Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil
is aria dating ezra in real life

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil

D’Noriichte wat d’Aarbechtslosegkeet an der EU ugeet bleiwe weider relativ

fear dating reddit
is aria dating ezra in real life

questions to ask someone you have just started dating

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, hunn d‘CFL, d‘Stad Lëtzebuerg,

Dem Erdogan seng Propaganda ënnert däitschem Beschoss
is aria dating ezra in real life

Dem Erdogan seng Propaganda ënnert däitschem Beschoss

Den Ausseminister an de Justizminister hunn en Dënschdeg zu verstäerkte

9 Iddien, wéi s du der Lëtzebuerger Sprooch hëllefe kanns

E puer Iddien

9 Iddien, wéi s du der Lëtzebuerger Sprooch hëllefe kanns

Gäre gëtt reklaméiert, datt et eiser Sprooch net gutt geet. Mee sech ëmmer nëmmen ze bekloen, bréngt kee weider. Dowéinst hu mer hei einfach mol e puer Iddie gesammelt, wéi een der Lëtzebuerger Sprooch weider hëllefe kann.

Léier Lëtzebuergesch richteg schreiwen

Et ass liicht, SMSen, Facebook-Kommentaren oder Tweets op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Et ass wiesentlech méi schwéier, et a richtegem Lëtzebuergesch ze schreiwen. Keen erwaart hei Perfektioun op den éischte Coup, mee du kanns dech ëmmer no an no verbesseren. Et gi vill wäertvoll Ressourcen, vum Spellchecker, eriwwer op lod.lu oder och schreiwen.lu, wou s du schnell an einfach kann eppes dobäi léieren.

Lies e Buch op Lëtzebuergesch

Eis Literaturzeen wiisst a wiisst. Trotzdeem hunn et eis Schrëftsteller deelweis ganz schwéier, fir e Publikum ze fannen, virun allem dann, wann se e Buch op Lëtzebuergesch geschriwwen hunn. Et géing der och immens hëllefen, fir et richteg ze schreiwen, wat jo e positive Nieweneffekt ass.

Schreif e Buch/Blog op Lëtzebuergesch

Liesen, dat ka jiddereen! Mee wann s du dech am Stand fills, fir eppes op Lëtzebuergesch ze schreiwen, da sollts de et op alle Fall probéieren. Sief et elo e Buch oder e Blog: Duerch däi Bäitrag gëtt d‘Sprooch e Stéck méi lieweg! Besser nach, du suergs och dofir, datt et méi ze liese gëtt.

Besich en Theaterstéck op Lëtzebuergesch

Dat deckt sech elo villäicht e bëssche mat de Bicher of, mee am Theater ass Lëtzebuergesch hei am Land eng beléifte Sprooch. An do freeë se sech iwwert all Besicher!

Iwwersetz Fifty Shades of Grey

Okay, okay, ass villäicht elo net dat beschte Beispill, mee de Fong stëmmt: Huel e Buch oder Film oder Youtube-Kanal an iwwersetz! Oft feelt et u gudden Iwwersetzungen fir eis Léierkräft an de Lëtzebuergesch Coursen. A virun allem fir Leit, déi d‘Sprooch léiere wëlle, kann esou eppes Wonner wierken.

Ënnerstëtz gutt Aktiounen op de soziale Netzwierker

A Facebook-Gruppe wéi Lëtzebuerger Sprechwierder a Fisematenten oder op Twitter (zB: Learn Luxembourgish) ginn et vill Méiglechkeete vir eis Sprooch ze ënnerstëtzen. Mee opgepasst: Mecker -Gruppe wou sech nëmmen doriwwer beklot gëtt, wéi schlecht et der Sprooch geet, hëllefe kengem a sollten evitéiert ginn.

Maach e Podcast

D‘Podcast-Landschaft kéint eng Vergréisserung verdroen. An dobäi ass Lëtzebuergesch eng flott Sprooch, ëmmerhin ginn et jo genuch Radio-Senderen, déi mat där Sprooch schaffen. Podcaste kënnen sech de Luxus erlaben, iwwert Nischenthemen ze schwätzen, wat der och d‘Méiglechkeete gëtt, iwwert deng gréisste Leidenschaften ze schwätzen.

Bau de Vocabulaire aus!

Sprooche liewen och vun Experimenter! Lëtzebuergesch gëtt als eng Ausbausprooch bezeechent, dat heescht och, datt nei Wierder gebraucht ginn.

Lauschter de Kanner no

Kanner a Jugendlecher hunn eng ganz eegen Attitüd, wat Sproochen ugeet. Oft feelt et do un Hemmungen, wat de positiven Effekt huet, datt et zu neie Spillaarte komme kann. „En décke gelénkt“ hu se viru 50 Joer jo och nach net gesot, ass awer haut duerchaus normal.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Sprooch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel