Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft
pua online dating products matlock dating

esl dating dialogue

De Fliger vun der Firma „Stratolaunch“ mat der droleger Bezeechnung

quebec dating sites
pua online dating products matlock dating

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

Pëtrol: Eng russesch-arabesch Allianz zu Laaschte vun der OPEC
pua online dating products matlock dating

Pëtrol: Eng russesch-arabesch Allianz zu Laaschte vun der OPEC

Saudiarabien wëll Russland mat an en neie Club vu Pëtrolsproduzenten

money

Laang Gesiichter am Lëtzebuerger Stolsecteur

ArcelorMittal affichéiert en Nettoverloscht vu 447 Milliounen US-Dollar am zweete Quartal

Laang Gesiichter am Lëtzebuerger Stolsecteur

Den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal stécht a schlechten Dicher. Wann een de weltwäite Leadership am Stolsecteur fir sech beusprocht, ass en Nettoverloscht vu 447 Milliounen US-Dollar am zweete Quartal schonn eppes alarmant. D‘Gewerkschafte sinn dann och beonrouegt.

Et ass – esou zumindest gëtt et ëmmer aus de Finanzkreesser gemellt – den Ament ganz schwiereg um Stolmaart nach rentabel ze schaffen, mee de Problem war bekannt an et dierf een dann och net vun enger Iwwerraschung schwätzen. Fir déi zu Lëtzebuerg beschäftegt Mataarbechter sinn dat alles wéi keng gutt Noriichten. Den Ëmsaz ass ëm 3,6% an engem Joer agebrach, wat schonn enorm ass.

Stolsecteur

Dobäi dierf drop higewise ginn, datt sech den Ëmsaz géintiwwer dem 1. Quartal 2019, ëm 0,5% gesteigert huet. ArcelorMittal huet dann och, bezunn op d‘Previsioune vu „Bloomberg“, besser wéi erwaart ofgeschnidden. Eng hallef Milliard „Verloscht“ ass ugesiichts dem gudde Bilan 2018 en Hiweis op déi komplizéiert Situatioun vum globale Stolmaart. Mee wou leien d‘Problemer?

Fir de CEO vun ArcelorMittal ass de Verloscht der Rentabilitéit der Produktioun zouzerechnen. Zum enge sinn d‘Präisser an der Vente agebrach, zum anere sinn d‘Präisser vun de Rohstoffer zolidd geklommen. Dee viraussiichtleche Verloscht konnt, esou de Lakshmi Mittal, net duerch eng Verbesserung vun de Ressourcenofbauaktivitéite kompenséiert ginn. An dat ass net alles…

Verloscht ass net gläich Verloscht

Nieft de Schwieregkeeten um Stolmaart, huet ArcelorMittal och nach aner Suergen. Esou muss de Konzern eng „Entwäertung“ an héicht vun 900 Milliounen US-Dollar verquëssen. Dovunner sinn 300 Milliounen a Verbindung mam Verkaf vun Aktiva am Kontext vun der Acquisitioun vun ILVA ze bréngen, 600 Millioune ginn zu laaschten der Entwäertung vun Aktiva an den USA.

StolsecteurFir dat zweet Quartal vun 2019 bedeit dat elo eng „operationell Perte“ an héicht vun 158 Milliounen US-Dollar, aus där sech den netto Verloscht vu 447 Milliounen ergëtt. Op de ganzen 1. Semester vun 2019 bezunn, ergëtt dat (nëmmen) en Nettoverloscht vun 33 Milliounen. Bei Berécksiichtegung vun den Entwäertungen (ronn 1,1 Milliard) bleift e Benefice vun 1 Milliard US-Dollar hänken…

De Finanzdirekter Aditya Mittal weist awer drop hin, datt keng weider „Entwäertungen“ virgesi sinn. Den „EBITDA“ huet am zweeten Trimester 1,6 Milliarden US-Dollar bedroen, op de Semester ëmgeschloe wieren et 3,2 Milliarden US-Dollar. Datt ass op 12 Méint gerechent eng Baisse vu ganzen 43%. ArcelorMittal dozou: „…dat spigelt den negative Präis-Käschten Niveau erëm“.

Wirtschaftlech Noutwennegkeeten

Den Aditya Mittal huet dann och annoncéiert, datt de Konzern sech e Programm zur Optimiséierung vum „Portefeuille“operluecht huet. Dat heescht et wäert ee sech vun Aktiva trennen. Hei stinn zwou Milliarden US-Dollar op der Lee, woubäi ze preziséieren ass, datt déi „zentral“ Aktiva vun dësem Programm net betraff sinn. Ob et duer geet der weltwäiter Iwwercapacitéit d‘Stir ze bidden?

StolsecteurÉischter net, schliisslech verlaangt ArcelorMittal weider Aktioune géintiwwer der Hausse vum Stol-Import an Europa. Déi derzäit ugewannte Moossname wieren einfach net Ziilféierend an esou och net zefriddestellend. Besonnesch beim Flaachstol ginn op Import-Säit Rekorder gebrach. Am Stater Etat-Major stellt ee sech zudeem ob eng weider Baisse bei der Nofro an (Automobilsecteur).

An dësem Kontext huet de Konzern Moossnamen ergraff: an Europa ass virgesinn eng temporär Reduktioun vun der Produktioun erbäizeféieren. Fir den 2. Semester géif datt eng Baisse vun net manner wéi 4,2 Milliounen Tonnen an der Produktioun duerstellen. De Grupp well awer trotzdem am 3. Trimester den indescher Grupp „Essar Steel“ iwwerhuelen deen och Flaachstol hierstellt.

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Defizit, Stolsecteur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel