Haut ass den Dag vum Häerz – Passt gutt drop op!
All Joer fannen sech d’World Heart Federation an déi Lëtzebuergesch
All Joer fannen sech d’World Heart Federation an déi Lëtzebuergesch
Wëll ee säi Liewe mat engem véierbeenege Begleeder beräicheren, sollt
Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge
Wärend der Gesondheetskrise goufen och a Lëtzebuerg vill Initiativë vu Bierger a Veräiner an d’Liewe geruff, mam Ziel, hire Matbierger an der Allgemengheet ze hëllefen. Ënnert anerem d’Lëtzebuerger Scouten hu sech schnell organiséiert, fir eeleren a vulnerabele Mënschen ze hëllefen.
Mam Projet „#AllDagEngBa“ hunn eng 900 Memberen deeglech Kommissioune fir Senioren a vulnerabel Mënschen erleedegt. Doduerch goufe säit dem Ufank vun der Pandemie 6.241 gutt Aktioune vun de jonke Scoute vollbruecht.
Gläichzäiteg hunn d’Lëtzebuerger Scouten den 30. Mäerz 2020 eng weider Initiativ gestart, nämlech d’Aktioun „#Bitzdoheem“, déi sech der gratis Bereetstellung vun net-medezinesche Schutzmaske fir 51 sozial a karitativ Ariichtunge gewidmet huet an dozou bäigedroen huet d’Verbreedung vum Virus däitlech ze reduzéieren a Liewen ze retten.
Ronn 450 Fräiwëlleger hunn 40.641 Schutzmaske gebitzt.
D’Europäescht Parlament decernéiert de „Europäesche Biergerpräis“ jäerlech säit 2008. Mat dësem Preis gi besonnesch Leeschtunge fir europäescht Engagement a verschiddene Beräicher ausgezeechent. Biergerinnen a Bierger, Gruppe vu Bierger, Veräiner an Organisatioune kennen sech mat hire realiséierte Projete fir den Europäesche Biergerpräis umellen oder aner Bierger, Gruppen, Veräiner oder Organisatioune fir den Europäesche Biergerpräis virschloen. Och Membere vum Europäesche Parlament si berechtegt, all Joer ee Virschlag anzereechen.
D’Präisgewënner gi vun enger Jury vum Europäesche Parlament aus enger Lescht vu Virschléi vun den nationale Jurye gewielt. A Lëtzebuerg bestoung dës aus den Europadeputéierte Charles Goerens (DP/Renew), Monica Semedo (Renew), Isabel Wiseler-Lima (CSV/EVP), der fréierer Präisgewënnerin Odile Linden an dem Mike de Waha vum Jugendrot.
D’Frist fir Kandidaturen an Nominéierunge fir den europäesche Biergerpräis 2021 leeft nach bis den 15. Abrëll. Weider Detailer zum Preis fannen sech op www.europarl.europa.eu.
Matgedeelt vum Europäesche Parlament – Büro zu Lëtzebuerg
Opmaacherbild: Passend zu den Initiativen, fir déi d’Lëtzebuerger Scouten ausgezeechent goufen, passt de Leetsaz “E Scout léisst keen am Stach!” einfach perfekt – FNEL Scouten a Guiden / Facebook