Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De schlechten Ëmgang mat Antibiotiken ass eng Gefor fir d‘ëffentlech Gesondheet
speed dating for 20s london

De schlechten Ëmgang mat Antibiotiken ass eng Gefor fir d‘ëffentlech Gesondheet

Lëtzebuerg ass EU-Duerchschnëtt wat Mesuren ugeet, déi de Mëssbrauch vun

https://moien.lu/write-the-best-dating-profile/
speed dating for 20s london

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën

A knapp enger Woch gëtt d‘Auer nees ëmgestallt, d‘Deeg si

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg
speed dating for 20s london

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg

Um 11. Mäerz 2019 ass den delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung,

Lëtzebuerger Tram: Ännerungen am ëffentlechen Transport!

Lëtzebuerger Tram: Ännerungen am ëffentlechen Transport!

Am Kader vun der nächster Etapp bei der Konstruktioun vum Tram-Reseau wäerten et eng Rei Ännerungen am ëffentlechen Transport ginn. Ab Sonndes, de 5. Mee gesäit dat op der Gare Folgendermoossen aus:

Bus RGTR

  • D’Linnen 110, 111, 175, 205 an 975 fueren um Quai 23 fort
  • D’Linnen 121, 950, 955, 960 fueren um Quai 24 fort a kommen um Quai 104 un
  • D’Linn 965 fiert um Quai 23 fort a kënnt um Quai 104 un
  • D’Linn 319 fiert zu Hollerech, Rue Jean-Baptiste Merkels, fort
  • D’Linnen 158, 170, 177 an 315 fuere beim Arrêt Fonderie, rude de Hollerich, fort
  • D’Linn 196 fiert um Quai 9 fort a kënnt um Quai 103 un
  • D’Linnen 197, 300 an 968 fueren um Quai 1 an 2 vum Arrêt Gare-Rocade fort
  • D’Linnen 200 an 210 fueren um Quai 24 fort
  • D’Linn 982 fiert um Quai 9 fort
  • D’Linnen 800, 810 an 980 fuere vum Quai 23 fort a kommen um Quai 105 un
  • D’Linnen 970 an 971 fueren um Quai 104 fort a kommen um Quai 23 un

Stater Bussen (AVL)

Duerch d’Ewechfale vum Quai 1 op de Stater Gare wäerte verschidden AVL-Linnen op d’Quaien 9 an 12 verluecht ginn:

  • D’Linnen 2 a 4 (Richtung Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius) an 19 (Richtung Kierchbier, Luxexpo Entrée Sud) ginn op de Quai 12 verluecht
  • D’Linnen 21 (Richtung Eech, Centre Culturel), 31 (Richtung Stroossen, Oricher-Hoehl) an CN1 (Richtung Cents, Waassertuerm) bleiwe beim Quai 9 stoen

CFL

Wärend den Aarbechte wäert de Parking Kiss + Rail seng aktuell Plaz änneren. Ab dem 5. Mee wäert een en beim P+R CFL vun der Gare fannen. Déi éischt 30 Minutte sinn hei gratis.

Informatiounen un de Client

Duerch d’Ännerungen am ëffentlechen Transport an domat verbonnen Ännerungen an den Zäiten, fannt Dir nei Versioune vun de Fuerpläng, souwéi nei Depliante vum AVL sinn säit dem 26. Abrëll 2019 bei de verschiddenen Informatiounspunkten vum ëffentlechen Transport, der Mobilitéitszentral an der Info-Box (20-22, rue des Bains) ze fannen.

Donieft wäert op der Gare an de Quaien och ee generelle Plang vun der Situatioun ze fanne sinn. Visuell an tonal Messagen informéieren an de Busser an Zich, sou wéi an der Gare iwwert Ännerungen. Och Personal vum Verkéiersbond, dem CFL an dem Service Autobus de la Ville de Luxembourg ass op der Plaz fir Iech ze hëllefen.

Weider Informatioune sinn ënnert www.mobiliteit.lu ze fannen.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Ännerungen, AVL, CFL, Chantier, Ëffentlechen Transport, Stater Gare, Tram, Verkéiersbond
Nächsten Artikel Virrechten Artikel