Search

You may also like

Editorial: Wie bestëmmt d‘Zukunft?
Neiegkeeten Sport

Editorial: Wie bestëmmt d‘Zukunft?

Et geet dem Planéit wierklech net gutt an déi Pandemie

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt
Neiegkeeten Sport

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt

E Méindeg ass et den USA net gelongen eng UN-Resolutioun

Beaufort Knights: Iwwer 400 Petzien an eng weider Victoire!
Neiegkeeten Sport

Beaufort Knights: Iwwer 400 Petzien an eng weider Victoire!

Fir d’Fans vun de Beaufort Knights war d’Spill vum leschte

Firwat de Lëtzebuerger Sport dee Beschten op der Welt ass

Firwat de Lëtzebuerger Sport dee Beschten op der Welt ass

Eis Kolleege vun der Sportredaktioun hunn en Ament gezéckt iert si eis den Artikel weidergereecht hunn, mee an enger Stonn wou d‘BGL-Ligue op skandaléis Aart a Weis an den Debatte vergiess gëtt, wa vum weltgréisste Fussballschampionnat rieds ass, hu si d‘Noutwennegkeet erkannt, emol reagéieren ze mussen an der Welt ze erklären, firwat a punkto Sport keen eis de Bass hale kann.

An hei kuerz a knapp firwat deem esou ass:

  • Et ass wuel richteg, datt Djokovic, Federer an déi aner Gréissten aus dem Tennissport o ganz sympathesch sinn, mee ganz éierlech huet et am leschte Joerzéngt eng méi schéi Victoire am Tennis ginn, wéi déi vum Gilles Muller géint de Rafel Nadal zu Wimbledon?
  • Well d‘Situatioun et mat sech bréngt datt mir hei net komplizéiert sinn an eis mat der Freed zréckhalen, wa Frankräich a Groussbritannien an de Medien de Paris St. Germain (PSG) oder Manchester City ugräifen, well si nach ëmmer d‘Championsleague net gewonnen hunn. Hei ginn d‘Spiller vum FC91 Diddeleng als Helde gefeiert wann si sech fir den UEFA-Cup qualifizéieren, oder d‘Nationalekipp eis franséisch Nopere klappt. An an dräi Méint schloe mir och nach Portugal… „zidder Christiano“…
  • Well ze vill Trophyen d‘Trophyen ëmbréngen. Esou sinn d‘Chinesen, d‘Amerikaner oder d‘Fransousen eis sympathesch wann si hir Medaile mat de Maandelen heem schleefe (gutt dat mat de Fransousen ass eppes iwwerdriwwen), wat awer net verhënnert, datt d‘Gewënner vun dëse wäertvollen Auszeechnunge séier vergiess sinn. Wann dann awer an e puer Méint de Bob Bertemes beim Wettkampf zu Tokio sech seng Goldmedail zréckhëlt, wäerte mir et verstoen dat gebierend ze feieren an aus dem Sportler déi Legend ze maachen déi hie verdéngt huet ze sinn.
  • Well de Josy Barthel een Usain Bolt, Haile Gerbrselassie an Hicham El Guerrouj an all Fouss hat.
  • Well eis Sportler eis Häerzer mat schéine Geschichte fëllen: d‘Vera Hoffmann an de Bob Bertemes als Koppel an Dréier vun eise Faarwen, oder d‘Gebridder Schleck, déi an der selwechter Ekipp fueren… dat alles ass dach wuel vill méi sympathesch wéi den Neymar mat senge stännegen Exzesser.
  • Well mir an alle Sportaarte Präsenz weisen. Sécher d‘Spuenier hunn de Fussball a beherrschen d‘Sandplaze, d‘Britten hunn de Fussball an de Rugby a Frankräich verléisst sech op den Handball. A mir Lëtzebuerger? Motorsport, Athletismus, Wantersport, Kampfsport an natierlech och Fussball, Mir sinn iwwerall mat derbäi. Iwwerall soe mir iech.
  • Well mir op laang Siicht schaffen. Wann ee vun eisen Athleten eis Dreem geschenkt huet, ass et eiser een op ëmmer an éiweg. De Muller als Kapitän vun der Lëtzebuerger Ekipp vum Davis-Cup et sportlechen Direkter vum SPORA. De Josy Barthel Minister, den Andy Schleck Direkter vum Skoda-Tour Lëtzebuerg… mir vergiesse kee vun eise Gladiatoren.
  • Well mir et verstinn ze antizipéieren. En neie Stadion? Ok, mee mir wäerten dësen net fir iergendee Match aweien. Dem Stadion säi groussen Dag wäert kommen, wann de Laurent Jans aus der CR7 seng Popp mécht an dem Rui Patricio der véier an de Wénkel prafft.
  • Well eis Nationalhymn schéin, chill a staark ass.
  • Well och wann ee bereet ass zouzeginn, datt de Beckham eppes méi populär wéi de Maxime Chanot ass; zanter dem Depart vun der MLS vum „British“, de glamouréisen Touch vum amerikanesche Championnat, vun eisem zentralen Inneverdeedeger geleescht gëtt.
  • Well, jo well et eben esou ass, Punkt.

Ee Beitrag vu MENTAL! – Fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Yaron Richman / unsplash

Related topics Bob Bertemes, Josy Barthel, Laurent Jans, Lëtzebuerg, Maxime Chanot, Vera Hoffmann
Next post Previous post