Search

You may also like

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!
Neiegkeeten

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!

Samsa Film ass houfreg matzedeelen, datt de Film „Superjhemp Retörns“

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?

[onionbuzz quiz-id=212][/onionbuzz] Haut gi mer mam Quiz an eng vun

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung
Neiegkeeten

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung

Ënnert der aktueller kroatescher EU-Rotspresidentschaft läit eng Revisioun vun der

Lëtzebuerger Presserot fuerdert däitlech méi Zougang zur Informatioun

Lëtzebuerger Presserot fuerdert däitlech méi Zougang zur Informatioun

Fir hei am Land als Journalist un Informatiounen ze Kommen, dat ass eng richteg Erausfuerderung, an et ass net verwonnerlech, datt engem esou lues awer sécher d‘Loscht vergeet. Sécher, et gëtt e Gesetz „Transparent an Oppen Administratioun“, mee et daacht den Hond hannen näischt.

Et verlaangt awer elo kee Journalist Onméigleches vun der Regierung, well dee verléisst sech op d‘Muecht vum Presserot. E Presserot deen eng echt Transparenz an e privilegiéierten Accès zu Informatioune fir Journaliste verlaangt. Dat ass wuel net ganz Verfassungskonform, mee wann ee näischt fuerdert, kann een och näischt zougestane kréien.

Richteg ass allerdéngs, datt de Journalist och haut nach eng Informatiounsflicht géintiwwer dem Public huet, an et sécherlech fir all concernéiert Acteuren eppes Guddes hätt, wann dee senger Aarbecht ongehënnert kéint nokommen. Interessant ass hei, datt trotzt – wéi et ëmmer gären ervirgehuewe gëtt – gudde Kontakter zur Regierung, nach keen sech duerchgesat krut.

Also muss de Presserot et selwer an d‘Hand huelen. Dat lescht Gesetz zur „transparenter an oppener Administratioun“ vum Juli, schéngt nach ëmmer net ze daache wat et versprécht. D‘Gesetz bezitt sech op „physesch a moralesch“ Persounen, ass onkloer wat d‘Restriktioune betrëfft, erlaabt den Zougrëff op bestëmmten Dokumenter, mee net op d‘Informatioun.

E Journalist muss gedëlleg sinn

Wien also „eppes brauch“ ass gutt beroden ze wëssen, a wéi engem Dokument hie siche muss. De Journalist sollt och net ze presséiert sinn. Elo beseet awer dat lëtzebuergescht Mediegesetz, datt d‘Recht d‘Informatioun ze sichen, en inherent Recht vun der Meenungsfräiheet ass. Haut ass et esou, datt de Journalist, wéi all Mënsch, seng Demande nëmme Schrëftlech maache kann.

Déi ugeschriwwen Administratioun huet dann e Mount Zäit, fir déi ugefroten Informatioun un den Demandeur weiderzereechen. Sollt der Demande net Statt gi ginn, muss sech de Journalist un eng Kommissioun, déi den Accès zu den Dokumenter reguléiert, riichten. Dës Kommissioun muss dann an engem Zäitraum vun zwee Méint en Avis zur Demande ofginn.

Onhaltbar Zoustänn, mengt zumindest de Presserot, deen net labber léisst, a vun der Regierung fuerdert, datt et endlech e vernënftegen Accès zu den Informatiounen, déi an ëffentlecher Hand leien, garantéiert gëtt.

Natierlech gëtt et och fir Journaliste Grenzen. An déi ginn och vum Mediegesetz festgeluecht. E Journalist soll esou keen Zougrëff op Dokumenter erhalen, där hir Kommunikatioun géint de gudde Fonctionnement vun der Justiz kéint verstoussen. Och Geheimnisser oder d‘Confidentialitéit déi vum Gesetz geschützt sinn, an nach villes méi, si fir Journalisten Tabu.

Si wësse Bescheed…

D‘Situatioun där d‘Journalisten zu Lëtzebuerg ausgesat sinn, ass de Parteien, déi sech grad op e Koalitiounsaccord eenege bekannt. Elo fuerderen d‘Journalisten déi dräi Parteien op, datt de Recht op Informatioun an d‘Mediegesetz afléisst. An dësem Sënn huet de Presserot dem Formateur e Bréif geschéckt, an et schéngt, wéi wann och gelies gi wier.

Elo also hätt de Presserot gäre vun der neier Regierung, datt dëse Passage endlech am Mediegesetz opgeholl gëtt, esou wéi dat bei der Consultatioun 2010 eigentlech versprach ginn ass. D‘Journaliste bedaueren datt déi sougenannten „Bettel-Circulaire“ d‘Presseaarbecht behënnert, well déi doranner besteet, dem Journalist e Presseattaché zur Säit ze stellen, deen d‘Informatioune fir si siche geet.

Dat ass eng typesch politesch Haltung. Et soll ganz kloer „gefiltert“ ginn, wéi eng Informatioun un d‘Press weidergeleet ginn. Dofir dauert och dat oft vill ze laang, a sief et nëmmen, datt een eng Statistik erhale wëll. Vertraue gesäit anescht aus, och oder grad well, weder de Presserot, nach d‘Beruffsorganisatiounen net un de Gespréicher zur genannter Circulaire bedeelegt goufen.

Related topics Journalismus, Mediegesetz, Pressefräiheet, Presserot, Regierung
Next post Previous post