Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Policebericht: Dat üblecht? Leider net ganz…
Neiegkeeten

Policebericht: Dat üblecht? Leider net ganz…

Et war iwwert de Weekend nees eppes weider Ustrengend fir

Wat wëllen déi Konservativ?
Neiegkeeten

Wat wëllen déi Konservativ?

Um Dënschdeg Owend hat déi kierzlech vum Joe Thein gegrënnte

E Norovirus an den Austere vun der Mark MYTILIMER
Neiegkeeten

E Norovirus an den Austere vun der Mark MYTILIMER

D‘Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet si vum Grupp Auchan informéiert ginn,

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten

Kläpperei, Gerenns, ze vill Alkohol an e sëllechen Accidenter

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten

Et war de Weekend vun de Rabbel- a Klatzkäpp. An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg jiddefalls, hunn d‘Poliziste kaum eng roueg Minutt gehat. Esou hunn sech d‘Beamte mat enger Kläpperei, Accidenter, Vollerten an enger geféierlecher Fahrerflucht missen ausenanersetzen.

Ugefaangen huet de Stress fir d‘Police kuerz virun eng Auer zu Bouneweg. An der Bouneweger-Strooss war eng Patrull op haart Gejäiz opmierksam ginn, firwat si direkt emol am Bistro nogekuckt a preventiv Verstäerkung geruff hunn. Knapp datt d‘Polizisten d‘Lokal betratt haten, ass ee vun hinnen ugegraff ginn. Fir dat schlëmmst ze verhënneren hunn d‘Beamte Pefferspray agesat.

Wéi d‘Verstäerkung virum Bistro ukomm ass, gouf och déi vu Clienten ugegraff. Um Enn hunn dräi Daboe misse mat op d‘Kommissariat. Well si eng Gefor fir sech an Drëtter duergestallt hunn, ass hinnen en Nuecht an der Ausniichterungszell veruerdent ginn. Eng Plainte wéinst „Rebellioun“ gouf ausgestallt. Aus dem Rapport vun der Police geet net ervir op et zu Schued komm ass.

Zwee Accidenter an eng Fahrerflucht

Kuerz no Mëtternuecht huet et zu Rëmeleng gerabbelt. Hei war e Chauffer géint eng Lanter an eng Stroumkëscht gerannt. Wéi d‘Police op d‘Plaz komm war, konnt am éischten Ament net gekläert ginn, wien d‘Gefier gesteiert huet. Um Enn huet sech dann ee jonke Fransous als de Chauffer ze erkenne ginn. Eng Nofro bei de Kollegen am Frankräich huet erginn, datt dëse kee Führerschäin huet. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, d‘Accident gouf zu Protokoll geholl.

Géint hallwer Eng, dann en Accident zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss. Hei hat e Chauffer d‘Gewalt iwwert säi Gefier verluer, a war an en ofgestallten Auto gerannt. U béide Gefierer ass schwéiere Schued entstanen. Wann dem Chauffer zum Gléck kee Leed geschitt ass, esou kritt hien awer e Rendez-vous mam Riichter, well hien eppes ze déif an d‘Glas gekuckt hat.

Et war no fënnef Auer, wéi enger Patrull opgefall ass, datt en Auto vun der Strooss Lou Hemmer an d‘Tréiererstrooss agebéit, an do op der Géigespur weidergefuer ass. D‘Poliziste sinn dem Auto mat Bloliicht a Siren nogefuer. Iert se de Falschfuerer konnten anhuelen, sinn dësem zwee Gefierer entgéint komm, déi a Richtung Fluchhafen ënnerwee waren. Am leschten Ament konnte béid Autoen dem Geeschterfuerer auswäichen.

De Falschfuerer, deen net op d‘Uweisunge reagéiert huet, konnt virun der Neiduerfer-Strooss vun de Beamte gestoppt ginn. De Polizisten ass et gelonge blëtzschnell d‘Chauffersdier opzerappen an d‘Schlëssel u sech ze bréngen. De Mann dee streng no Alkohol geroch huet, duerft „blosen“ an den test war Positiv. D‘Beamten hunn dunn och nach misse feststellen, datt d‘Gefier keng gülteg technesch Kontroll hat, an d‘Steiere vum Gefier sinn och zanter engem Joer ofgelaf. Dat gëtt deier…

Am Laf vun der Nuecht waren nach, no positivem Alkoholtest, zwee Führerschäiner agezu ginn. Dat eng Kéier zu Iechternach an emol op der A1 (beim Kierchbierg).

De „gëllene“ Protokoll gouf et zu Esch

Et war – esou steet et am Bericht vun der Police – 2.35 Auer, wéi eng Patrull zu Salzhaff/Hollerech op e Gefier opmierksam gouf, dat sech ganz „presséiert“ a Richtung A4 dirigéiert huet. Mat bloer Luucht a jäizeger Siren hunn sech d‘Beamten hannert de „Pilot“ a säi Gefier gehaangen, fir dësen ze kontrolléieren. Dat war net no dësem senge Geschmaach, an hien huet einfach emol Gas ginn.

An de Mann hannert dem Steier huet zolidd op d‘Pedall getrëppelt. Laut dem Bericht vun der Police wier de Chauffer mat däitlech iwwer 200 Km/H ënnerwee gewiescht, an dat zudeem op enge uerg geféierlech Manéier. Hie war eng Gefor fir sech an déi aner op der Strooss, esou datt och an dësem Fall Verstäerkung huet missen ugefuerdert ginn. Déi hat zu Esch e Barrage opgestallt, deen de mëttlerweil flüchtende Chauffer duerchbrach huet, woubäi hien e Beamten erfaasst huet.

Net am mannste beandrockt, huet de Chauffer weider déi riets Pedall duerch de Blech gejot, bis seng Fahrt an enger Sakgaass eng éischte Kéier ënnerbrach konnt ginn. E Beamten dee bei dem Mann säin Auto gaangen ass, fir dësen zur Ried ze stellen, hat kee Erfolleg. De Pilot huet einfach nees Vollgas ginn, an ass dobäi esou geféierlech op de Polizist duer „gefuer“, dat dësem näischt iwwreg bliwwen ass wéi d‘Waff ze zécken an op den Auto ze schéissen…

De Mann hannert dem Steier hunn d‘Schëss net beandrockt, an hien huet laanscht d‘Gefierer vun der Police de Passage forcéiert, woubäi e puer Déngschtween beschiedegt goufen. Eréischt ee puer honnert Meter weider konnt den Auto mat senge véier Insassen zum Stëllstand bruecht ginn.

No enger éischter Iwwerpréiwung hunn d‘Beamte festgestallt, datt de Chauffer kee Führerschäin huet. De Procureur gouf iwwert de Virfall informéiert, an deen huet d‘Verhaftung vum Pilot ugeuerdent. Hien huet dann och elo en „Date“ mat Untersuchungsriichter. Well Schëss gefall a Gefierer zerstéiert goufen, muss elo och d‘Generalinspektioun vun der Police enquêtéieren…

Ähnlech Sujeten Accicdent, Fahrerflucht, Führerschäin, Kläpperei, Polizisten, Prisong, Untersuchungsriichter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel