Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pacemakers Nuclearban Tour – 750 Kilometer um Vëlo!
Neiegkeeten

Pacemakers Nuclearban Tour – 750 Kilometer um Vëlo!

Als „Begleetmoossnam“ zu den Europawahlen, féiert den „Pacemakers Nuclearban Tour“

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib
Neiegkeeten

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib

No 37 Joer am Weltraum ouni benotzt ginn ze sinn,

De G7-Sommet: Mat engem Tweet torpedéiert den Trump den Ofschloss-Communiqué
Neiegkeeten

De G7-Sommet: Mat engem Tweet torpedéiert den Trump den Ofschloss-Communiqué

Et ass e Fiasko: mat engem „rosenen“ Tweet huet den

Lëtzebuerger Tattoo- a Piercingstudioen: Alles konform?

Lëtzebuerger Tattoo- a Piercingstudioen: Alles konform?

Am Kader vun de sektoriellen Enquêten huet de Ministère vum Konsumenteschutz tëscht Juli a September 2019 ganzer 44 Tattoo- a Piercingstudioen kontrolléiert. Opgefall ass, datt d’Majoritéit vun den Etablissementer hir Präisser net komplett uginn, dofir awer dem Client een Devis virun der Leeschtung uginn.

De Ministère vum Konsumenteschutz féiert reegelméisseg Kontrollen duerch, op de sougenannte Code vum Konsum am Beräich vun der Oplëschtung vun de Präisser respektéiert gëtt. Hei ass virgesinn, datt de Präis vun all Produit an/oder Service, deen zu Lëtzebuerg vun enger professioneller Persoun offréiert gëtt, an einfacher a schnell liesbarer Aart a Weis fir de Konsument ersiichtlech muss sinn. Aus dësem Grond sinn am vergaangene Joer och eng Rei national Tattoo- a Piercingstudioen an d’Kontroll vum Ministère geroden.

Bei de 44 Etablissementer waren 10 Studioen net vun der Enquête betraff. Vun de 34 Tattoo- a Piercingstudioen, déi iwwreg bliwwe sinn, hunn der 5 Stéck hire Client korrekt zum Präis vun den Accessoiren an Tariffer vun den Leeschtungen informéiert. Bei 14 Etablissementer goufen d’Präisser net komplett affichéiert a bei 15 Studioen ass iwwerhaapt kee Präis zu de Produiten an Leeschtungen ugewise ginn.

Haaptargument vun de Studioe war, datt een Tattoo een individuellt Wierk ass, wou de Präis vun diverse Facteuren ofhänkt: Jee no Gréisst, Motiv, Faarf an Aarbechtsdauer variéiert och d’Endzomm, déi de Client ze bezuelen huet. Doduerch kann een der Persoun, déi Tënt ënnert d’Haut kréie wëll, just am viraus een Devis maachen, deen ënnerschriwwe muss ginn.

Dës Aart a Weis ee Präis ze bestëmme gëtt just akzeptéiert, wëll een personaliséierte Service ugebuede gëtt. Geet et ëm d’Tariffer vun de Piercingen an anere Produiten, esou goufen déi concernéiert Etablissementer gebieden, hir Präisser komplett, konform a korrekt unzeginn. An den nächste Méint wäerte weider Kontrollen duerchgefouert ginn.

Ähnlech Sujeten Devis, individuelle Service, Konformitéit, Ministère vum Konsumenteschutz, Piercing, Präiss, Tattoo, Tattoo- a Piercingstudio
Nächsten Artikel Virrechten Artikel