Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?
Nom US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell, ass et elo deen
Nom US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell, ass et elo deen
Déi britesch Premierministesch, Theresa May, huet e Méindeg den Deputéierten
De Waassergeescht huet geruff, Réiden un der Atert huet geäntwert.
Zanter der Rentrée 2020 ass déi aktualiséiert Rechtschreiwung eleng a Kraaft, wat nach emol zu enger grousser Nofro gefouert huet. Ugangs des Joers gouf dofir nach emol nogedréckt – déi 14.000 Exemplairë waren deen Ament all verdeelt an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet d’Commandë gesammelt.
Zanter dem 13. Januar ass d’Bichelche mam Titel „D’Lëtzebuerger Orthografie“ nees ze kréien. Fir dat ze feieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch e Mëttwoch de Moien der Madamm Cornelia Baum vun Alzeng, déi d’Buch am Dezember virbestallt hat, den éischten Exemplaire vun der mëttlerweil 4. Oplo iwwerreecht. Zesumme mam ZLS-Direkter Luc Marteling huet de Minister sech mat der linguistesch ganz interesséierter Madamm Baum iwwer déi aktuell Defie vun der Lëtzebuerger Sprooch an iwwer déi aktuell Publikatioune vum ZLS ënnerhalen. (Weider Informatiounen hei)
„D’Lëtzebuerger Orthografie“ gëtt et nach ëmmer gratis. Et kann ee se vun elo un nees am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch bestellen (einfach op lod@lod.lu mailen, d’Adress wgl. net vergiessen). D’Virbestellunge ginn an den nächsten Deeg verschéckt. Wien d’Buch oder méi grouss Commanden am ZLS-Siège (163, rue du Kiem, L-8030 Stroossen) wëllt ofhuelen, deen ass gebieten, virdrun e Rendez-vous auszemaachen (Tel. 247-88640 oder lod@lod.lu).
Um Internetsite vum ZLS kann een d’Orthografie och gratis als PDF eroflueden.
Matgedeelt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Opmaacherbild: © MENJE / ZLS