Search

You may also like

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert
Neiegkeeten

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert

Wéinst der nächster Phas vum Ausbau vum Tramsreseau gi vum 5.

Weltdag vun der Hand-Hygiène – Eng Flicht fir jiddereen
Neiegkeeten

Weltdag vun der Hand-Hygiène – Eng Flicht fir jiddereen

Zanter 2009 schléisst sech de Gesondheetsministère der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) un,

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder
Neiegkeeten

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder

De Weekend iwwer war et nees esou wäit: D’Foire Agricole

Lëtzebuerger Sprooch a Kultur: 455 Schüler kruten en Diplom

Lëtzebuerger Sprooch a Kultur: 455 Schüler kruten en Diplom

Fir d’Schouljoer 2019/2020 kréie 455 Schüler vun de Lëtzebuerger Sproochen- a Kulturcoursen, sou wéi 56 Schüler vun der Däitscher Zeechesprooch hiren Diplom zum Ofschloss vun der Formatioun iwwerreecht. Duerch d’Pandemie ass eng offiziell Zeremonie net méiglech, ma de Stater Schäfferot gratuléiert alle Bedeelegte fir hir Efforten.

An dësem Kader gëtt och de 7 Enseignanten an dem Service Intégration et Besoins Spcéifiques Merci gesot, déi sech ëm d’Schüler gekëmmert hunn. Et freet ee sech, datt esou eng grouss Zuel u Persounen den Interessi gewisen hunn, d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren a méi zu eiser Kultur gewuer ze ginn. Donieft ass een natierlech och houfreg ob déi Persounen an d’Enseignantë vun den Zeechesprooch-Coursen.

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer felicitéiert per Video:

Lëtzebuerger Sprooch: Virun allem d’Stater sinn interesséiert

D’Schüler vun de Coursen 2019/2020 kommen zur Majoritéit aus der Stad Lëtzebuerg (74,26 %). Déi restlech 25,74 % sinn op aner Gemengen aus dem Groussherzogtum, respektiv op d’Groussregioun zeréckzeféieren. Vu 748 Schüler hu 455 Persoune bestanen.

Fir d’Joer 2020/2021 gëllen duerch d’Pandemie aner Reegelen. Weider Informatiounen dozou fannt Dir HEI.

Zeechesprooch: Méi Schüler aus anere Gemengen an der Groussregioun

An Zesummenaarbecht mat der Associatioun Daaflux Asbl organiséiert d’Stad Lëtzebuerg zënter Januar 2010 och Coursen an der Däitscher Zeechesprooch fir Ufänger (DGS-1) a Fortgeschrëttener (DSG-2). Zil ass et d’Renconter tëscht dawen a héierende Persounen ze fërderen an eng besser Kommunikatioun tëscht alle Bedeelegten ze bidden.

Just 13,89 % vun de Schüler sinn aus der Stad Lëtzebuerg komm. D’Majoritéit vun den ageschriwwene Persounen ass op aner Gemengen an d’Groussregioun zeréckzeféieren.

Wärend dem Schouljoer 2019/2020 si 4 Coursen am DSG-1, 3 Coursen am DSG-2 an ee Cours am DSG-3 am Centre Sociétaire um Cents organiséiert ginn. Mat 77,77 % u Réussiten huet d’Sad Lëtzebuerg allerdéngs en zimleche Réckgang erlieft (91,11 % fir d’Joer 2018/2019). Den DSG-1 hunn 19 Persoune gepackt, den DSG-2 26 Persounen an den DSG-3 11 Persounen.

Wien d’Zeechesprooch léiere wëll, soll sech beim Service Intégration et Besoins Spécifiques (Tel.: 4796-2389 oder dgs@vdl.lu) mellen. Dobäi kann ee sech och ob eng Waardelëscht aschreiwe loossen. Huet een oft Kontakt mat dafen oder schwéier héierende Persounen, respektiv de Beruff verlaangt dës Formatioun, gëtt ee prioritär ugeholl.

Related topics Aschreiwung, Cours, Diplom, Lëtzebuerger Kultur, Lëtzebuerger Sprooch, Lydie Polfer, Schouljoer 2019/2020, Schüler, Service Intégration et Besoins Spécifiques, Zeechesproch
Next post Previous post