Teenager, Elteren a Confinement – De Retour vu Spillowenter
Wien huet dann en Teenager doheem? Jugendlecher, op der schmueler
Wien huet dann en Teenager doheem? Jugendlecher, op der schmueler
D’Unioun vun der Belsch, Holland a Lëtzebuerg, och Benelux genannt,
Leschten Donneschdeg sinn d’Membere vum drëtte Kontingent vun der Lëtzebuerger Arméi „Enhanced Forward Presence“ (eFP 03) nees zeréck an de Grand-Duché komm. No véier Méint a Litauen sinn den Offizéier, véier Ënneroffizéier, zwee Korporalen an 19 Zaldoten an hirem Heemechtsland begréisst ginn.
D’Zeremonie ass um Findel ofgehale ginn, a Presenz vum Chef vum Generalstab vun der Lëtzebuerger Arméi, dem Generol Alain Duschène, an natierlech vun den Elteren an de Léifste vun den Zaldoten.
No den Evenementer an der Ukrain huet d’NATO misse reagéieren an huet esou 2014 um Sommet zu Wales an 2016 um Sommet vu Warschau déi noutwenneg Mesure getraff, fir d’Sécherheet vun den Alliéierten ze garantéieren.
De Generol Alain Duschène, Chef vum Generalstab vun der Lëtzebuerger Arméi, begréisst d’Membere vum Contingent eFP 03.
© EMA
Zu Warschau huet d’NATO sech engagéiert fir eng multinational Presenz op der Säit vun den Alliéierten ze sécheren. Dës Aktioun ass Deel vum Modell „Enhanced Forward Presence“, den Stationéierung vun enger multinationaler Batailloun an all balteschem Land (Estland, Lettland, Litauen) an a Polen virgesäit.
An dësem Kader huet sech de Grand-Duché am zweete Semester 2018 a Litauen agesat. Déi Lëtzebuerger Arméi war esou een Deel vun der multinationaler Batailloun, ënnert der Leedung vun Däitschland. Den Trupp vu 26 Lëtzebuerger Zaldoten ass am August 2018 wärend 4 Méint am Ausland gewiescht an ass vun enger belscher Compagnie begleet ginn.
Schonn 2017 hat d’Lëtzebuerger Arméi een Trupp, zoustänneg fir den Transport, fir eng Period vu sechs Méint am Ausland stationéiert.
Opmaacherbild: D’Membere vum Contingent eFP 03 © EMA