Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or
Neiegkeeten

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or

Mat engem flotten, oppenen Turnéier am „Tête a Tête“, huet

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag
Neiegkeeten

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag

Leschte Mëttwoch ass et an de Raimlechkeete vum nationale Conciliatiounsbüro

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement
Neiegkeeten

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement

Am US-Staat Iowa ass ee Mëttwoch, dat schäerfste Gesetz zum

Lëtzebuerger Publicitéitsbericht 2018

De Publicitéitsmarché huet nees zougeholl

Lëtzebuerger Publicitéitsbericht 2018

Dat ganzt Joer iwwer hunn d‘Membere vun „Espace Pub“ an d‘Entreprise „Nielsen“ Hand an Hand zesummegeschafft fir: ze sammelen, ze kontrolléieren, no Secteuren ze kategoriséieren an dann de Bericht zu den Investissementer an d‘Reklamm opzestellen.

A wann dësen sech och op déi brutto Donnéeë bezitt, esou loossen déi erhalen Zuelen d‘Tendenz vum Maart an de Choix vun den Annonceuren erkennen. Dat bezunn op de Planning vun de Medien. Et erlaabt zudeem d‘Entwécklung vum Publicitéitsmarché ze verfollegen.

Wat elo d‘Resultater am Detail betrëfft, esou huet de brutto Investissement a Reklamme fir 2018 bei 159,6 Milliounen Euro geleeën. Dat ass eng Progressioun vun 2,6% (oder ronn 4,1 Milliounen Euro méi géintiwwer 2017) Dës Zuele bezéien sech op déi kommerziell wéi net-kommerziell Werbung.

Berécksiichtegt goufen dann och (bal) all d‘Medien. Vun allen Zeitungsformen iwwert de Radio an Tëlee, bis hin zum Kino, den urbane Raum an den Internet. Hei stellen d‘Auteure vum bericht fest, datt och wann ee vun enger natierlecher Evolutioun schwätze kann, et eppes ze notéiere gëtt.

Esou entstamen 3 vun de 4,1 Milliounen Euro zousätzlech Rentréeën, aus der Integratioun vun Tramedia (Affichage) an Imail News. Dat ass net näischt, a weist wéi wichteg d‘Reklamm an eiser Gesellschaft och haut nach ass. Zumindest fir d‘Annonceuren, déi hir Produite wëlle verkafen.

Reduzéiert een déi ganz Zuelen elo op reng de kommerzielle Volet – dat heescht ouni kleng Annoncen, Aarbechtsofferen, ëffentlech, finanziell a juristesch Publikatiounen – da chiffréiert sech dat ganzt awer nach op 142,4 Milliounen Euro, an dat wier eng Progressioun vu +3,79%.

Déi gréissten Annonceure sinn laut dem Bericht: de Cactus (dee bestätegt seng éischt Plaz), dann d‘POST Lëtzebuerg (déi och hir zweet Plaz hale konnten) an dann de „Möbel Martin“ (dee vun der sechster, op déi drëtt Plaz avancéiert). Zwou Banke sinn am Top 20: d‘Spuerkeess an d‘BIL.

Ähnlech Sujeten Espace Pub, Nielsen, Publicitéitsbericht, Reklammen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel