. 105 Konkurrenten aus 29 verschiddenen Natioune sinn vum 16.08-25.08.2018, ënnert der gewinnter ganz gudder Leedung vum Lëtzebuerger Claude Weber, un de Start gaangen.

WeltmeeschterschaftAm ganze goufen 10 Flich gemaach, bei deenen 31 verschidden Aufgaben op d’Pilote gewaart hunn. Um Enn wennt de jonken Englänner Dominic Bareford, zweeten ass den Schwäizer Stefan Zeberli an drëtten ass den russesche Pilot Sergey Latypov. Bemierkenswäert ass, datt den Dominic Bareford dëst Joer och den Schlussgewënner vum POST Luxembourg Balloon Trophy den 22 Juli zu Miersch gouf.

Aus Lëtzebuerger Siicht hunn 2 Piloten, de Christophe Betzen an de Colin Weber an der Kompetitioun matgemaach. De Christophe Betzen, fir deen et seng éischt International Kompetitioun war, kennt op eng gutt 72ste Platz. De Colin Weber placéiert sech an dësem Feld mat den weltbeschte Piloten op der exzellenter 17ter Platz.

WeltmeeschterschaftVun deenen 31 Aufgaben huet den Colin der 2 als Éischten ofgeschloss. Déi zwee Piloten hunn eist Land beschtens vertrueden, wouduerch bei der nächster Weltmeeschterschaft erëm méi Lëtzebuerger Piloten däerfen un de Start goen. De Colin Weber ass hei mat dem frësch um Mierscher POST Luxembourg Ballon Trophy virgestallte Ballon LX-BLX Let’s make it happen / Visit Luxembourgmat eiser neier Lëtzebuerger Identitéit un de Start gaangen.

matgedeelt vum Cercle Luxembourgeois de l’Aerostation

Fotoen: © CLA/2018

Ähnlech Sujeten Ballonsport, Cercle Luxembourgeois de l'Aerostation, Christophe Betzen, Colin Weber, Éisträich, Weltmeeschterschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel